Calendar Modules

  • scell.lu
  • Finale Championnat Jeunes Filles & Fête Fin Saison 2023

Finale Championnat Jeunes Filles & Fête Fin Saison 2023

Finall Champion JEUNES FILLES & « Fête Fin Saison » SC ELL
Léif Memberen, Supporter a Frënn vum Sporting Club ELL, den 10. Juni 2023 ass eng méi lass …
Eis JEUNES FILLES spillen um 16:00 Auer d’Finall fir de Championstitel 2022/2023 zu Walfer an duerno, ab 19:00 Auer, ass eis traditionnel Ofschlossfeier « Fête Fin Saison » zu Nidderkolpech beim CHALET DES GUIDES (Blockhaus).
De Sporting Club ELL invitéiert Iech alleguer mat op Walfer ze fueren fir eis jonk Meedercher unzeféieren an duerno op d’Ofschlossfeier. De Bus ass bestallt a fir Owes ass och fir Iessen (Grill), Gedrénks a gudd Stëmmung gesuergt.

Aus organisatorischen Grënn musse mir wëssen wéivill Leit mam Bus mat op Walfer fueren an och wéivill Leit op d’Ofschlossfeier kommen, dofir mellt Iech bis spéitstens den 4. Juni 2023 beim Kim Müller op der Nummer 691 791 410 fir är Plazen am Bus ze reservéieren a fir Iech fir d’Ofschlossfeier unzemellen.

Weider wiere mir frou wann Dir eng Zalot oder Dessert géift matbréngen.
Sot heifir och dem Kim Müller bescheed. Villmools Merci !

 

P R O G R A M M


Part 1 - Finall JEUNES FILLES
Racing Luxembourg – SC ELL
um 16:00 Auer um synth. Terrain zu Walfer.
Mam Bus op Walfer. Heifir gi mir Iech rdv um 13:30 Auer bei der Schoul zu Ell wou Dir ären Auto op dem Parking vun der Gemeng oder vum Centre Camille Ney kënnt stoë lossen. De Retour ass geplangt géint 18:15-18:30 Auer.

Part 2 - Ofschlossfeier SC ELL
Ab 19:00 Auer starte mir mat der Ofschlossfeier beim CHALET zu Nidderkolpech an ab 19:30 Auer ass dann och de Grill prett an et geet bis ... (open End).
Kommt mat op Walfer an ënnerstëtzt eis Jeunes Filles a feiert duerno mat eis den Ofschloss vun der Saison. Mir verbréngen all zesummen ee gemittlechen Samsden an der Famill vum SC ELL.
De Comité vum SC ELL seet all senge Memberen, Supporter a Frënn villmools MERCI fir déi formidabel Ennerstëtzung.
Grënn fir ze féieren hu mir op alle Fall … eis Dames I an eis Jeunes Filles I goufen am Wanter Champion vum Halenchampionnat a villäischt kënnt nach eppes dobäi….

BRAVO!

(Texte en français en annexe en haut de page)

Retour