Calendar Modules

Fête Fin Saison 2022

De Sporting Club ELL invitéiert all seng Memberen, Supporter a Frënn op seng Ofschlossfeier "Fête Fin Saison" Sonndes, de 5. Juni 2022 zu Nidderkolpech beim CHALET DES GUIDES (Blockhaus).

Fir Iessen (Grill), Gedrénks a gudd Stëmmung ass gesuergt.

Aus organisatorischen Grënn musse mir wëssen wéivill Leit kommen, dofir mellt Iech beim Mandy Antony op der Nummer 621 385 327 oder per email mandy.antony@yahoo.com bis spéitstens den 30. Mee 2022 un.

Weider wiere mir frou wann Dir eng Zalot oder Dessert géift matbréngen. Sot heifir och dem Mandy Antony um 621 385 327 bescheed. Villmools Merci !

Programm:

Lass geet et um 11:30 Auer beim CHALET zu Nidderkolpech mam Apéritif!

Ab 13:00-13:30 Auer ass dann och de Grill prett an et geet bis ... (open End).

Kommt a feiert mat eis den Ofschloss vun der Saison. Mir verbréngen all zesummen ee gemittlechen Sonnden an der Famill vum SC ELL.

De Comité vum SC ELL seet all senge Memberen, Supporter a Frënn villmools MERCI fir déi formidabel Ennerstëtzung.

Ee Grond ze féieren hu mir op alle Fall, eis 2. Dammenequipe ass an d’Ligue 2 opgestiigen a villäischt kënnt nach eppes dobäi….

BRAVO!

Retour