Calendar Modules

Elloween-Bal (SOLD OUT)

Den ELLoween-Bal 2021 ass AUSVERKAFT! Et gëtt KENG Oweskeess!

Nodeems bal all eis Manifestatiounen, an domat och den Elloween-Bal, lescht Joer wéinst bekannten Emstänn leider hu missten ofgesot ginn, si mir vum SC ELL ëmsou méi frou iech matdeelen ze kënnen, dass den Elloween-Bal dëst Joer wéi gewinnt den 31. Oktober wäert statt fannen.

Mir wäerten dëst Joer just mat Virverkaf fueren an well d'Unzuel u Leit op 500 limitéiert ass, sinn d'Ticket'en och limitéiert.

Iwwert d'Facebook-Sait vum Sporting Club ELL hu mir de Virverkaf lancéiert wou jiddereen d'Chance haat Dënschdes, den 12. Oktober 2021 ab 08:00 Auer 2 Ticket'en op de Kapp ze réservéieren, mee schon no puer Stonnen war den Elloween-Bal 2021 komplett ausverkaft. Et ginn also keng Ticket'en méi an et gëtt och KENG Oweskeess.

Ze soen bleift dass et ënner dem Covid-Check wärt oflafen, an dass mir KENG Schnelltester op der Platz maachen, dat heescht entweder muss dir virweisen dass dir geimpft oder geheelt sid oder dir musst ee PCR-Test oder ee zertifiéierte Schnelltest virweisen.

Op ee flotten Elloween-Bal 2021.

----------

UPDATE 26/10/2021:

ELLOWEEN 2021

E Sonnden ass et souwäit, no engem Joer Paus ass dëst Joer rëm den ELLoween zu ELL am Centre Camille Ney. Hei sinn puer wichteg Informatiounen fir e Sonnden:

  • Maskeflicht bis een an der Entrée de Covid-Check gemaach huet
  • KENG Schnelltester op der Platz, dir musst also ee Certificat mat QR-Code virweisen (geimpft, genesen oder negativ getest (PCR-Test oder zertifiéierte Schnelltest))
  • Entrée a Sortie sinn getrennt (wann dir de Site verloosst as d’Sortie definitiv)
  • Keen Entrée ënner 16 Joer
  • Carte d’Identité an Ticket onbedéngt derbäi hunn
  • Start ass um 21h30
  • Hei nach eng Kéier d’Informatioun dass et KENG Oweskeess gëtt (de Bal aus AUSVERKAFT)

Déi Leit déi een Ticket beim Kim Müller reservéiert hunn an en nach net siche waren, kënnen deen e Samschden (30/10/2021) tëscht 10h00 an 12h00 op Ell an d’Buvette siche goen. Denkt drun d’Carte d’Identité mat ze huelen. Nëmmen déi Leit déi den Ticket och ugefrot hunn, kënnen den Ticket ofhuelen (ausser dir sot Bescheed dass een aner kënnt). 

De Sporting Club ELL wënscht iech ee flotten ELLoween 2021

Retour