Supporter Club

1993 hu sech e puer trei Memberen vum SC ELL d’Fro gestallt op et eng gutt Iddi wier e Supporterclub ze grënnen fir den SC ELL nach besser ënnerstëtzen ze kënnen. Natierlech war dëst  eng gutt  Iddi an esou gouf am Juli 1993 eng Grënnungsversammlung aberu. Dës Versammlung gouf, a wei hätt et och aneschters solle sinn, beim Margot gehalen. De Supporterclub „Allez Ell“ gouf gegrënnt an nee, d’Margot war net Presidentin. 

Den éischte  President vum Supporterclub war de Roger Schoujean, de fréiere President vum SC Ell. Hie gouf vu fréiere Comitésmemberen a fréiere Spiller vum SC Ell, awer och vun neie Leit aus dem Duerf, ënnerstëtzt. 

Den éischte Comité huet sech, niewent dem Roger Schoujean (President), aus dem Vic Crochet (Vize-President), dem Pier Schwalen (Sekretär), dem Jeannot Gasparet (Caissier), dem Felix Greisch (Member), dem René Wilwerding (Member) an dem Jängi Kemmer (Member) zesummegesat. 

Leider ass haut kee Grënnungsmember méi am Comité. De Pier Schwalen huet am Joer 2013, no 20 Joer Comité an dorënner 10 Joer als President, als leschte Grënnungsmember seng wuel verdéngt Pensioun ugetrueden. 

D’Haaptaufgab vum Supporterclub ass et r wärend de Matcher d’Buvette ze maachen, d’Spiller unzefeieren an den SC Ell, mat Hëllef vun de Recetten, nanziell z’ ënnerstëtzen. Zanter elo schonn 28 Joer suergt de Supporterclub wärend de Matcher vum SC Ell r d’Wuel vun de Supporter sou datt keen hongereg oder duuschtereg heem goe muss.

28 Joer ass eng laang Zäit wärend där sech vill entwéckelt huet. Deen éischte Match, wou de Supporterclub d’Buvette gemaach  huet, goufen d’Supporter aus engem nëmme 5m2 grousse Raum eraus zerwéiert. Haut geet dee Raum mol net méi duer r déi eidel Këschten dran ze stellen. An och deemools gouf dee Raum séier ze kleng. 

Am Joer 1997 hu  sech dor  e puer motivéiert Membere vum Supporterclub zesumme mat der Gemeng un d’Wierk gemaach r d’Buvette ze vergréisseren. An esou ass dann déi haut genannt „al Buvette“ entstanen. 

Wann een de Pier haut freet wat him aus senger Zäit am Supporterclub besonnesch an Erënnerung bliwwen ass dann äntwert hien direkt: „Dat war Saison 2004/2005“. An dëser spezieller Saison ass den SC Ell sensationell bis an Véierelsnall vun der Coupe de Luxembourg komm an um Enn vun der Saison r d’éischt Kéier an 1 Divisioun gestigen. Et war eng aussergewéinlech Saison mat ville Supporter an enger onmoosseger Euphorie am ganzen Duerf. De Pier ka sech nach ganz genee un de Match vun der Véierelsnall géint Cebra erënneren. Et waren iwwer 600 Supporter um Eller Terrain. D’Leit an der Buvette hate keng Zäit fir de Match ze kucken an hu keen ee Goal gesinn, well se wärend dem Match 4-mol Béier nokafe waren an de ganze Match mam Kapp am Frigo gestach hunn. Dës  Aventure vum SC Ell wäert  net nëmmen dem Pier nach gutt an Erënnerung sinn.

Am selwechte Joer, nämlech 2005, ass den SC Ell dann och ëm eng Equipe méi grouss ginn. Nieft den Häre koum dann och eng Dammenequipe derbäi. Et gouf ëmmer méi Aarbecht r de Supporterclub mee keen huet sech beschwéiert. Mat vill Freed huet de Supporterclub ëmmer säi Bescht gemaach  fir de Supporter all Match eppes ze drénken an z’ iessen unzebidden an den SC Ell, op Hären oder Damen, z’ ënnerstëtzen. 

2017 war dann och ee ganzt speziellt Joer fir de Supporterclub. Mat de  Vestiairen ass dann och eng nei Buvette op den Terrain zu Ell komm. De 17. Oktober 2017 gouf dësen neie Komplex ageweit an déi nei Buvette ass oziell opgaangen. Op deem Dag huet de Supporterclub derr gesuergt datt et deenen iwwer 400 Supporteren un näischt gefeelt huet. 

Op eemol gouf et zu Ell um Terrain 2 Buvetten. „Wat ee Luxus“ hu mir eis geduecht an hunn decidéiert einfach déi 2 Buvetten ze benotzen. Bei mëttlerweil 7 Equippen an iwwer 100 Matcher d’Joer um Eller Terrain géif jo och nëmmen eng Buvette guer net méi duergoen. Dor hu mir déi „al Buvette“ am Joer 2019 och komplett renovéiert r datt mir déi och nach vill Jore benotze kënnen. 

D’Membere vum Supporterclub freeë sech op déi nächst 50 Joer an deene mir den SC Ell mat vill Begeeschterung  a Motivatioun weider ënnerstëtze wäerten. Mir wäerten weiderhin eist Bescht ginn an och wa mol eng Kéier eppes net esou sollt klappen, eppes kënnen mir iech  verspriechen: De Béier wäert  äis an der Buvette ni ausgoen.

Heimat seet de Supporterclub dann och all senge Memberen an deene Leit Merci déi an deene leschten 28 Joer d’Buvette gemaach oder soss gehollef hunn an domat derr gesuergt hunn datt d’Supporter, och wann et da mol eng Kéier net sou e gudde Match war, op d’mannst vum Gedrénks an Iessen um Eller Terrain ni enttäuscht waren. 

 ---------------

Geschriwwe vum Chris Reckel an Zesummenaarbecht mam Grënnungsmember Pier Schwalen

fir de Comité vum Supporterclub „Allez Ell“

---------------

Kim Müller (Président), Chris Reckel (Caissier), Jean-Claude Kemmer (Secrétaire), Mandy Antony (Member), Tanja Gilson (Member) 

 


Aktuell Situatioun:

M. Kim Müller (Präsident)

GSM: 691 791 410

 

Buvette

Tél.: 23629901

Dernier match

Prochain match


DAMES I

Frëndschaftsmatch

Samschdes, de 15. August 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL    -    Fc Bitburg (D)

     


DAMES II

Frëndschaftsmatch

Donneschdes, den 20. August 2020 um 19:30 Auer zu ELL

   SC ELL   -   FC Atert Bissen

        


SENIORS I

Frëndschaftsmatch (Kiermes)

Sonndes, den 23. August 2020 um 15:30 Auer zu ELL

   SC ELL     -     FC Koerich

        


DAMES I

Frëndschaftsmatch (Kiermes)

Sonndes, den 23. August 2020 um 17:30 Auer zu ELL

   SC ELL   -   RUS Loyers (B)

       


DAMES I

Frëndschaftsmatch

Samschdes, den 29. August 2020 um 18:00 Auer zu ELL

   SC ELL   -   Fc Sporting Bertrange

            


SENIORS I

1. Championnatsmatch

Sonndes, den 30. August 2020 um 16:00 Auer zu Biekerech (Stade Maemerich)

Fc Beckerich   -   SC ELL

       


SENIORS I

2. Championnatsmatch

Sonndes, de 6. September 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Fc Pratzerthal-Redange

            


DAMES I

1. Championnatsmatch

Samschdes, den 12. September 2020 um 19:00 Auer zu ELL

    SC ELL    -    Fc Mamer 32

      


DAMES II

1. Championnatsmatch

Samschdes, den 12. September 2020 um 19:00 Auer zu Dikrech (Parc des Sports, synth.)

YB Diekirch II   -   SC ELL

       


SENIORS I

3. Championnatsmatch

Sonndes, den 13. September 2020 um 16:00 Auer zu Eschduerf (Stade um Quatre-Vents)

Racing Heid.-Eschdorf  -  SC ELL

                       


DAMES I

2. Championnatsmatch

Samschdes, den 19. September 2020 um 19:00 Auer zu Wuermer (Am Ga, synth.)

Ent. Wormeldange   -   SC ELL

                


DAMES II

2. Championnatsmatch

Samschdes, den 19. September 2020 um 19:00 Auer zu ELL

    SC ELL  -  Red Star Merl-Belair

      


SENIORS I

4. Championnatsmatch

Sonndes, den 20. September 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  US Rambrouch

      


DAMES I

3. Championnatsmatch

Samschdes, de 26. September 2020 um 19:00 Auer zu ELL

    SC ELL   -   Ent. Rosport/USBC I

           


DAMES II

3. Championnatsmatch

Samschdes, de 26. September 2020 um 19:00 Auer zu Bissen (ZAC Klengbousbierg 2, synth.)

Fc Atert Bissen  -  SC ELL

          


SENIORS I

5. Championnatsmatch

Sonndes, de 27. September 2020 um 16:00 Auer zu Colmer-Bierg (Stade Grand Duc Henri)

AS Colmar-Berg  -  SC ELL

           


DAMES I

4. Championnatsmatch

Samschdes, den 3. Oktober 2020 um 19:00 Auer an der Stad (Stade Boy Konen)

Ent. Itzig/CeBra I  -  SC ELL

           


DAMES II

4. Championnatsmatch

Samschdes, den 3. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Ent. USBC/Rosport II

        


SENIORS I

6. Championnatsmatch

Sonndes, de 4. Oktober 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL   -   US Reisdorf

      


SENIORS I

7. Championnatsmatch

Sonndes, den 11. Oktober 2020 um 16:00 Auer zu Wëntger (Stade Henri Lamborelle)

AS Wincrange  -  SC ELL

       


DAMES I

5. Championnatsmatch

Mëttwochs, de 14. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

    SC ELL    -    Sporting Bertrange

            


DAMES II

5. Championnatsmatch

Mëttwochs, de 14. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu Rëmeléng (synth.)

US Rumelange  -  SC ELL

      


DAMES I

6. Championnatsmatch

Samschdes, de 17. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu Nidderkuer (Terrain 2, synth.)

Progrès Niederkorn  -  SC ELL

                   


DAMES II

6. Championnatsmatch

Samschdes, de 17. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Fc Sporting Mertzig

        


DAMES I

7. Championnatsmatch

Samschdes, de 24. Oktober 2020 um 19:00 Auer an der Stad (Stade Camille Polfer)

RFCU Luxembourg  -  SC ELL

                  


DAMES II

7. Championnatsmatch

Samschdes, de 24. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL    -    Fc Wiltz 71

   


SENIORS I

8. Championnatsmatch

Sonndes, de 25. Oktober 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Orania Vianden

     


DAMES I

8. Championnatsmatch

Freides, den 30. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL   -   Fc Swift Hesperange

           


SENIORS I

9. Championnatsmatch

Samschdes, den 31. Oktober 2020 um 18:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Fc Jeunesse Gilsdorf

          


DAMES I

9. Championnatsmatch

Samschdes, de 7. November 2020 um 19:00 Auer zu Betebuerg (Stade Municipal, synth.)

SC Bettembourg   -   SC ELL

             


DAMES II

8. Championnatsmatch

Samschdes, de 7. November 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  CS Fola Esch II

    


SENIORS I

10. Championnatsmatch

Sonndes, den 8. November 2020 um 16:00 Auer zu Pärel (Terrain Centre Culturel)

Les Ardoisiers Perlé  -  SC ELL

                   


DAMES I

10. Championnatsmatch

Samschdes, de 14. November 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL    -    CS Fola Esch I

       


DAMES II

9. Championnatsmatch

Samschdes, de 14. November 2020 um 16:30 Auer zu ELL

   SC ELL    -    YB Diekirch II

     


SENIORS I

11. Championnatsmatch

Sonndes, de 15. November 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL   -   US Folschette

      


DAMES I

11. Championnatsmatch

Samschdes, den 21. November 2020 um 19:00 Auer zu Dikrech (Parc des Sports, synth.)

YB Diekirch I   -   SC ELL

      


DAMES II

10. Championnatsmatch

Samschdes, den 21. November 2020 um 19:00 Auer an der Stad (Stade Josy Barthel II, synth.)

Red Star Merl-Belair  -  SC ELL

                


SENIORS I

12. Championnatsmatch

Sonndes, den 22. November 2020 um 16:00 Auer zu Méchela (Terrain in der Ae)

CS Bourscheid  -  SC ELL

        


DAMES I

12. Championnatsmatch

Samschdes, den 28. November 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Jeunesse Junglinster

             


DAMES II

11. Championnatsmatch

Samschdes, den 28. November 2020 um 16:30 Auer zu ELL

   SC ELL    -    Fc Atert Bissen

        


SENIORS I

13. Championnatsmatch

Sonndes, den 29. November 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  GB Harlange-Tarchamps

           


DAMES I

13. Championnatsmatch

Samschdes, de 5. Dezember 2020 um 19:00 Auer zu Wëntger (Stade Henri Lamborelle)

AS Wincrange   -   SC ELL

        


DAMES II

12. Championnatsmatch

Samschdes, de 5. Dezember 2020 um 19:00 Auer zu Bäerdref (Terrain Maartbësch)

Ent. USBC/Rosport II  -  SC ELL

                  


Août 2020
DLMaMeJVS
1
2345678
9101112131415
16171819202122
23242526272829
3031

Voir le planning