SC Ell News

  • scell.lu
  • Programm vum 13. - 14.01.2024

Programm vum 13. - 14.01.2024

par Philippe Jaaques

Bis offiziell Championnatsmatcher gespillt ginn, dauert et nach bessen. Allerdings sinn de Weekend souwuel eis Dammen, wéi och eis Jeunes Filles an eis Fillettes am Indoor an der Hal am Asaz.

 

Samschdes, den 13. Januar 2024 :

E Samschden de Moien spillen eis Fillettes am 1.Tour vum Indoor Fillettes an der Grupp C zu Dikrech géint d'Ekippen Ent. Wormeldange/Munsbach/CSG, Tricolore Gasperich, Young Boys Diekirch, Red Star Merl-Belair an FC Blo-Wäiss Izeg. Et ass déi éischte Kéier dass och d'Fillettes Indoor spillen.

Hei ass d'Iwwersiicht vun de Matcher:

09h00: Young Boys Diekirch - SC ELL

10h00: SC ELL - Ent. Wormeldange/Munsbach/CSG

10h45: SC ELL - FC Blo-Wäiss Izeg

11h30: Tricolore Gasperich - SC ELL

12h15: SC ELL - Red Star Merl-Belair

Alleguer d'Informatiounen fannt dir HEI.

 

Sonndes, de 14. Januar 2024 :

E Sonnden de Moien spillen eis Jeunes Filles am 1.Tour vum Indoor Jeunes Filles an der Grupp C zu Bissen géint d'Ekippen AS Wincrange, Atert Bissen, Ent. Hosingen/Norden, SC Bettembourg an UN Kaerjeng 97. Eis Meedercher ginn als Titelverteideger an des Campagne vum Indoor Jeunes Filles.

Hei sinn d'Matcher an der Iwwersiicht:

09h15: Ent. Hosingen/Norden - SC ELL

10h15: SC ELL - UN Kaerjeng 97

10h45: Atert Bissen - SC ELL

11h15: SC ELL - AS Wincrange

12h30: SC ELL - SC Bettembourg

Alleguer d'Informatiounen fannt dir HEI.

E Sonnden de Mëtten spillen dann eis Dammen. Hei ass et schon den 2.Tour. An der Grupp B spillen si um Bridel géint d'Ekippen Young Boys Diekirch, Ent. Region Moselle, FC Mamer 32 an Orania Vianden. Och eis Dammen sinn als Titelverteideger an des Campagne vum Indoor Dames gestart.

Hei sinn d'Matcher an der Iwwersiicht:

14h40: FC Mamer 32 - SC ELL

15h20: Young Boys Diekirch - SC ELL

16h00: SC ELL - Ent. Région Moselle

16h40: SC ELL - Orania Vianden

Alleguer d'Informatiounen fannt dir HEI.

Bonne Chance un all eis Ekippen.

Retour