SC Ell News

  • scell.lu
  • D1: Spillplang vun der 1.Divisioun 2022/2023

D1: Spillplang vun der 1.Divisioun 2022/2023

par Philippe Jaaques

Haut um Mëttwoch, 17 August 2022, huet d'FLF de Spillplang vun den Divisiounen bekannt ginn. Wéi och déi Joere virdrun spillen eis Dames 1 an der Saison 2022/2023 an der 1.Division.

Den éischte Championnatsmatch vun der neier Saison spillen eis Meedercher Samschdes, de 17 September 2022 doheem géint d'Entente Wëntger/Wolz. Den éischten Auswiertsmatch ass eng Woch drop, Samschdes de 24 September 2022 zu Izeg géint den FC Blo-Wäiss Izeg. De leschte Match vun der Hironn ass Samschdes de 26 November zu Dikrech géint d'Young Boys Dikrech I. D'Réckronn starten eis Meedercher de 4 März 2023 mat engem Heemmatch géint Izeg. De leschte Championnatsmatch vun der Saison ass den 20 Mee 2023 zu Wëntger géint d'Entente Wëntger/Wolz.

Des Saison spillen eis Meedercher géint folgend Ekippen:

Racing FC Union Luxembourg I, FC Mamer 32 I, Jeunesse Junglinster, Ent. Wormeldange/Munsbach/CSG I, SC Bettembourg I, FC Blo-Wäiss Izeg, Young Boys Diekirch I, Ent. Wincrange/WIltz, Union Mertert-Wasserbillig, Ent. Differdange/Luna, FC Red Black Egalité 07 Pfaffenthal-Weimerskirch

D'Matcher sinn an eisem Kalenner agedro, deen dir lo op den Handy oder Tablet rofluede kënnt.

Retour