News
US Boevange - FC Bissen 1 - 2

um 18:00 Auer
FC Brouch - SC ELL 0 - 3

D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Joé Frisch
1x Xavier Gena
1x Paul Wilwerding
SC ELL - SC Vance 17 - 0

Eis Dammen gewannen héich mat 17-0 géint Vance. Eis Meedercher hunn déi éischt 22 Minutten super gespillt an Vance haat wierklich näischt ze gudd. Mir hunn de Ball séier a gudd laafen gelo,s meechtens just 2 bis 3 Ballkontakter, an luchen no 20 Minutten mat 7-0 wier. Wéinst dem waarme Wierder gouf ët an all Halschent eng Drénkpaus. No der éischter Drénkpaus war de Rythmus schon manner héich an trotzdem hunn eis Meedercher nach weider 5 Goaler zum 12-0 geschoss. Déi 2. Halschent war bessi Kiermes a Vance haat keng Loscht méi, waat och ze verstoën ass.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
7x Sarah Cardinali
4x Manon Muller
2x Logane Wegnez
2x Virginie Godefroid
1x Patrice Braun
1x Joyce Zinelli
E Petite Suisse - SC ELL 2 - 10

Eis Dammen gewannen de Frëndschaftsmatch mat 10-2 géint d'Entente Petite Suisse (Opsteiger an déi 2. Liga). Eis Meedercher hunn de Match wuel dominéiert mee duerch vill Feelpäss koum kee Spillfloss dran an de Géigener konnt mat séierem Konter puermol virun eisem Goal optauchen. Et waren awer och ganz gudd Aktiounen derbei an sou konnte mir och Goaler machen. Virunallem déi lescht 20 Minutten war ganz stark.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Manon Muller
1x Patrice Braun
4x Sarah Cardinali
2x Virginie Godefroid
1x Joyce Zinelli
1x Logane Wegnez
RUS Ethe/Belmont - SC ELL 2 - 10

Eis Dammmen gewannen hiren Frëndschaftsmatch mat 10-2 zu Ethe. Fir den éischte Match war dëst schon guer nët mol sou schlecht. Eis Dammen luchen zwar no 8 Minutten mat 1-0 hannen, mee duerno ass ët gudd gelaf. An der Halschent stung ët 6-1 fir Ell. An der 2. Halschent hunn eis Meedercher de Match och dominéiert och wann nët méi sou vill Goalchancen erausgespillt goufen. Ganz erfreelich ass, dass 'Manon Muller mol nees 90 Minutten op engem Terrain stung no sénger schwéierer Verletzung. Schued, dass d'Logane Wegnez eis demnächst verléisst fir sengem Studium an Kanada nozegoën. Ët hunn nach eng ganz Partie Leit gefeelt a sëcherlich ginn nach vill Positiounen am Moment rotéiert an ausprobéiert. Ethe sinn och nët déi schlechsten Equipe (1iere Provinciale 3 Plaz) an sou kann ee ganz zefridden sinn mat dem éischten Match.
D'Goaler fir Ell hu geschoss:
2x Sarah Cardinali
3x Logane Wegnez
2x Mara Ventura
2x Emma Thill
1x Manon Muller
US Feulen - SC ELL 6 - 3

Eis 1. Equipe verléiert de Frëndschaftsmatch géint Feelen mat 6-3. Déi 1. Halschent war katastrophal vun eiser Equipe, keen Engagement, kee Wëllen, keng richt Pass. Sou huet Feelen kloer dominéiert an sech eng Goalchance no der aner erausgespillt. Just eisem Goalkeep hu mir ët ze verdanken, dass ët an der Halschent just 3-0 fir Feelen stung.
Déi 2. Halschent huet Feelen 11 mol gewiesselt an ët war éischten eng 2. Equipe vun hinnen um Terrain . Eis Equipe huet sech bessi gerappt an ass dunn och an de Match kommen. Géint déi zweet Gard vu Feelen waren mir iwerleen a konnten nees 3-3 erun kommen. Duerno hunn mir awer nët méi disziplinéiert gespillt, Plaazen nët gehal an sou kruten mir zum Schluss nacheemol 3 Goaler geschoss. Ët bleiwt nach vill, vill Aarbecht.
D'Goaler fir den SC ELL hu geschoss:
1x Paul Wilwerding
1x Max Berg
1x Selbstgoal
Groussen Dammenfussball zu Lëtzebuerg! Mat der Affiche 1.FFC Frankfurt, den Champions League Gewënner vun der Saison 2014/2015 géint de Bundesligist SC Freiburg.
Dëse Match gëtt Samsdes, den 15.August um 16:00 Auer zu Woltz am Stade Géitz gespillt.
D'Entrée ass 10€. Den SC ELL huet Tickeen am Verkaaf.
Meld Iech um Telefon 621 141406 oder iwer email fir een Ticket ze reservéieren.

Seniors
Donnëschdes, den 23. Juli 2015 um 19:30 Auer
FC Koerich - SC ELL 3 - 1

De Goal fir ELL huet geschoss:
1x Pol Smit
Freides, den 24. Juli 2015 um 19:30 Auer
Alliance Äischdall - ES Schouweiler 2 - 1

Sonndes, den 26. Juli 2015
Consolation um 16:00 Auer
SC ELL - ES Schouweiler 2 - 3

D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Max Berg
1x Paul Wilwerding
Final um 18:00 Auer
FC Koerich/Simmer - Alliance Äischdall 1 - 3


Le Sporting Club remercie YourSolution
Le Sporting Club ELL avait invité en date du 1 juillet 2015 la société YourSolution à une réception au Centre Camille Ney à ELL pour leur remercier de la mise à disposition des vêtements de sports dont un jeu d'uniforme et 80 K-ways.
Le président du SCELL, C. Godelet a bien souligné l'importance du support des sociétés pour combler le financement des activités footballistiques et a adressé un grand merci aux quatre représentants de la société généreuse.
La société YourSolution localisée à 6C, am Clemensbongert, L-9158 Heiderscheid offre ses services au niveau du graphisme, printing, la personnalisation des textiles loisirs et sports et l´organisation d´événements. Dans un proche avenir la société va s'installer à Wiltz.
Le SCELL et les membres de la société YourSolution Michael Schenk, Sally & Sheila Arendt et Dan Strecker.
Le Sporting Club ELL remercie YourSolution
