News
SC ELL - AS Hosingen 3 - 3

An éischte Frëndschaftsmatch vun der neier Saison spillen d'Jeunes Filles 3-3 gläich mat Housen. Eis jonk Meedercher mussen nees bessi d'Linn fannen, mee daat waert nach kommen. Housen huet wierklich gudd gespillt a virunallem déi 2. Halschent waren sie déi besser Equipe.
D'Goaler fir den Atertdaul hu geschoss:
1x Sandy Hoekstra
1x Vania Nogueira
1x Kate Thill
SC ELL - FC Bissen 9 - 0

Eis Dammen gewannen mat 9-0 géint Bissen. Mir hunn dëse Match mat enger mixte-Equipe gespillt wou a waren soumat stark besat. Bei eise Meedercher huet een Schnelligkeet am Spill vermësst wou een awer muss soën, dass Bissen defensiv gudd dergéint gehal huet.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
6x Manon Muller
1x Mara Ventura
1x Fabienne Kartheiser
1x Joyce Zinelli
SC ELL - YB Weiler 2 - 2

Eis 2. Equipe hëllt den éischte Punkt an der neier Saison an trennt sech mat engem 2-2 géint Weiler. Eis Jongen konnten no engem schéinen Ugrëff no 29. Minutten mat 1-0 a Féierung goën duerch den Dave De Bruyn. Weiler konnt nach virun der Paus duerch een Eelëfter zum 1-1 ausgläichen. An der 2. Halschent huet Weiler an der 55. Minutt den 1-2 geschoss. Séier konnte mir awer nees ausgläichen per Eelëfmerter. Dësen gouf vum Chris Reckel an der 58. Minutt verwandelt. Duerno haate bäid Equipe nach hier Chancen, mee de Match ass mat engem gerechten 2-2 ausgaang. Ët war ee wierklich flotte Match mat ganz vill guddem Fussball dran.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Dave De Bruyn
1x Chris Reckel
SC Steinfort - SC ELL 1 - 0

US Sandweiler - SC ELL 2 - 1

Eis 2. Equipe huet mam Championnat ugefaang a verléiert onglécklich mat 2-1. Mir konnten duerch den Chris Reckel mat 1-0 a Féierung goën. Nom séieren Ausgläich konnt Sandweiler den 2-1 eréicht an der 92. Minutt schéissen.
De Goal fir ELL huet geschoss:
1x Chris Reckel
SC ELL - FC Bercheux (B) 6 - 0

Eis Dammen gewannen den Testmatch géint Bercheux mat 6-0. De Match gouf um synth. Terrain zu Nothomb gespillt wëll zu Ell Waasser drop stung. Eis Dammen waren kloer iwerleen an hätten nach vill méi héich kéinten gewannen.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
2x Isabelle Kruchten
2x Lisa Wallendorf
1x Manon Muller
1x Samiah Poiré
E Äischdall H-E - SC ELL 1 - 5


Eng Mixte Equipe vun eisen Dammen gewannen mat 5-1 géint d'Entente Hobscheid-Eischen. Et war kee super Match an dëse gouf vun engem fragwürdigen Arbitter geleet deen ganz komisch Decisiounen gehol huet, soss wär de Score vill méi héich gewiecht.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
3x Virginie Godefroid
1x Patricia Braun
1x Isabelle Kruchten
SC ELL - FC Gasperich 6 - 2

Eis 1. Equipe kann sech mat 6-2 géint Gasperich duerchsetzen. Séier, no 5 Minutten, konnte mir duerch een Elëfter mat 1-0 duerch de Paul Wilwerding a Féierung goën. Weider war den SC ELL kloer iwerleen a konnt sech eng Goalchance no der aner erausspillen. No 20 Minutten stung ët 3-0 fir Ell duerch 2 Goaler vum Xavier Gena. Duerno huet och den Joé Frisch markéiert zum 4-0. Mat engem 4-1 Virsprong ass ët dunn an d'Paus gaang. Déi 2. Halschent war de Rythmus bessi raus an mir hunn och nët méi sou gudd gespillt. Schlussendlich gewannen mir mat 6-2 duerch weider 2 Goaler vum Joé Frisch.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Paul Wilwerding
2x Xavier Gena
3x Joé Frisch
