News
Article wort.lu Dames - 2ieme journée:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
SC ELL - Minerva Lintgen 1 - 0

Eis Dames I gewannen mat 1-0 géint Lëntgen. Lëntgen huet defensiv nët vill zougelos dofir haaten sie awer offensiv just eng Goalchance. Am Ufank vum Match hunn eis Dammen ee gudde Rythmus virginn an konnten gudd no vir spillen ouni awer konkret Goalchancen ze hunn. Mir stungen defensiv gudd an konnten eis virun der Paus nach 2 Goalchancen erausspillen déi mir awer leider verpasst hunn.
An der 2. Halschent haat mir den 1-0 do léien, mee de Ball geet lanscht de Goal. Duerno haat Lëntgen seng zwou Goalchance, eng 100%, déi eise Goalkeep, d'Tania Kartheiser zweemol paréiert huet an den drëtten Noschoss iwert de Goal geet. Duerno huet d'Marylène Weis nach dem Stiirmer vun Lëntgen de Ball ofgelaf. No engem super Fräistous huet de Goalkeep vun Lëntgen super geklärt éier mir ee Corner konnten verwandelen. Ee scharfe Ball vum Sarah Cardinali gett um 2. Poto direkt eran an ët stung no 65 Minutten 1-0 fir ELL. 10 Minutten virun Schluss haate mir de Ball do leien fir alles kloer ze machen, mee d'Mara Boly war iwerascht a schéisst aus kuerzer Distanz driwwer. Schlussendlich gewannen eis Meedercher awer verdingt, wëll mir méi am Offensivspill haaten.
De Goal fir ELL huet geschoss:
1x Sarah Cardinali
YB Diekrich II - SC ELL 1 - 3

Eis Dames II gewënnt mat 3-1 géint Dames II vun Dikkrech. Eis Meedercher hunn gudd ugefaang a konnten duerch d'Nora Goergen mat 1-0 a Féierung goën. Duerno haate mir nach weider Chancen déi mir nët ragemeet hunn. Kuerz virun der Halschent si mir dofir bestroft ginn an Dikkrech huet ausgeglach. Déi 2. Halschent war eise Meedercher iwerleen, just um Goalofschloss huet ët gehappert. An der 71. Minutt konnt dunn d'Nora Goergen zum 2-1 fir ELL eranschéissen. Mam 3-1 an der 75. Minutt duerch d'Kim Junglbluth war de Match och dunn entscheed. Eis Meedecher gewannen verdingt, mee déi nächst Matcher musse mir eis Goalchancen besser notzen.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
2x Nora Goergen
1x Kim Jungbluth
US Berdorf-Consdorf - SC ELL 3 - 0

Eis 2. Equipe veréiert mat 3-0 géint Berdorf-Consdorf. An engem schwache Match vun bäid Equipen haat USBC déi besser Goalchancen. An der Halschent luchen eis Jongen mat 1-0 hannen. No der Halschent haate mir eis eenzeg gudd Goalchance, mee mir konnten leider nët ausgläichen. Duerno huet USBC den 2-0 geschoss an 10 Minutten virun Schluss den 3-0 op Eelëfmeter.
YB Diekirch - SC ELL 0 - 9

Eis Damen gewannen mat 9-0 zu Dikkrech. Eis Meedercher luchen séier, no 6 Minutten, mat 1-0 vir duerch ee Goal vum Patrice Braun a konnten an der 20. Minutt op 2-0 erhéijen duerch d'Virginie Godefroid. An enger schwacher éischter Halschent huet een nët vill schéin Opbauaktiounen gesinn. Mir haaten nach eng Rei aner Goalchancen déi mir nët genotzt hunn.
An der 2. Halschent konnten eis Dammen direkt alles kloer machen a schéissen den 3-0 an der 48. Spillminutt duerch d'Mara Ventura an direkt duerno den 4-0 an der 50. Spillminutt duerch d'Virginie Godefroid. Déi 2. Halschent huet eis Equipe sech fussballerisch gesteigert a konnt daat an Goalchancen, respektiv Goaler ëmwandelen. De 5-0 vum Sarah Cardinali ass dunn an der 67. Minutt gefall. An der leschter Véirelstonn si mir mat schéinen Kombinatiounen ëmmerëm virum Goal vun Dikkrech opgetaucht an d'Virginie Godefroid huet nach 4x getraf. Ët ass secherlich nach Potential no uewen do, mee déi 2. Halschent war schon ee Stéck besser.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
6x Virginie Godefroid
1x Patrice Braun
1x Mara Ventura
1x Sarah Cardinali
SC ELL - FC Koerich/Simmern 2 - 2

Article wort.lu Dames - 1iere journée:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
SC ELL - FC Kopstal 7 - 2
Eis 1. Equipe gewënnt mat 7-2 géint Koplescht a steet soumat am 2. Tour vun der Coupe de Luxembourg. Eis Männer hu schwach ugefaang an Koplescht konnt no 5 Minutten duerch een ofgefälschtgen Fräistouss mat 1-0 a Féierung goën. Duerno haate mir wuel zweemol Geleenheet fir auszegläichen, mee de Joé Frisch an de Paul Wilwerding konnten hier Chancen nët notzen. No enger weideren Ugrëff ass dunn och nach den 2-0 fir Koplëscht an der 18. Spillminutt gefall. Duerno ass awer séier eng Reaktioun komm a mir hunn eis Goalchancen erausgespillt. No engem Feeler um Guillaume Lecompte am Strofraum huet den Paul Wilwerding per Eelëfmeter op 1-2 verkierzt. Nach virun der Halschent konnten mir Gott sei Dank nach den 2-2 schéissen no enger schéiner Pass vum Guillaume Lecomte op de Joé Frisch.
An der 55. Minutt war de Match dunn gedréint no engem Goal vum Mich Lopes. Nëmmen 2 Minutten duerno krut den Cédric Zinelli allerdings eng roud Kaart an mir hu missen zu 10 weiderspillen. Mir waren duerno trotzdem iwerleeën an de Joel Maia schéisst den 4-2 an der 67. Minutt. De Match war gelaf a Koplecht huet sech och weider nët méi vill gewiert sou dass mir an der 82., 85. an 87. Minutt nach weider 3 Goaler duerch den Joé Frisch, Joel Maia an Guillaume Lecomte konnten schéissen. D'Leechtung war sëcherlich nët berauschend an ët gëllt elo am Championnat eng Schëpp drop ze leen an ze punkten.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
2x Joé Frisch
2x Joel Maia
1x Paul Wilwerding
1x Mich Lopes
1x Guillaume Lecomte
