News
Progrès Niederkorn - SC ELL 1 - 2

Eis Dames I gewënnt mat 2-1 zu Niddkuer. No enger gudde Minutt konnten mir no engem Corner mat 1-0 a Féierung goën. D'Patrice Braun käppt dem Sarah Cardinali säin Corner ran. Mir waren gudd am Match an haaten an den éischten 20 Minutten nach 2 gudd Fräistéiss wou mir nët genuch draus gemeet hunn an eng 100% Goalchance. Duerno ass Nidderkuer ëmmer méi stark ginn an war geféierlich. An der 31. Minutt konnten sie ausgläichen duerch eng schéin Aktioun. Kuerz virun der Paus huet dunn eise Goalkeep, d'Tania Kartheiser, eng 100% Chance vun Nidderkuer paréiert.
An der 2. Halschent war de Match méi op an méi séier. Bäid Equipen hu missen vill Laafaarbecht verrichten. Schon relativ fréi hu mir missen de Goalkeep wieselen wëll d'Tania sech bei senger Parade wéi gedo huet. D'Samiah Poiré war awer dirket am Match an huet super matgespillt. Nidderkuer haat kuerz hannereen zwou riesëg Goalchancen mee konnten dëss nët notzen. Duerno waren ët eis Meedercher déi zwou super Goalchancen nët konnten notzen. An der 86. Minutt konnt d'Patrice Braun de Ball weider op d'Sarah Cardinali leeden daat sech déi Chance nët huelen léisst an proper zum 1-2 eranschéisst. Bäid Equipen haaten Chancen fir de Match ze gewannen an dem Spillverlaaf no wier ee Gläichspill gerecht gewiecht, mee mir hunn leeferisch méi investéiert an sinn belount ginn.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Patrice Braun
1x Sarah Cardinali
SC ELL - US Rumelange 3 - 2

Eis Dames II gewannen mat 3-2 géint Remeléng. Dëse Score stung schon an der Halschent fest. Mir hunn de Match gudd ugefaang, mee Remeléng konnt mat 1-0 a Féierung goën. Duerno konnten eis Meedercher ausgläichen duerch d'Kim Jungbluth. Weider waren mir déi besser Equipe, mee op e neits konnt Remeléng a Féierung goën. No engem Goalschoss vum Kim Jungbluth konnt de Goalkeep de Ball nët festhaalen an d'Nora Goergen huet zum 2-2 erangeschoss. Kuerz virun der Halschent konnte mir dunn 3-2 a Féierung goën duerch d'Yulisa Schloesser. Déi 2. Halschent hunn mir gudd gespillt a gekämpft a konnten eisen Virsprong verteidigen a gewannen de Match.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Kim Jungbluth
1x Nora Goergen
1x Yulisa Schloesser
SC ELL - US Hostert II 2 - 2

Eis 2. Equipe spillt trennt sech mat engem Gläichspill géint Hostert. Eis Jongen luchen no 2 Minutten mat 1-0 hannen. Hostert war déi éischt Halschent déi besser Equipe an eise Goalkeep, den Mike Meyers, huet eis laang am Match gehal. Déi 2. Halschent ass dunn trotzdem an der 51. Minutt den 0-2 gefall mee mir konnten nëmmen 2 Minutten duerno direkt nees op 1-2 verkierzen duerch den David Brickler. Vun elo un war mir och méi präsent um Terrain an och déi besser Equipe. An der 62. Minutt konnte mir no engem Corner duerch den Ben Crochet ausgläichen. Duerno war ët ee gudde Match mee keng Equipe konnt ee weidere Goal schéissen. Den 2-2 geet an d'Rei, virunallem wann een 2-0 hannen luch.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x David Brickler
1x Ben Crochet
Article wort.lu Seniors - 3ième journée:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
SC ELL - FC Pratz./Redange 3 - 0

Eis Männer gewannen den Derby mat 3-0 a klammen weider an der Tabelle op déi 6. Plaz. Eis Equipe huet direkt mat 100 ugefaang an den FCPR guer nët an de Match kommen gelos. Och wann eis Noperen déi éischt Chance am Match haaten, war ët awer och gläichzäitig déi eenzeg an der 1. Halschent. Duerno war just Ell um spillen an daat mat guddem Fussball an engem héijen Rythmus. No engem Corner konnten mir dunn och no 8 Minutten duerch den Thierry Kemmer a Féierung goën. Weider hu mir kloer dominéiert an haaten gudd Aktiounen no vir. An der 30. Minutt konnte mir eis Féierung op 2-0 ausbauen duerch ee Goal vum Joé Frisch.
An der 2. Halschent hu mir déi éischt 10 Minutten bessi gepennt an den FCPR haat 2-3 mol d'Geleenheet fir den Uschlossgoal, mee eisen exzellenten Goalkeep, den Pol May, war nët ze bezwéngen. Duerno hu mir nees eis Linn fonnt an de Match war relativ ausgeglach. Goalchancne op bäide Seiten woubäi mir déi besser haaten fir de Match ze entscheeden. Mam 3-0 eng gudd Véirelstonn virun Schluss duerch den Joé Frisch war de Match dunn endgültig entscheed an ELL gewënnt héich verdingt mat enger super Leechtung géint den FCPR.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
2x Joé Frisch
1x Thierry Kemmer
Article wort.lu Seniors - 3ième journée:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
FC Harel/Tarchamps - SC ELL 0 - 2

Eis 1. Equipe hëllt hier éischt Punkten mat engem 2-0 Erfollëg géint Harel/Tarchamps. Eis Männer hunn direkt gudd ugefang an haaten an den éischte 5 Minutten zwou gudd Goalchancen. Duerno hätte mir och een Eelëfter missen kréien, mee den Arbitter huet d'Situatioun anescht gesinn. Chance haate mir no engem Ofwierfeeler wou fir d'éischt eise Goalkeep, den Pol May, de Ball deviéiert an den Joel Maia in extremis op der Linn rett. An der 28. Minutt konnte mir awer a Féierung goën. De Joé Frisch setzt sech op der Säit duerch an schéisst den 1-0 fir ELL. Weider haate mir nach eng Goalchance virun der Halschent wou de Joé Frisch op de Paul Wilwerding zeréck leet, mee säin Schoss war ze lues an ee Verteidiger vun Harel huet de Ball nach op der Linn geklärt. Duerno haat Harel eng Konteraktioun an de Stiirmer konnt alleng op de Goal laafen, mee de Pol May huet dem Spiller ët schwéier gemeet an dësen schéisst lanscht de Goal an sou ass ët mat der 1-0 Féierung an d'Paus gaang.
Déi 2. Halschent hu mir de Match dominéiert an de Ball gudd laafen gelos. Mir haaten gudd Offensivaktiounen wou mir mol de falsche Choix gehol hunn oder déi lescht Pass nët ukomm ass. An der 55. Minutt konnt mir eis Féierung op 2-0 ausbauen. No engem schéinen Spillzoch huet de Paul Wilwerding zum 2-0 erangeschoss. No dëse Féierung hunn mir eis awer zevill passiv verhal an méi un d'Verteidigen geduecht an de Ball nët méi gudd laafen gelos an Harel ass nees besser an de Match komm. Sie haaten puer Goalchancen déi sie awer nët konnten notzen. Déi lescht 10 Minutten haate mir och d'Méiglechkeet zum 3-0 mee mir hunn déi Aktiounen schlecht ausgespillt. Ët ass awer weider näischt méi geschitt an mir gewannen verdingt géint Harel.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Joé Frisch
1x Paul Wilwerding
E Wormeldange - E Atertdaul I 1 - 2

Eis Jeunes Filles I gewannen mat 2-1 géint Wuermer nodeems mir no 5 Minutten mat 1-0 hannenluchen. Kuerz virun der Paus a kuerz virun Schluss konnt d'Kate Thill de Ball zweemol eranschéissen. Mir waren déi besser Equipe, mee konnten de Ball nët eranschéissen.
CS Fola - E Atertdaul II 7 - 1

Eis Jeunes Filles II, mat villen neien Meedercher déi eréischt ugefaang hunn, verléieren mat 7-1 op der Fola. De Goal huet d'Lora Berschet geschoss.
