News
E Itzig/Canach II - SC ELL 2 - 1


Eis Dames II verléiert mat 2-1 zu Itzig. Nodeems mir séier duerch een Eelëfmeter mat 1-0 hannen waren konnten eis Meedercher och duerch d'Kim Vosman per Eelëfter nach virun der Paus ausgläichen. Kuerz no der Paus kruten mir den 2-1 geschoss. Duerno waren an eiser Equipe puer Meedercher bessi onkonzentréiert a mir konnten kee Goal méi schéissen obschons ee Punkt sëcherlich dran war.
De Goal fir ELL huet geschoss:
1x Kim Vosman
E Diekirch/Vianden - E Atertdaul II 9 - 0

Eis Jeunes Filles II verléieren mat 9-0 géint eng gudde Equipe vun Dikkrech.
Article wort.lu Seniors - 6ième journée:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
SC ELL - Jeunesse Useldange 1 -0

De Goal fir ELL huet geschoss:
1x Max Berg
Article wort.lu Seniors - 5ième journée:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
YB Diekrich - SC ELL 1 - 1

Eis 1. Equipe an Dikkrech trennen sech 1-1. Schons no 30 Sekonnen huet den Arbitter op den Eelëfmeterpunkt gewiesen. Een onnéigiden Takling op der Cornerlinn bréngt de Stiirmer vun Dikkrech zu Fall an ët gouf Eelëfter den Dikkrech eranschéisst. No dësem fréien Réckstand ass bei eiser Equipe nët vill zesummengelaf. Wéinig Laafbereedschaft a Kampfgeescht, ee Ganzt anert Bild wéi de leschte Mëttwoch. Dikkrech war déi besser Equipe a mir haaten Chance, dass mir no den éischte 45 Minutten nët méi Goaler geschoss kritt hunn. An der 44. Minutt huet den Joel Maia mat giel-roud missen duschen goën. Déi zweet giel war secherlich verdingt. Déi 2. Halschent hu mir eis probéiert ze rappen an hunn gekämpft. Dikkrech haat vill Konteren mee konnt dëss nët a Goaler ëmwandelen. Eise gudde Goalkeep on d'Onverméigen vun Dikkrech hunn eis virum engem méi héijen Réckstand bewart. An der 80 Minutt konnte mir den Ausgläich schéissen. No enger Flank vum Paul Wilwerding konnt de Guillaume de Ball verlängeren an den Joé Frisch stung richteg fir zum 1-1 eranzeschéissen. Duerno hätt de Match nach bal kéinten gewonn ginn. Eng super Pass vum Misch Lopes op den Joé Frisch deen sech de Ball ze wäit virleet an deng gudd Aktioun vum Guillaume Lecomte mam Paul Wilwerding deen just nët méi un de Ball kënnt. Et muss een mam Punkt zefridden sinn, ganz zefridden, no der Leechtung an dunn eng Halschent zu 10. Gudd war awer de Kampfgeescht vun der 2. Halschent.
De Goal fir ELL huet geschoss:
1x Joé Frisch
Article wort.lu Dames - 3ieme journée:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
E Atertdaul II - E Wincrange 1 - 6
![]()
Eis Jeunes Filles II mat villen jonken an neien Meedercher verléiert mat 6-1 géint Wëntger.
De Goal fir den Atertdaul huet geschoss:
1x Vania Marques
E Atertdaul I - Alisontia Steinsel 20 - 0

Eis Jeunes Filles I gewannen héich mat 20-0 géint Steesel. Bei Steesel sinn all déi méi grouss Meedercher ze aal ginn an sou spillen sie mat villen jonken an neien Meedercher.
D'Goaler fir den Atertdaul hu geschoss:
8x Kate Thill
4x Hanna Thill
3x Marylène Weis
3x Sandy Hoekstra
2x Mara Boly
