News
SC ELL - SC Bettembourg 2 - 5

Eis Dames I verléiren mat 5-2 géit Betebuerg. Déi éischt Halschent waren eis Meedercher Betebuerg ëm zwou Klassen ënnerleen. Betebuerg ass de Match ganz séier ugaang a konnt an der 7. an an der 9. Spillminutt markéieren sou dass eis Dammen direkt d'Moral gehol kruten. No dëser 2-0 a Féierung war eis Meedercher och nët méi um Terrain an Betebuerg huet an der 15., 24. an 36. Minutt nach dräi weider Kéieren getraf.
No 2 Wieselen an der Halschent waren mir vill besser am Match an hunn vill Réim gudd zougemeet. No der 5-0 Féierung huet Betebuerg och bessi méi lues gemeet, trotzdem muss een soën dass mir gudd am Match waren an konnten eis vill Goalchanchen erausspillen. Wéi mir dunn an der 55. Spillminutt den 1-5 no enger schéiner Aktioun geschoss hunn haaten eis Meedercher och nees bessi Moral. Kuerz duerno war d'Virginie aleng fort a gëtt vum Goalkeep ausserhalb vum 16-Meter gerippt. Vue que dass haat vum Goal weg gezunn ass krut dësen och nëmmen déi giel Kaart. Weider hu mir gudd Chancen gehat mee déi lescht Pass ass ze oft nët ukomm oder den Ofschloss war ze harmlos. an der 62. Minutt war een Eelëfter fällig fir ELL no engem Händs am Strofraum, mee den Arbitter huet gemengt ët wier keng Absicht gewiecht (do gëtt awer eng nei Regel...). An der 85. Minutt huet den Arbitter awer op de Punkt gewiesen, och déi Kéier war ët een Händs. D'Joyce Zinelli schéisst den 11-m zum 2-5 Endstand eran. Eng gudd Reaktioun an 2. Halschent; d'Awieselung vum Emma Schmit an Emma Thill hunn fir méi Stabilitéit gesuergt en an d'Ëmstellen an der Mëtt huet och zu méi Ballbestëtz an offensiven Aktiounen gefouert.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Patrice Braun
1x Joyce Zinelli
FC Pfaffenthal - SC ELL 3 - 5

Eis Dames II gewannen mat 5-3 am Paffendall. De Match ass direkt mat vill Goaler ugaang. An der 4. Spillminutt konnt den Paffendall den 1-0 schéissen. Nëmmen 3 Minutten duerno huet d'Nora Goergen zum 1-1 ausgeglach. An der 13. Minutt konnten eis Meedercher dunn eemol virleen matm 1-2 duerch d'Nina Sacré an déi Kéier konnt de Paffendall nëmmen 3 Minutten duerno nees zum 2-2 ausgläichen. An der 38. Minutt hunn eis Dammen den wichtegen 2-3 virun der Halschent duerch d'Agata Rabcewska geschoss. An der 66. Spillminutt ass den 3-3 no engem Selbstgoal gefall, mee d'Agata konnt eis nees an der 72. Minutt 3-4 a Féierung bréngen éier d'Nina Sacré an der 80. Minutt fir d'Entscheedung, 3-5 fir Ell, gesuergt huet. An engem richteg gudde Match vun eise Meedercher konnte mir eis nach weider Goalchanchen erausspillen a gewannen verdingt.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
2x Nina Sacré
2x Agata Rabceweska
1x Nora Goergen
SC ELL - FC Koerich/Simmern 3 - 1

Eis 1. Equipe gewënnt mat 3-1 géint Koerich. Mir hunn direkt gudd ugefaang an de Géigener dominéiert. No ronn 10 Minutten konnte mir mat 1-0 a Féierung goën. No enger Flank vum Paul Wilwerding war den Damir Sabotic do fir de Ball eranzeschéissen. An der 23. Spillminutt ass den 2-0 fir den SC ELL gefall duerch den Paul Wilwerding. No dësem gudds Start an de Match woubäi déi éischt hallëf Stonn de Ball richteg gudd gelaaf ass waren déi lescht 15 Minutten vun der éischter Halschent nët méi grad sou gudd an Koerich haat och puer gudd Goalchancen. Mir hunn nët méi sou disziplinéiert eis Plaazen gespillt a och ugefaang ze vill alleng ze machen.
Déi 2. Halschent huet och gudd ugefaang an de Maxime Delahaut huet an der 50. Minutt zum 3-0 getraf. Eng Véirelstonn drop konnt Koerich op 3-1 verkierzen. De Match war relativ ausgeglach mee keng vun den 2 Equipen konnt nach ee Goal schéissen.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Damir Sabotic
1x Paul Wilwerding
1x Maxime Delahaut
E Atertdaul II - FC Itzig 4 - 2

D'Jeunes Filles II vum Atertdaul gewannen mat 4-2 géint Itzig.
Article wort.lu Seniors - 7ième journée:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
AS Colmarberg - SC ELL 1 - 2

Eis 1. Equipe kann sech mat 2-1 zu Colmer behaapten. No 9 Minutten konnt Colmarbierg mat 1-0 a Féierung goën. Duerno war eis Equipe awer gudd am Match a konnt sech gudd Goalchancen erausspillen déi mir nët konnten notzen. Colmar ass sporadisch geféierlich virun eisem Goal opgetaucht mee bis zur Halschent sollt näischt méi geschéien.
Déi 2. Halschent ass direkt gudd ugaang fir ELL. No engem Corner vum Paul Wilwerding leet den Mich Lopes zeréck op de Maxime Delahaut den zum verdingten 1-1 eranschéisst. ELL huet vun elo un de Match dominéiert a gudd gespillt. An der 55. Minutt ass den 1-2 fir ELL gefall. Eng Pass an Déift vum Paul Wilwerding op den Max Berg den proper an den laangen Eck eranschéisst. No engem Foul um Maxime Delahaut an der 78. Minutt haate mir d'Méiglechkeet fir de Match ze entscheeden, mee de Goalkeep hällt den Elëfter vum Paul Wilwerding. Duerno haate mir nach 2 gudd Konteren, mee och déi konnten mir nët notzen. Schlussendlich ass awer duer gaang an mir gewannen verdingt.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Maxime Delahaut
1x Max Berg
Article wort.lu Dames - 5ieme journée:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
FC Mamer - E Atertdaul II 1 - 8

D'Jeunes Filles II gewannen mat 8-1 géint Mamer.
D'Goaler fir den Atertdaul hu geschoss:
3x Adelisa Rastoder
2x Vania Marques
2x Sandra Alves
1x Lindsay Ferreira
FC Differdange - Atertdaul I 0 - 6

D'Jeunes Filles I gewannen mat 6-0 zu Déifferdeng. Obschons d'Meedercher nët wierklich gudd gespillt hunn gewannen sie souverän.
D'Goaler fir den Atertdaul hu geschoss:
2x Hanna Thill
2x Kate Thill
1x Mara Boly
1x Marylène Weis
