News
Classe II
Championnat - journée 7
E Wincrange - E Atertdaul II 3 - 0

D'Jeunes Filles II verléieren mat 3-0 zu Wëntger.
Classe I
Championnat - journée 6
Alisontia Steinsel - E Atertdaul I 2 - 21

D'Jeunes Filles I gewannen mat 21-2 géint Steese.
D'Goaler fir den Atertdaul hu geschoss:
6x Hanna Thill
5x Kate Thill
5x Mara Boly
3x Lisa Kneip
2x Sandy Hoekstra
E Wormeldange - SC ELL 1 - 9

Eis Dammen gewannen däitlech mat 9-1 géint d'Ent. Wuermer. Déi éischt zwou 100% Goalchancen konnten mir nët notzen, duerno huet dunn d'Sarah Cardinali an der 17. Spillminutt awer fir den 1-0 gesuergt. Ee Fräistouss vum Mara Ventura an der 25. an ët stung 2-0. No enger flotter Kombinatioun krut d'Mara Ventura de Ball a schéisst an der 33. mam Vollspann onhaltbar vun 18 Meter ënnert d'Lat zum 3-0 ran. Weider Goaler an der 1. Halschent geschoss vum Sarah Cardinali 4-0, Patrice Braun 5-0 an Joyce Zinelli 6-0.
An der 2. Halschent hu mir eis bessi ugepasst waren nët méi sou dréckend iwerleen. Trotzdem haat mir vill Goalchancen an hunn dëser och vill nët genotzt. An der 2. Halschent hunn nach d'Patrice Braun 7-0, d'Emma Thill 8-0 an d'Virginie Godefroid zum 9-1 getraf. Nom 8-0 kruten mir duerch ee mëssgleckten Ofstouss den 8-1 geschoss. Alles an allem ee gudde Match, just d'verwerten vun 100% Goalchancen war ze bemängelen, derer haaten mir nach méi wéi eng hallëf Dozen.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
2x Sarah Cardinali
2x Patrice Braun
2x Mara Ventura
1x Emma Thill
1x Joyce Zinelli
1x Virginie Godefroid
SC ELL - FC Differdange 03 0 - 4

Eis Dames II verléieren géint den FCD03 mat 4-0. Dëst war och den Zwëschestand an der Halschent. Déifferdeng huet eis déi éischt 45 Minutten kloer dominéiert a konnt och Goaler schéissen. Déi 2. Halschent hunn eis Meedercher hier Plaazen méi disziplinéiert gespillt a waren sou och besser am Match. Mir haaten nët vill geféierlich Offensivaktiounen an Déifferdeng gewënnt verdingt op Grond vun der 1. Halschent.
SC ELL - Swift Hesperange 2 - 5

Eis 2. Equipe verléiert mat 5-2 géint den Tabellenéischten vun Hesper. An der Halschent luchen eis Männer schons mat 4-0 hannen. An der 2. Halschent konnte mir 2 Goaler schéissen duerch den Cédric Zinelli an den Tiago Marques. Hesper war eis iwerleen a gewënnt verdingt. Am November kommen déi Match wou mir géint d'Equipen aus der 2. Halschent vum Klassement spillen an do musse mir punkten.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Cédric Zinelli
1x Tiago Marques
Article wort.lu Seniors - 8ième journée:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
SC ELL - Racing Luxembourg 3 - 7

Eis 2. Equipe verléiert mat 7-3 géint de Racing. Mir luchen direkt 1-0 hannen no engem Goalkeepsfeeler. Weider huet de Racing gedréckt an haat vill Goalchancen wou eise Goalkeep säin Feeler mat Glanzparaden nees gudd gemeet huet. Onerward konnten mir duerch den Claudio Couto 1-1 ausgläichen an duerno war de Racing total raus aus dem Match. Bis zur Halschent konnten mir weider 2 Goaler schéissen duerch den Tiago Marques an den Chris Reckel a luchen no der 1. Halschent mat 3-1 vir.
Déi 2. Halschent huet de Racing awer nees Vollgaass ginn an huet eis 6 Goaler geschoss sou dass mir um Enn mat 7-3 verléieren.
D'Goaler fir den SC ELL hu geschoss:
1x Claudio Couto
1x Tiago Marques
1x Chris Reckel
Article wort.lu Dames - 6e journée:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
Championnat - journée 7
E Atertdaul II - SC Bettembourg 2 - 11

D\'Jeunes Filles II verléieren géint ee ganz starke Géigener mat 11-2.
D\'Goaler fir den Atertdaul hu geschoss:
1x Vania Nogueira
1x Lora Berschet
Championnat - journée 5
E Atertdaul I - E Hosingen 4 - 4

D\'Jeunes Filles I spillen 4-4 gläich géint eng jonk a gudd Equipe vun Housen. Obschons eis JF1 mat 3-1 an der Paus vir luchen an vill Goalchancen nët genotzt hunn, ass de Match déi 2 Halschent gedréint.
D\'Goaler fir den Atertdaul hu geschoss:
2x Kate Thill
1x Hanna Thill
1x Vania Marques
