News
Article wort.lu Seniors - 11ième journée:
Paroles des techniciens:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
SC ELL - FC Lorentzweiler 2 - 1
![]()
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Chris Reckel
1x Joé Frisch
E Wormeldange - SC ELL 1 - 9

Eis Dammen setzen souverän mat 9-1 duerch. Eis Meedercher hunn de Ball gudd laafen gelos an hunn direkt Drock gemach. No 5 Minutten konnten mir och no engem Corner a Féierung goën. D'Mara Ventura huet mat engem schéinen Kappball zum 1-0 getraf. An der 7. Minutt stung d'Virginie Godefroid richteg beim Corner an huet eis mat 2-0 a Féierung bruecht. Weider hunn nach d'Emma Thill an d'Mara Ventura (18. an 40.) virun der Paus getraf fir zum 4-0 Pausestand.
Déi 2. Halschent hu mir weider flotten Fussball gesinn an eis Meedercher konnten weider 5 Goaler (47. Mara V., 62. Sarah C., 64. Sarah C., 67. Joyce Z. an 70. Sarah C.) schéissen an haaten och nach eng Partie aner Chancne do léien. An der 65. Minutt konnt Wuermer den Éiregoal schéissen. Den nächsten Tour, d'1/8 Final gëtt Samsdes, den 5. Dezember 2015 gespillt.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
3x Sarah Cardinali
3x Mara Ventura
1x Virginie Godefroid
1x Emma Thill
1x Joyce Zinelli
Dënschdes, den 10. November 2015 um 20:00 Auer zu Walfer (t.2)
FC Walferdange - SC ELL 0 - 2

D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Dave de Bruyn
1x Cédric Zinelli
Article wort.lu Dames - 8e journée:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
SC ELL - US Boevange 2 - 1

Am Spëtzematch vun dësem Spilldag war den Tabellenzweeten US Béiwen op Besuch bei eis zu ELL, dem Drëtten. An engem spannenden Match virun 160 Zuschauer sinn déi 3 Punkten zu ELL bliwwen an eis Equipe steet elo op der 2. Plaaz. Béiwen huet de Match gudd ugefaang an haat ee geféierlichen Kappball an eng gudd Chancen an den éischten 10 Minutten. An der 14. Spillminutt konnten allerdings déi Eller mat 1-0 a Féierung goën. No engem schéinem Ugrëff huet de Max Berg zum 1-0 erangeschoss. Duerno war de Match awer relativ ausgeglach och wann mir manner Offensivaktiounen haaten wéi Béiwen. Eise Goalkeep, de Pol May, huet nees een exzellenten Match gemeet an huet all bränzelig Situatiounen geklärt.
Déi 2. Halschent haat mir nees de gudde Start an mir konnten mat eiser zweeter richteg gudde Goalchance och den 2-0 schéissen. Eng schéin Pass an Déift vum Paul Wilwerding op de Max Berg an dësen huet och déi zweete Kéier dem Goalkeep keng Chance gelos an ët stung 2-0. Duerno koum bessi Hektik op an Béiwen gouf méi aggressiv. An der 65. Minutt huet ee Spiller vu Béiwen déi roud Kaart kritt wéinst Beleidigung. Duerno haate mir vill Réim an vill gudd Geleenheeten, mee mir hunn ët verpasst den 3-0 ze machen. An der 89. Spillminutt krut Béiwen een Elëfter zougesprach no engem dommen Ofwierfeelen. Déi lescht 3 Minutten sollt awer näischt méi geschéien an eis Equipe huet elo 9 Matcher hannereneen nët verluer.
D'Goaler fir ELL huet geschoss:
2x Max Berg
Racing Luxembourg - E Atertdaul I 2 - 1

Dëse Weekend waren just eis JF 1 am Asaatz, eis JF 2 waren spillfräi. Eis JF 1 verléieren mat 2-1 um Racing. Obschons eis Meedercher géint eng geschwächten Equipe vum Racing ugetrueden sinn ass ët net duer gaang. No 2 Minutten luchen eis Meedercher mat 1-0 hannen. Duerno hunn mir awer ganz gudd gespillt an konnten mat villen gudden Aktiounen no vir spillen. An der 10. Spillminutt huet d'Mara Boly zum 1-1 erangeschoss. Duerno haate mir nach eng ganz Rei gudd Bäll, mee ët ass beim 1-1 Halbzeitstand bliwwen.
An der 2. Halschent waren mir nët méi grad sou gudd an trotzdem haaten mir nach véier 100% Goalchancen déi mir nët genotzt hunn. Wéi ët dann ëmmer am Fussball sou geet, gëtt een dofir bestroft an de Racing huet mat hierer drëttter Goalchancen den 2-1 geschoss.
De Goal fir den Atertdaul huet geschoss:
1x Mara Boly
SC ELL - FC Schifflange 5 - 3

D'Goaler fir ELL hu geschoss:
2x Sarah Cardinali
1x Virginie Godefroi
1x Isa Kruchten
1x Joyce Zinelli
