News
Union Remich-Bous - SC ELL 3 - 0

Eis 2. Equipe verléiert mat 3-0 géint Union Remich/Bous. Duerch zwee individuell Feeler sinn mir hannen kommen, mee eis Géigender war och de ganzen Match besser wéi mir an soumat geet d'Resultat an d'Rei.
Article wort.lu Seniors - 12ième journée:
Paroles des techniciens:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
FC Gilsdorf - SC ELL 5 - 1

Eis 1. Equipe verléiert koer an däitlech mat 5-1 zu Gilsdorf. An engem ganz schwache Match hunn zevill Leit an eiser Equipe nom féiern 1-0 op ginn. Mat vill Chance an Dank eisem Goalkeep stung ët an der Paus just 2-0. Duerno hu mir eis allerdings gerappt an probéiert Drock ze machen. Mir waren och dunn déi besser Equipe kruten awer duerch ee Konter den 3-0 geschoss. Kuerz duerno verkierzen mir op 3-1 duerch dne Joel Maia. Mir haaten och den 3-2 do leien, mee konnten dëss Chance nët notzen fir zeréck an de Match ze kommen. Duerch ee weideren Konter konnt Gilsdorf an der 75. Minutt mam 4-1 fir d\'Entscheedung suergen. Duerno hu mir opginn an Gilsdorf haat nach weider Goalchancen. Schlussendlich gëtt ët 5-1 an ët hätt kéinten méi héich ginn.
De Goal fir ELL huet geschoss:
1x Joel Maia
Article wort.lu Dames - 9e journée:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
Jeunes Filles
Championnat - journée 11
E Atertdaul II - FC Mamer - remis

De Match gëtt nogespillt wëll Mamer nët komm ass. Sie haaten sech mam rdv verdo.
Championnat - journée 9
E Atertdaul I - FC Differdange 12 - 2
Eis JF1 hunn ee super Match gespillt an schéinen Fussball gewiesen a gewannen héich mat 12-2 géint Déifferdeng.
D'Goaler fir den Atertdaul hu geschoss:
5x Kate Thill
3x Mara Boly
1x Chiara Bernardo
1x Hanna Thill
1x Sandy Hoekstra
1x Marylène Weis
E Itzig/Canach - SC ELL 2 - 4


Eis Dammen sinn gudd an de Match komm an hunn de Ball um klengen synthetischen Terrain zu Itzeg gudd laafen gelos. Mat eisem éischten gudd Ugrëff konnten eis Dammen och schon mat 1-0 a Féierung goën duerch d'Sarah Cardinali. Weider hunn eis Dammen de Match dominéiert mee konnten aus deenen gudden Offensivaktiounen kee Kapital schlouen. Mir haaten zweemol den 2-0 do leien mee ët huet bis zur 35. Spillminutt gedauert, éier d'Joyce Zinelli den 2-0 geschoss huet. D'Joyce haat nogesat an Drock op de Verteidiger gemeet a konnt de Ball erkämpfen. Duerno, alleng virum Goalkeep, ass d'Joyce ganz roueg bliwwen an huet zum 2-0 erangeschoss. Déi lescht 10 Minutten vun der 1. Halschent huet Itzeg eis ënner Drock gesat an haat gudd Goalchancen. Zweemol haate mir hei Chance, dass sie just d'Laat getraf hunn.
Déi 2. Halschent huet awer nees ideal fir eis ugefaang an d'Patrice Braun konnt an der 47. Spillminutt no enger super Aktioun vum d'Joyce Zinellli de Ball zum 3-0 eranschéissen. Nëmmen 5 Minutten duerno gouf eng schéin Kombinatioun mat engem Goal belount. Op ee neits servéiert d'Joyce Zinelli d'Mara Ventura daat zeréck op d'Sarah Cardinali leet dem säin Schoss nach konnt paréiert ginn, mee d'Virginie Godefroid huet schlussendlich de Ball zum 4-0 erangeschoss. An der 58. Minutt huet Itzig op 1-4 verkierzt. No engem mësslongenen Degagement huet Itzig de Ball kritt an den 1-4 geschoss. Duerno war de Match relativ ausgeglach och wann Ell déi besser Offensivaktiounen haat. 10 Minutten virun Schluss huet Itzig duerch ee Schoss vun 18 Meter nach op 2-4 verkierzt mee duerno sollt näischt méi geschéien.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Sarah Cardinali
1x Joyce Zinelli
1x Virginie Godefroid
1x Patrice Braun
SC Bettembourg II - SC ELL 7 - 1

Eis Dames 2 verléieren héich mat 7-1 géint Dames 2 vu Betebuerg. Eis Dammen hunn ganz schlecht ugefaang a luchen schons no 20 Minutten mat 4-0 hannen. Duerno konnten d'Meedercher sech bessi rappen, mee Betebuerg war iwerleen. Mir hätten allerdings kéinten nach den een oder aneren Goal schéissen, mee ët blouw beim Éirentreffer duerch d'Jill De Bruyn.
De Goal fir ELL huet geschoss:
1x Jill De Bruyn
Article wort.lu Dames - 1/16 Finale Coupe des Dames:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
