News
SC ELL - E Äischdall 3 - 3


Eis Dames II spillt am Nohuelmatch gläich mam Äischdall. No engem éischten domme Goal luchen eis Meedercher mat 1-0 hannen. Duerno konnte mir awer nach virun der Halschent de Match dréinen an luchen zur Paus mat 2-1 vir duerch Goaler vum Lisa Wallendorf an Kim Jungbluth. Déi 2. Halschent haat den Äischdall bessi méi vum Match a konnt vir d'éischt ausgläichen an duerno mat 3-2 a Féierung goën. Kuerz virun Schluss huet d'Nora Goergen den 3-3 geschoss. An engem gudde Match vun eisen Dames II kréien mir ee verdingten Punkt.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Lisa Wallendorf
1x Kim Jungbluth
1x Nora Goergen
Jeunes Filles
Championnat - journée 13
SC Bettembourg - E Atertdaul II 8 - 1
Eis jonk Meedercher hunn gudd gespillt an luchen an der Paus mat 1-0 vir. Déi 2. Halschent huet Betebuerg richteg gudd gespillt an och hier Goalchancen genotzt.
De Goal fir den Atertdaul huet geschoss:
1x Sandra Alves
Championnat - journée 11
E Atertdaul I - E Wormeldange 5 - 1

Eis Jeunes Filles gewannen mat 5-1 géint Wuermer an sinn soumat Champion an der Hironn bei de Jeunes Filles. Op engem schwéier bespillbaren Terrain hunn eis Meedercher ee gudde Match gespillt. Och wann Wuermer konnt mat 1-0 a Féierung goën hunn eis Meedercher de Ball weider probéiert laafen ze lossen an konnten sech sou vill Goalchancen erausspillen. Mir konnten déi och nët notzen a gewannen verdingt.
D'Goaler fir den Atertdaul hu geschoss:
3x Kate Thill
2x Hanna Thill
SC ELL - FC Junglinster 1 - 3

Eis Dames I verléieren doheem mat 3-1 géint Jonglënster. Eis Meedercher hunn gudd ugefaang an mat Selbstvertrauen gespillt. Leider konnt Jonglënster an 11. Minutt mat hierer éischter Goalchance a Féierung goën. Kuerz drop ass och den 2-0 fir Jonglënster gefall. No enger Feelpass ouni Drock aus der Ofwier huet d'Spillerin vu Jonglënster direkt ofgezunn an eise Goalkeep haat keng Chance. Déi nächst Véirelstonn huet Jonglënster dominéiert an haat nach puer Goalgeleenheeten. Ab der 30. Minutt war ët awer nees méi ausgeglach an mir haaten och zwou Goalchancen.
No der Paus war de Match ausgeglache mat wéinig Goalaktiounen. An der 70. Minutt hätt nach eemol Spannung kéinten opkommen, mee dem Sarah Cardinali säin Schoss geet op d'Lat. An der 75. Minutt schéisst Jonglënster glécklich den 3-0. Duerno konnte mir nees op 3-1 duerch d'Sarah Cardinali verkierzen an haaten och nach den 3-2 do leien. Et sollt awer näischt méi geschéien. Et war ee gudde Match vun eise Meedercher, ët feelt bessi un Réussite.
De Goal fir ELL huet geschoss:
1x Sarah Cardinali
SC ELL - FC Itzig 2 - 0

Eis 2. Equipe gewënnt mat 2-0 géint Itzig. An engem schwachen Match waren déi Eller déi besser Equipe a gewannen och verdingt.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Joé Calmes
1x Cédric Zinelli
UN Kaerjeng - SC ELL 0 - 1

De Goal fir ELL huet geschoss:
1x Nora Goergen
Jeunes Filles
Championnat - journée 11
Atertdaul II - FC Mamer 14 - 1

D'Goaler fir den Atertdaul hu geschoss:
7x Adelisa Rastoder
6x Vania Marques
1x Sandra Alves
SC ELL - FC Brouch 7 - 8 n.E.
![]()
Mir verléieren mat 7-8 no Elëfmeterschéissen an der Coupe FLF géint FC Brouch. Mir konnten séier mat 1-0 a Féierung goën duerch den Max Berg an och noleen zum 2-0 an der 36. Minutt duerch den Mich Lopes. Just virun der Halschent huet Brouch op 2-1 verkierzt.
Déi 2. Halschent war schlecht vun bäiden Säiten, Brouch kann awer den Ausgläich schéissen an sou geet ët an d'Verlängerung. Hei konnt Brouch séier den 3-2 schéissen. Mir haaten eng ganz Rei Goalchancen, mee ët huet bis zur 118. Minutt gedauert bis mir konnten op 3-3 duerch den Joel Maia ausgläichen. Am Elëfmeterschéissen haate mir och déi ganzen Zäiten d'Nues vir, mee mir konnten den Allesentscheedenden 5. Elëfter nët eranschéissen. Duerno ass ët weidergaang an all Spiller koum un d'Reih. Vill Elëfter goufen vun den Goalkeeper gehal, schlussendlich awer gewënnt Brouch.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
2x Max Berg
2x Mich Lopes
1x Joel Maia
1x Paul Wilwerding
1x Pol May
1x Christian Kemmer
Jeunes Filles
Championnat - journée 12
FC Itzig - E Atertdaul II 1 - 5
D'Jeunes Filles 2 gewannen mat 5-1 zu Itzig. Eis jonk Meedercher hu gudd gespillt zu Itzig um synth. Terrain an och verdingt gewonn.
D'Goaler fir den Atertdaul hu geschoss:
3x Lora Berschet
2x Vania Marques
Championnat - journée 10
E Hosingen - E Atertdaul I 0 - 2

D'Jeunes Filles 1 gewannen mat 20- zu Housen. Eis Meedercher waren ganz kloer déi besser Equipe an daat mecht huet sech an der Halschent vun Housen ofgespillt. Eis Meedercher hunn sech awer schwéiert gedo fir Goaler ze schéissen an sou stung ët an der Paus nach 0-0. An der 2. Halschent hunn eis Meedercher nach méi Drock gemeet an och de Wee an de Goal fonnt a gewannen mat 2-0 woubäi d'Resultat nach méi héich hätt kënnen/missen ausfalen.
D'Goaler fir den Atertdaul hu geschoss:
1x Kate Thill
1x Sandy Hoekstra
