News
Dames
FLF Futsal - 1. Tour
Samsdes, den 9. Januar 2016
Eis Dammen ginn déi 2. an der Grupp E am 1. Tour FLF Futsal.
Hei d'Resultater:
SC ELL - Sporting Bertrange 5-0, SC ELL - Orania Vianden 2-1, SC ELL - UN Kaerjeng 3-0, SC ELL - FC Rodange 3-0, SC ELL - AS Colmarberg 0-1
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
5x Sarah Cardinali, 3x Isa Kruchten, 2x Virginie Godefroid, 2x Marylène Weis, 1x Mara Ventura
Klassement:
1.AS Colmarberg, 2. SC ELL, 3. Orania Vianden, 4. UN Kaerjeng, 5. FC Rodange, 6. Sporting Bertrange
![]()
Seniors
Haalentournoi zu Useldeng
Freides, den 8. Januar 2016
Eis Männer hun um Haalentournoi zu Useldeng deelgehol an klasséieren sech als 3. vun 5 Equipen.
Hei d'Resultater:
SC ELL - FC Pratz./Redange 5-2, SC ELL - Jeunesse Useldange 1-4, SC ELL - FC Beckerich 6-1, SC ELL - FC Brouch 0-5
Klassement:
1. FC Brouch, 2. Jeunesse Useldange, 3. SC ELL, 4. FC Pratz./Redange, 5. FC Beckerich

Gudde Moien,
No ville Versammlungen hu mir een neien Trainer fir eis Equipes Seniors agestallt. Den Tom Scheid iwwerhëllt deemno d'Nofollig vum Fernand Alff, an dat ab dem 11. Januar 2016.
Den Tom Scheid ass kloër determinéiert fir eiser Equipe ze leeden a fussballerisch weiderzebréngen. Et muss een och soën, dass hien den Eller Fussball relativ gudd kennt an domatt genau weess wou de Schung zu ELL dréckt !
De Comité huet him säin vollt Vertrauen ausgesprach an ënnerstëtzt hien op senger ganzen Linn. D'Spiller sollen dat selwicht maachen !
Hei nach puer Informatiounen zum neien Trainer:
Den Tom Scheid huet 48 Joër a wunnt zu Koerich. Hien huet laang Joren Nationaldivisioun an Éirepromotioun gespillt. Hien huet Trainer-Formatiounen vum UEFA-C an UEFA-B gemeet a och schon puer Trainer-Statiounen gehat an elo motivéiert een neien Challenge unzegoën.
Spiller
-
Saison: 1982-1988 Olympique Eischen / Division nationale
-
Saison: 1988-1991 Red-Black Pfaffental / 1. Divisioun an Promotion d'Honneur
-
Saison: 1991-1996 Jeunesse Hautcharage / Promotion d'Honneur an 1. Divisioun
-
Saison: 1996-1999 SC Redange/Attert / 1. Divisioun
-
Saison: 1999-2002 Jeunesse Koerich / 1. an 2. Divisioun
Trainer
-
Saison: 2002-2006 Minerva Lintgen Cadets
-
Saison: 2006-2008 Sporting Steinfort 1. Equipe Co-Trainer
-
Saison: 2007-2010 Jeunesse Schieren 1. Equipe Co-Trainer
-
Saison: 2010-2012 Red-Black-Egalité 07 1. Equipe
Den 11. Januar 2016 um 19:15 Auer hu mir eng Versammlung beim Margot am grousse Sall fir de neien Trainer virzestellen. An dëser Versammlung wäerte mir dem SCELL seng Zieler an Objektiver präzis beschwreiwen an der Hoffnung neess eng zolid an dynamisch Equipe ze ginn. L'Union fait la force !
Dames
Haalentournoi zu Housen
Sonndes, den 3. Januar 2016
Eis Damen hun um Haalentournoi zu Housen deelgehol an klasséieren sech als 5. vun 7 Equipen.
Hei d'Resultater:
SC ELL - Racing Luxembourg 1-1, SC ELL - Jeunesse Junglinster 2-3, SC ELL - AS Hosingen 9-0, SC ELL - FC Schifflange 3-3, SC ELL - SC Bettembourg I 0-4, SC ELL - SC Bettembourg II 2-1
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Mara Ventura 8x, Isabelle Kruchten 3x, Conny Kaufmann 3x, Patrice Braun 2x, Nora Karger 1x
Klassement:
1. SC Bettembourg I, 2. Racing Luxembourg, 3. FC Schifflange, 4. FC Junglinster, 5. SC ELL, 6. SC Bettembourg II, 7. AS Hosingen

Jeunes Filles
Haalentournoi zu Housen
Samsdes, den 2. Januar 2016
Eis Jeunes Filles hun um Haalentournoi zu Housen deelgehol a stungen zum Schluss op der 1. Plaz.
Hei d'Resultater:
Atertdaul - SG Wellen 3-0, Atertdaul - St. Vith 1-3, Atertdaul - E Hosingen II 12-1, Atertdaul - Racing Luxembourg 3-2, Atertdaul - E Hosingen I 7-0, Atertdaul - SV Honsfeld 7-0
Goaler fir den Atertdaul hu geschoss:
Hanna Thill 9x, Sandy Hoekstra 9x, Vania Marques 6x, Chiara Bernardo 4x, Marylène Weis 3x, Mara Boly 2x
Klassement:
1. Jeunesse Atertdaul, 2. Racing Luxembourg, 3. E Hosingen I, 4. MSG Wellen, 5. RFC St. Vith, 6. SV Honsfeld, 7. E Hosingen II

Dames
Haalentournoi zu Arel
Samsdes, den 26. Dezember 2016
Eis Dammen hunn spontan un engem Haalentournoi zu Arel deelgehol. Mir konnten all Match gewannen an soumat och déi 1. Plaz um Tounoi machen. Hei d'Resultater:
ELL - Waltzing 12 -0, ELL - Arlon 2-0, ELL - Bercheux 3-1, ELL - Vance B 2-0, ELL - Vance B, ELL - Vance A 4-0
Klassement:
1. SC ELL, 2. RJ Arlon, 3. SC Vance B, 4. FC Bercheux, 5. SC Vance A, 6. FC Waltzing
An der Annexe fann dir den Trainingsprogramm fir Dames fir Januar-Februar 2016.
Dësen fann dir och am Menue bei Equipes.
- Trainingsprogramm Dames: Januar-Februar 2016 pdf - 60 Ko
An der Annexe fann dir den Trainingsprogramm fir Seniors fir Januar-Februar 2016.
Dësen fann dir och am Menue bei Equipes.
- Trainingsprogramm Seniors: Januar-Februar 2016 pdf - 309 Ko
