News

16/07/2018 - Nei Zesummenaarbescht - PTA Grosbous
Nei Zesummenaarbescht - PTA Grosbous

Mir sin frou PTA Grosbous als neie Sponsor ze begréissen a freeën eis op eng gudd Zesummenaarbescht mam Kevin Schwinninger! Besicht www.ptagrosbous.lu oder de Facebook-Site www.facebook.com/PTAGrosbous fir weider Informatiounen!

19/06/2018 - CHAMPION 2017/2018 - Jeunes Filles I
CHAMPION 2017/2018 - Jeunes Filles I CHAMPION 2017/2018 - Jeunes Filles I CHAMPION 2017/2018 - Jeunes Filles I CHAMPION 2017/2018 - Jeunes Filles I CHAMPION 2017/2018 - Jeunes Filles I

Jeunes Filles I vum Sporting Club ELL

Champion vu Lëtzebuerg 2017/18 


Eis «Jeunes Filles 1» hunn dëss Saison hire sechsten Championstitel souverän konnten assuréieren. Beim leschten Mätch konnten sie mat 6:1 géint YB Dikrich hire leschte Mätch gewannen.

Ronn 160 Leit waren zu Ell den 8. Juni 2018 present fir den 6ten Championstitel «en série» ze feieren.

D’FLF ënnert der Presenz vum Dr. Henri Mausen an dem Erny Decker, hunn hinnen Coupe an d’Medaillen iwwerreecht. Och eis Gemengenautoritéiten waren bei der Zeremonie present.

Duerno war eng kleng Feier um Terrain an der neier Buvette wou d’Spillerinnen, den Trainer Paul Wilwerding an d’Elteren mat vill Applaus fir dëssen Exploit gefeiert goufen.

Ze soën ass och nach, dass « Jeunes Filles 1 » während deenen 6 leschte Joëren nëmmen 1 Mätch verluer hunn. Einfach super !

Die ganz Eller Gemeng, d’FLF an den SCELL huet hinnen gratuléiert. Bravo un d’Spillerinnen an un den Trainer.

Och nit ze vergiessen, dass die zweet Equipe vun den Dammen an Hären no enger flotter Saison an eng méi héich Division/Klass gestiegen sinn. Felicitiounen un béid Equipen (CG).

18/06/2018 - 21e Randonnée Lucien Didier
21e Randonnée Lucien Didier 21e Randonnée Lucien Didier

21te. « Randonnée Lucien Didier » mit 315 Teilnehmern in ELL

ELL: Am Sonntag den 17. Juni 2018 fand bei herrlichem Sommerwetter die 21te. « Randonnée Lucien Didier » statt. Der lokale Sporting Club Ell, in enger Zusammenarbeit mit dem bekannten Radsportverein UC Dippach präsentierten den 315 Teilnehmern fünf verschiedene Strecken. Zur Auswahl standen Rundfahrten von 32, 55, 80, 100 und 120 Kilometer. Einige bekannte Persönlichkeiten aus der luxemburgischen Sportwelt waren zu Gast in Ell.

Wie letztes Jahr führten die Strecken durch das schöne Luxemburg und gespickt mit vielen idylischen Passagen. Viele Radsportler aus Luxemburg ,Belgien un Frankreich nahmen an dieser Rundfahrt teil. Für beste Verpflegung und Assistenz aller Teilnehmer sorgte der Eller Sportverein den ganzen Tag über. Am Nachmittag konnten dann die vielen Radsportler sich in geselliger Atmosphäre gemeinsam während ein paar Stunden über ihre Ziele und Erfolge unterhalten (CG)


Cette randonnée traditionnelle courue en honneur de Lucien Didier - ancien lieutenant de Bernard Hinault et de Laurent Fignon - a tenu toutes ses promesses au niveau de la météo, de l’ambiance et la sportivité. Comme les deux années précédentes les cinq parcours ont été tracés sur les terres luxembourgeoises. L’organisation a eu le plaisir d’accueillir 315 cyclistes de toutes catégories d’âges pour entamer le parcours à leur choix. Sur le « menu du jour » figuraient donc 5 parcours à savoir 32, 55, 80, 100 et 120 km, fléchés avec beaucoup de professionnalisme. De même la qualité et l’accueil des trois points de ravitaillements gourmands à « 5 étoiles » ont été salués et appréciés par tous les cyclistes.

 

12/06/2018 - Assemblée Générale 2018

L’assemblée générale aura lieu vendredi, le 20.07.2018 à 20h00 au Centre Camille Ney. Le verre d’amitié sera offert par le SC ELL après l’assemblée générale au Café des Sports !

12/06/2018 - Finale Coupe des Dames
Finale Coupe des Dames
Samschdes, den 9. Juni 2018 um 17:00 Auer zu Rëmeléng (Stade Municipal)
   SC ELL   -   Fc Jeunesse Junglinster      1 - 1  (7 - 8)
                
Eis Meedercher verléieren an der Finale vun der Coupe am Eelefmeterschéissen mat 7-8 géint den aktuellen Champion Fc Jeunesse Jonglënster! No 90 Minutten stung et 1-1! Merci un all Eenzelnen fir déi sensationELL Stëmmung! Mir sin immens stolz op eis Meedercher, et war eng richteg gudd Leeschtung, och wann et um Enn leider net duergaang as! No 2012 an 2014 stungen mir déi drëtte Kéier an der Finale vun der Coupe, dat mëcht Loscht op méi...
------------------------
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Logane Wegnez (1x)
------------------------
D'Eelefmeter fir ELL hu geschoss:
Mara Boly, Joyce Zinelli, Lydia Da Silva Rosa, Carine Rodrigues Duarte, Kate Thill, Logane Wegnez, Mara Ventura, Annick Henkel
- leider konnten d'Mara Ventura an d'Annick Henkel hieren Eelefmeter net verwandelen
-----------------------
SC ELL: Sonia Alfieri, Mara Boly, Annick Henkel, Lydia Da Silva Rosa, Mara Ventura, Myriam Jacobs (89. Carine Rodrigues Duarte), Joyce Zinelli, Jill De Bruyn (81. Vania Nogueira Marques), Lisa Kneip, Kate Thill, Logane Wegnez -
Trainer: Paul Wilwerding

Artikel vun RTL:
E Samschdeg war zu Rëmeleng d'Finall vun der Coupe des Dames tëscht dem SC Ell an der Jeunesse Jonglënster. An der Halleffinall huet sech den neie Champion Jonglënster mat 4:2 géint de Stater Racing behaapt an d'Damme vun Ell konnte sech mat 4:0 géint d'Escher Fola duerchsetzen.
Jonglënster wollt vun Ufank un d'Kontroll iwwerhuelen an huet de Ball emol e bëssen duerch déi eege Reie lafegelooss, dat ass awer liicht no hanne lassgaange, well no nëmme 4 Minutten huet Ell hir éischt Chance direkt genotzt, fir mat 1:0 a Féierung ze goen. No enger Konterattack huet d'Jill de Bruyn de Ball eriwwergeluecht fir d'Logane Wegnez an dat huet de Ball aus kuerzer Distanz an de Gol geschoss.

No 13 Minutten huet d'Emma Kremer du wéinst enger Allergie den Terrain misse verloossen.

Jonglënster hat awer weider méi vum Match a konnt sech an der 16. Minutt eng éischt ganz gutt Chance erausspillen. Do gouf nämlech d'Hayette Ghodbane an d'Déift geschéckt, ma d'Sonia Alfieri am Gol vun Ell konnt de Ball an de Corner-Aus deviéieren.

Nëmme kuerz dono war et ee Fräistouss vum Bianca Schmitz, dee fir Gefor gesuergt huet, ma d'Alfieri konnt de Ball mat de Fäischt iwwert d'Lat boxen an esou Schlëmmeres verhënneren.

Ell war awer och nach ëmmer do an hunn ëmmer erëm fir Gefor gesuergt, dat mat Konterattacken iwwer d'Jill de Bruyn an d'Logane Wegnez.

An der 32. Minutt dunn awer den 1:1 fir Jonglënster, dee sech och lues awer sécher ugedeit hat. D'Jessica Birkel gouf op der rietser Säit lancéiert an huet de Ball an d'Mëtt geflankt an do huet d'Alfieri am Gol vun Ell ganz onglécklech ausgesinn, well si huet hei laanscht de Ball gegraff an esou konnt d'Sabrina Deda de Ball an den eidele Gol käppen.

Kuerz dono hat d'Deda Jonglënster dunn nach bal a Féierung bruecht. No engem Corner vum Bianca Schmitz huet d'Deda de Ball op de Gol gekäppt, ma do konnt d'Alfieri nees besser reagéieren an de Ball paréieren.

Kuerz virun der Paus hat Jonglënster dunn awer Chance, dass si net mat engem Réckstand an d'Paus gaange sinn. Ell huet nämlech d'Kate Thill iwwer d'Säit geschéckt an dat ass an d'Mëtt gezunn an huet geschoss, ma de Ball ass nëmmen op de Potto gaangen.
D'Ufanksphas vun der zweeter Hallschent war richteg animéiert, well béid Ekippen hu gewisen, dass si hei onbedéngt wëlle gewannen.

Esou hat Jonglënster déi éischt gutt Chance no der Paus duerch ee Fräistouss vum Bianca Schmitz, deen awer esou just laanscht de Gol gaangen ass.

An der 54. Minutt huet Ell erëm hir Stäerkt iwwer Konterattacke gewisen. D'Wegnez ass iwwer déi riets Säit gelaf an huet de Ball flaach an d'Mëtt ginn an do huet d'Kate Thill de Ball esou just verpasst an esou konnt d'Tamara Cardoso am Gol de Ball ënnert sech begruewen.

Dono ass Ell ëmmer méi staark ginn an huet e bëssen d'Iwwerhand hei kritt a si haten 3 weider gutt Chancen. Esou huet fir d'éischt d'Kate Thill ee Fräistouss iwwert de Gol geschoss. Dono konnt d'Cardoso no engem flotte Solo vum Wegnez de Ball gutt paréieren. An an der 64. Minutt ass ee Lupfer vum Kate Thill, wou et praktesch eleng virum Cardoso stoung esou just iwwert de Gol gaangen.

Du sinn d'Damme vu Jonglënster awer erëm wakereg ginn an haten direkt e puer Chancë beieneen. Déi wuel bescht gouf et an der 68. Minutt, wou d'Bianca Schmitz esou just laanscht ee Ball vun der agewiesselter Sara Olivieri gerutscht ass.

Jonglënster huet weider Drock no Vir gemaach. D'Damme vu Jonglënster wollten onbedéngt de Match entscheeden, éiert et an d'Eelefmeterschéisse geet. D'Damme vun Ell stoungen awer kompakt a konnten den 1:1 iwwert d'Zäit retten.

Béi béide Veräiner konnten déi éischt fënnef Spillerinnen, déi ugetruede sinn, och verwandelen. Esou huet och d'Eelefmeterschéissen an de "Sudden Death" misste goen. Et war d'Mendes, dat fir Jonglënster als siwent Spillerin ugetrueden ass, wat hire Penalty net sollt verwandelen. Ma och d'Ventura vun Ell huet am Géigenzuch net getraff, esou datt hei keng Entscheedung gefall ass. D'Olivier huet dono fir Lënster getraff an d'Henkel fir Ell verschoss. Bleift z'erwähnen, datt Ell zwee Penaltyen op d'Lat geschoss huet.

Esou konnten d'Damme vu Jonglënster dës Saison den Doublé feieren.

Artikel vu FuPa:
Das Endspiel hatte am Samstag im Rümelinger Park kaum begonnen, da ging der SC Ell bereits mit 1-0 in Führung: eine Spielverlagerung überraschte die Verteidigung des Meisters und Wegnez stand ungedeckt in zentraler Position und brauchte nur einzuschieben. Die Mädels in Lila-Weiß warfen alles in die Waagschale und versuchten durch ein vorbildliches Zweikampfverhalten Junglinster weiter zu verunsichern. Das gelang auch lange Zeit, doch nach einer halben Stunde profitierte der Favorit von einem Fehler der Eller Torhüterin, die eine Flanke von rechts unterlief und in ihrem Rücken brauchte Deda nur noch den Kopf hinzuhalten. Quasi mit dem Pausenpfiff dann fast die erneute Eller Führung, doch Kate Thill traf nur den rechten Pfosten.

Auch nach dem Seitenwechsel sahen die gut 800 Zuschauer ein ausgeglichenes Finale. Und Ell lehrte Junglinster weiter das Fürchten: nach rund einer Stunde scheiterte Wegnez erst an Cardoso, anschließend ging ein Heber von Kate Thill knapp über den Querbalken. Doch auch Junglinster hatte noch zwei gute Gelegenheiten, insbesondere Schmitz grätschte im Fünfmeterraum nur eine Fußspitze am Ball vorbei. So blieb es nach der regulären Spielzeit beim Unentschieden und die Entscheidung musste im Elfmeterschießen fallen, mit dem bekanntlich glücklicheren Ende für Junglinster.

So ging ein Finale auf Augenhöhe mit spielerischen und kämpferischen Noten zu Ende, in dem es eigentlich kein Team verdient gehabt hätte, als Verlierer vom Platz zu gehen. Doch eine Mannschaft mußte die Trophäe schließlich in die Höhe stemmen!
12/06/2018 - 10. Championnatsmatch Retour - Jeunes Flles II
Sonndes, den 10. Juni 2018 um 11:00 Auer zu ELL
 SC ELL II  -  Victoria Rosport       reporté
        
De Match vun eise Jeunes Filles II konnt wéinst de schlechte Wiederkonditiounen NET gespillt gin!
12/06/2018 - 10. Championnatsmatch Retour - Jeunes Filles III
Sonndes, den 10. Juni 2018 um 09:30 Auer zu ELL
SC ELL III   -   Fc Mamer 32            reporté
      
De Match vun eise Jeunes Filles III konnt wéinst de schlechte Wiederkonditiounen NET gespillt gin!
12/06/2018 - 10. Championnatsmatch Retour - Jeunes Filles I
Freides, den 8. Juni 2018 um 19:00 Auer zu ELL
  SC ELL I  -  Young Boys Diekirch     6  -  1
           
Eis Jeunes Filles I gewannen dee leschte Championnatsmatch mat 6-1 géint d'Young Boys Dikkrech an sin och dëst Joër rem verdingt Champion! Respekt un all Eenzelnen deen eppes dozou bai gedro huet!
-------------------------
Tatiana Araujo Pacheco (4x)
Vania Nogueira Marques (1x)
Jenna Djarmouni (1x)

Dernier match

Prochain match


DAMES I

Frëndschaftsmatch

Samschdes, de 15. August 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL    -    Fc Bitburg (D)

     


DAMES II

Frëndschaftsmatch

Donneschdes, den 20. August 2020 um 19:30 Auer zu ELL

   SC ELL   -   FC Atert Bissen

        


SENIORS I

Frëndschaftsmatch (Kiermes)

Sonndes, den 23. August 2020 um 15:30 Auer zu ELL

   SC ELL     -     FC Koerich

        


DAMES I

Frëndschaftsmatch (Kiermes)

Sonndes, den 23. August 2020 um 17:30 Auer zu ELL

   SC ELL   -   RUS Loyers (B)

       


DAMES I

Frëndschaftsmatch

Samschdes, den 29. August 2020 um 18:00 Auer zu ELL

   SC ELL   -   Fc Sporting Bertrange

            


SENIORS I

1. Championnatsmatch

Sonndes, den 30. August 2020 um 16:00 Auer zu Biekerech (Stade Maemerich)

Fc Beckerich   -   SC ELL

       


SENIORS I

2. Championnatsmatch

Sonndes, de 6. September 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Fc Pratzerthal-Redange

            


DAMES I

1. Championnatsmatch

Samschdes, den 12. September 2020 um 19:00 Auer zu ELL

    SC ELL    -    Fc Mamer 32

      


DAMES II

1. Championnatsmatch

Samschdes, den 12. September 2020 um 19:00 Auer zu Dikrech (Parc des Sports, synth.)

YB Diekirch II   -   SC ELL

       


SENIORS I

3. Championnatsmatch

Sonndes, den 13. September 2020 um 16:00 Auer zu Eschduerf (Stade um Quatre-Vents)

Racing Heid.-Eschdorf  -  SC ELL

                       


DAMES I

2. Championnatsmatch

Samschdes, den 19. September 2020 um 19:00 Auer zu Wuermer (Am Ga, synth.)

Ent. Wormeldange   -   SC ELL

                


DAMES II

2. Championnatsmatch

Samschdes, den 19. September 2020 um 19:00 Auer zu ELL

    SC ELL  -  Red Star Merl-Belair

      


SENIORS I

4. Championnatsmatch

Sonndes, den 20. September 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  US Rambrouch

      


DAMES I

3. Championnatsmatch

Samschdes, de 26. September 2020 um 19:00 Auer zu ELL

    SC ELL   -   Ent. Rosport/USBC I

           


DAMES II

3. Championnatsmatch

Samschdes, de 26. September 2020 um 19:00 Auer zu Bissen (ZAC Klengbousbierg 2, synth.)

Fc Atert Bissen  -  SC ELL

          


SENIORS I

5. Championnatsmatch

Sonndes, de 27. September 2020 um 16:00 Auer zu Colmer-Bierg (Stade Grand Duc Henri)

AS Colmar-Berg  -  SC ELL

           


DAMES I

4. Championnatsmatch

Samschdes, den 3. Oktober 2020 um 19:00 Auer an der Stad (Stade Boy Konen)

Ent. Itzig/CeBra I  -  SC ELL

           


DAMES II

4. Championnatsmatch

Samschdes, den 3. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Ent. USBC/Rosport II

        


SENIORS I

6. Championnatsmatch

Sonndes, de 4. Oktober 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL   -   US Reisdorf

      


SENIORS I

7. Championnatsmatch

Sonndes, den 11. Oktober 2020 um 16:00 Auer zu Wëntger (Stade Henri Lamborelle)

AS Wincrange  -  SC ELL

       


DAMES I

5. Championnatsmatch

Mëttwochs, de 14. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

    SC ELL    -    Sporting Bertrange

            


DAMES II

5. Championnatsmatch

Mëttwochs, de 14. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu Rëmeléng (synth.)

US Rumelange  -  SC ELL

      


DAMES I

6. Championnatsmatch

Samschdes, de 17. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu Nidderkuer (Terrain 2, synth.)

Progrès Niederkorn  -  SC ELL

                   


DAMES II

6. Championnatsmatch

Samschdes, de 17. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Fc Sporting Mertzig

        


DAMES I

7. Championnatsmatch

Samschdes, de 24. Oktober 2020 um 19:00 Auer an der Stad (Stade Camille Polfer)

RFCU Luxembourg  -  SC ELL

                  


DAMES II

7. Championnatsmatch

Samschdes, de 24. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL    -    Fc Wiltz 71

   


SENIORS I

8. Championnatsmatch

Sonndes, de 25. Oktober 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Orania Vianden

     


DAMES I

8. Championnatsmatch

Freides, den 30. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL   -   Fc Swift Hesperange

           


SENIORS I

9. Championnatsmatch

Samschdes, den 31. Oktober 2020 um 18:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Fc Jeunesse Gilsdorf

          


DAMES I

9. Championnatsmatch

Samschdes, de 7. November 2020 um 19:00 Auer zu Betebuerg (Stade Municipal, synth.)

SC Bettembourg   -   SC ELL

             


DAMES II

8. Championnatsmatch

Samschdes, de 7. November 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  CS Fola Esch II

    


SENIORS I

10. Championnatsmatch

Sonndes, den 8. November 2020 um 16:00 Auer zu Pärel (Terrain Centre Culturel)

Les Ardoisiers Perlé  -  SC ELL

                   


DAMES I

10. Championnatsmatch

Samschdes, de 14. November 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL    -    CS Fola Esch I

       


DAMES II

9. Championnatsmatch

Samschdes, de 14. November 2020 um 16:30 Auer zu ELL

   SC ELL    -    YB Diekirch II

     


SENIORS I

11. Championnatsmatch

Sonndes, de 15. November 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL   -   US Folschette

      


DAMES I

11. Championnatsmatch

Samschdes, den 21. November 2020 um 19:00 Auer zu Dikrech (Parc des Sports, synth.)

YB Diekirch I   -   SC ELL

      


DAMES II

10. Championnatsmatch

Samschdes, den 21. November 2020 um 19:00 Auer an der Stad (Stade Josy Barthel II, synth.)

Red Star Merl-Belair  -  SC ELL

                


SENIORS I

12. Championnatsmatch

Sonndes, den 22. November 2020 um 16:00 Auer zu Méchela (Terrain in der Ae)

CS Bourscheid  -  SC ELL

        


DAMES I

12. Championnatsmatch

Samschdes, den 28. November 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Jeunesse Junglinster

             


DAMES II

11. Championnatsmatch

Samschdes, den 28. November 2020 um 16:30 Auer zu ELL

   SC ELL    -    Fc Atert Bissen

        


SENIORS I

13. Championnatsmatch

Sonndes, den 29. November 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  GB Harlange-Tarchamps

           


DAMES I

13. Championnatsmatch

Samschdes, de 5. Dezember 2020 um 19:00 Auer zu Wëntger (Stade Henri Lamborelle)

AS Wincrange   -   SC ELL

        


DAMES II

12. Championnatsmatch

Samschdes, de 5. Dezember 2020 um 19:00 Auer zu Bäerdref (Terrain Maartbësch)

Ent. USBC/Rosport II  -  SC ELL

                  


Août 2020
DLMaMeJVS
1
2345678
9101112131415
16171819202122
23242526272829
3031

Voir le planning