News
Article wort.lu Dames - 14e journée:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
SC ELL - YB Diekirch 2 - 2

Mir trennen eis mat engem 2-2 géint Dikkrech. An engem schwachen Match haat och keng vun deenen 2 Equipen déi 3 Punkten verdingt. Dikkrech konnt an der 1. Halschent mat 1-0 a Féierung goën. Direkt nom Wiessel konnte mir duerch den Max Berg an 47. Minutt ausgläichen. No enger giel-rouder Kaart an 65 Minutt hu mir dunn nach zu 10 gespillt. Dikkrech konnt op kuerz drop mat 2-1 a Féierung goën. Elo sinn mir mol erwäscht an jiddfereen huet Moral a Kampfgeescht gewiesen an su konnte mir nach eemol an der 78. Minutt ausgläichen. No engem Feeler um Charel Heusbourg huet den Paul Wilwerding den Elëfter ra geschoss. Weider hunn eis Männer probéiert déi 3 Punkten ze kréien mee ët blouw beim 2-2.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Max Berg
1x Paul Wilwerding
Jeunes Filles I
1. Championnatsmatch - Retour
E Atertdaul I - E Diekirch 10 - 0

Eis Jeunes Filles I gewannen schon de Freiden mat 10-0 géint Dikkrech.
D'Goaler fir den Atertdaul hu geschoss:
4x Hanna Thill
2x Kate Thill
2x Mara Boly
1x Sandy Hoekstra
1x Vania Nogueira Marques
Jeunes Filles II
1. Championnatsmatch - Retour
FC Mamer 32 - E Atertdaul II 3 - 5

Eis Jeunes Filles II gewannen mat 5-3 zu Mamer.
D'Goaler fir den Atertdaul hu geschoss:
1x Vania Nogueira Marques
1x Zoé Ribeiro
1x Lora Berschet
1x Sandra Alves
1x Adelisa Rastoder
AS Colmarberg - SC ELL 0 - 1

Eis Dames I gewannen mat 1-0 zu Colmarbierg. Op engem schwierigen Terrain gouf nët den allerbeschten Fussball gebueden, trotzdem waren déi Eller déi besser Equipe. Bis op een Kappball vun enger eegener Spillerin ass nët vill op eise Goal gaang. Mir selwer haaten och nët vill Goalchancen waren awer méi geféierlich wéi Colmarbierg. Beim Goal fir Ell huet Colmar reklaméiert de Ball wier virun der passe-en-retrait vum Logane Wegnez op d'Sarah Cardinali am Aus gewiecht. Den Arbitter huet daat nët sou gesinn an d'Sarah schéisst onhaltbar eran.
De Goal fir ELL huet geschoss:
1x Sarah Cardinali
SC ELL II - E Itzig/Canach II 3 - 0 ff.

Eis Dames 2 gewannen ouni ze spillen. Déi 2. Dammenequipe vun der E Itzig/Canach huet forfait gemeet.
US Hostert II - SC ELL 1 - 2

Eis 2. Equipe gewënnt mat 2-1 géint Hueschtert, eng wichteg Victoire. Eis Männer hunn ee gudde Match gespillt an déi 3 Punkten verdingt mat heem gehol.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Charel Heusbourg
1x Pol Reckinger
US Rumelange - SC ELL 3 - 2

Eis Dames 2 verléieren mat 3-2 zu Rëmeleng. No enger schlechter éischter Halschent hunn eis Dammen déi 2. Halschent gudd gespillt a konnten sech vill Goalchancen erausspillen. Eis Meedercher haaten nach genuch Chancen fir de Match ze gewannen mee mir konnten just 2 Goaler schéissen a verléieren wéinst der schlechter éischter Halschent.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Agata Rabcewzka
1x Conny Kaufmann
An der Annexe fann dir den Trainingsprogramm fir Dames fir de Mount März 2016.
Dësen fann dir och am Menue bei Equipes.
- Trainingsprogramm Dames: März 2016 pdf - 35 Ko
