News
Racing Luxembourg - SC ELL 8 - 0

Eis 2. Equipe verléiert mat 8-0 géint de Racing. Trotzdem all Respekt fir d'Leit déi uegtrueden sinn an een decke Merci un d'Spiller déi agesprong sinn fir déi vill Abscencen ze ersetzen.
Article wort.lu Dames - 16e journée:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
SC Bettembourg - SC ELL 4 - 0

Eis Dames I verléieren kloer mat 4-0 zu Betebuerg. Schons no 10 Minutten konnt Betebuerg mat engem Ball hannert eis Ofwier mat hierer éischter Chance den 1-0 schéissen. Nëmmen 7 Minutten drop ass mat hierer 2. Goalchancen och den 2-0 gefall. An engem schwachen Match vun eise Meedercher konnte mir Betebuerg nët wierklich oft a Gefor bréngen. Mir hunn eis nët getraut offenisv ze spillen an sou waren eis zwee Stiirmer, d'Virginie a Logane, op sech aléng gestalt. Sie zwee hu wierklich alles probéiert, mee nëmmen sielen war mir beim Betebuerger Goal. Virun der Halschent haat Betebuerg nach 2 gudd Chancen, mee eise Goalkeep huet ee méi héijen Réckstand verhënnert.
Déi 2. Halschent hu mir besser ugefaang, ouni awer geféierlich no vir ze kommen. Mir probéiert den Uschlossgoal ze fannen awer ouni Erfolleg. An der 75. Minutt huet Betebuerg mam 3-0 de Match entscheed. An der 80. Minutt ass dunn och nach den 4-0 gefall. An der Schlussphase haate mir zwou gudd Goalchancen, mee ët war nët wierklich eisen Dag an ët blouw beim 4-0.
SC ELL - FC Pfaffenthal 1 - 1

Eis Dames 2 spillen 1-1 gläich géint d'Equipe aus dem Paffendall. No den éischte 45 Minutten stung ët nach 0-0. An der 2. Halschent konnten eis Meedercher duerch d'Kim Jungbluth mat 1-0 a Féierung goën. Eng Véirelstonn virun Schluss huet de Paffendall ausgeglach. Bäid Equipen haten hier méi stark an méi schwach Phasen am Match an bäid Equipen hätten de Match kéinten gewannen, ee gerechte Punkt fir jiddfereen.
De Goal fir ELL huet geschoss:
1x Kim Jungbluth
SC ELL - US Berdorf/Consdorf 0 - 2

Eis 2. Equipe verléiert den Nohuelmatch mat 2-0 géint Berdorf-Consdorf. Mir haaten nët vill ze gudd géint eng stark Equipe vun Berdorf-Consdorf an d'Resultat hätt kéinten méi héich ausfallen.
SC ELL - Progrés Niedercorn 2 - 1

Eis Dammen gewannen den Nohuelmatch mat 2-1 géint Niederkuer. Mir konnten an der 37. Spillminutt duerch ee Kappballgoal vum Mara Ventura a Féierung goën. Déi 2. Halschent huet d'Logane Wegnez an der 62. Minutt op 2-0 erhéicht. Kuerz virun Schluss konnt Niederkuer no engem Ofwierfeeler op 2-1 verkierzen. Duerno sollt awer näischt méi geschéien. Déi éischt Véirelstonn an déi lescht Véirelstonn haate mir Problemer an Niederkuer war déi besser Equipe, soss hu mir de Match awer dominéiert.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Mara Ventura
1x Logane Wegnez
SC ELL - SC Tontelange 5 - 1

FC Useldange - SC ELL 0 - 3

Eis 1. Equipe gewënnt mat 3-0 zu Useldeng. An der éischter Halschent war Useldeng déi besser Equipe an Ell huet virunallem d'Réim zou gemeet an sou gouf ët wéinig Goalchancen an den éischte 45 Minutten. Useldeng haat méi vum Spill awer bal keng Goalchancen an Ell war am geféierlichsten bei Standardsituatiounen.
Déi 2. Halschent huet Ell sech awer méi an d'Spill abruecht an sou war de Match ausgeglach. An der 62. Minutt konnte mir dunn a Féierung goën . No engem Ugrëff iwert déi lénk Säit ass de Ball beim Ben Schaaf um 2. Poto geland deen zum 1-0 eranschéisst. Nëmmen 4 Minutten duerno konnte mir op 2-0 erhéijen. No engem schéinen Opbauspill mat séierem Säitewiessel spillt de Max Berg de Ball op den 2. Poto wou ob e neits den Ben Schaaf goldrichtig steet fir den 2-0 ze markéieren. An der 68. Minutt gouf dunn ee Spiller vun Useldeng mat giel-rout erofgesat. An der 77. Minutt gouf de Charel Heusbourg am Strofraum gefoult an den Paul Wilwerding verwandelt den Elëfmeter zum 3-0. Duerno haate mir nach déi eng oder aner Goalgeleenheet déi mir awer leider nët gudd ausgespillt hunn an sou ass ët beim 3-0 bliwwen. Eis Equipe huet taktischt disziplinéiert gespillt an sou lues awer sëcher Iwerhand am Match kritt an déi 2. Halschent mat gudden Aktiounen de Match entscheed.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
2x Ben Schaaf
1x Paul Wilwerding
