News
Article wort.lu Dames - 20e journée:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
Jeunes Filles
6. Championnatsmatch - Retour
E Hosingen - E Atertdaul I 0 - 4

Trotz engem schwachen Match vun de Jeunes Filles gewannen eis jonk Meedercher mat 4-0 zu Housen.
D'Goaler fir den Atertdaul hu geschoss:
2x Lisa Kneip
1x Chiara Bernardo
1x Hanna Thill
Racing Luxembourg - SC ELL 1 - 0

Eis Dames I verléieren mat 1-0 um Racing. Mir hunn de Match gudd ugefaang an haaten direkt eng gudd Goalchance. Lues awer sëcher ass de Racing besser an de Match komm an de Match war relativ ausgeglach. Mir kruten no 24. Minutten den 1-0 geschoss wou den Arbitter allerdings hätt missten ofpäifen wéinst héiche Fouss. Mir haaten am Match méi gudd Offenivaktiounen dofir haat de Racing awer déi besser Chancen. Ee Gläichspill wär gerecht gewiecht.
SC ELL - SC Bettembourg II 5 - 1

Eis Dames 2 gewannen iweraschend mat 5-1 géint den Tabellenzweeten Betebuerg. Eis Meedercher hunn super ugefaang a konnten hier 5 Goaler an der éischter Halschent schéissen. Déi zweet Halschent hunn eis Meedercher zwar den 5-1 geschoss kritt, mee d'Victoire war nie a Gefor. Respekt fir déi super Leechtung.
D'Goaler fir den SC ELL hu geschoss:
1x Kim Jungbluth
1x Fabienne Kartheiser
1x Cynthia Ferraira
1x Yulisa Schloesser
1x Nora Goergen
Article wort.lu Seniors - 22ième journée:
Paroles des techniciens:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
Article wort.lu Dames - 19e journée:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
Racing Troisvierges - SC ELL 3 - 1

Eis 1. Equipe verléiert mat 3-1 zu Ëlwen. Déi éischt 15 Minutten stungen mir ze déif an hunn just verteidigt. An der 8. Minutt huet eise Goalkeep, de Marvin Eisenmenger, missen ausgewieselt ginn an an d'Klink gefouert ginn. Ee Spiller vun Ëlwen ass an den Marvin geknuppt nodeems hien awer schon de Ball haat an de Arbitter ob Abseits entscheed haat. Sou ass de Pol May agesprong deen io och blesséiert ass. Puer Minutten duerno krute mir den 1-0 geschoss. Mir sinn duerno awer besser an de Match komm an de Match war méi ausgeglach. Mir haaten dunn zwou 100% Goalchancen mee mir konnten déi leider nët notzen.
An der 2. Halschent ass de Match identischt weidergaang. Ëlwen konnt mat hierer nächster Chancen den 2-0 an der 58. Minutt schéissen. Mir verkierzen séier, an der 63. Spillminutt, op 2-1 duerch den Paul Wilwerding per Elëfmeter. Nëmmen 2 Minutten drop konnt Ëlwen awer nees mat 3-1 a Féierung goën. Weider ass näischt méi geschitt. Ëlwen war déi bessi besser Equipe och wann mir déi besser Goalchancen haaten.
Dem Marvin huet ee klenge Cut ënnert dem Aan an eng licht Gehirnerschütterung. Mir wënschen him vun hei aus eng gudd Besserung.
De Goal fir ELL huet geschoss:
1x Paul Wilwerding
Jeunes Filles
5. Championnatsmatch - Retour
E Wincrange - E Atertdaul II 4 - 0

Eis JF2 verléieren mat 4-0 zu Wëntger. Mir hunn nët sou gudd gespillt an haaten och nët vill Goalchancen. Déi nächste Kéier geet nees besser.
5. Championnatsmatch - Retour
E Wormeldange - E Atertdaul I 1 - 11

Eis JF1 gewannen däitlech mat 11-1 zu Grevenmachen géint d'Entente Wuermer.
4x Vania Nogueira
2x Kate Thill
2x Hanna Thill
2x Chiara Bernardo
1x Sandy Hoekstra
