News
FC Junglinster - SC ELL 4 - 1

Eis Dames I verléieren mat 4-1 géint den FC Junglinster. Eis Meedercher hunn de Match gudd ugefaang an de Ball gudd laafen gelos. Jonglënster huet haaptsächlich mat wäite Bäll a Flanken gespillt wou ët och mol méi geféierlich ginn ass ouni awer eng kloer Goalchance ze hunn. An der 32. Minutt haate mir eng 100% Goalchance déi mir leider nët konnten notzen. Leider krute mir an der 43. Minutt den 1-0 geschoss, ee Goal den ze evitéieren war.
Déi 2. Halschent huet Jonglënster d'Heft an d'Hand gehol an huet de Match dominéiert. Duerch zwee Goaler kuerz noëneen konnt Jonglënster de Match entscheeden; den 2-0 an der 56. an den 3-0 an der 60. Spillminutt. Weider ass den 4-0 an der 75. Spillminutt gefall éier mir konnten den Éirengoal an der 78. Minutt duerch d'Sarah Cardinali schéissen.
De Match vun eis Meedercher war ganz ok, virunallem eng ganz gudd éischt Halschent géint den Tabellenéischten.
De Goal fir ELL huet geschoss:
1x Sarah Cardinali
SC ELL - UN Kaerjeng 97 3 - 0 ff.

Eis Dames II gewannen 3-0 forfait géint d'UN Kaerjeng.
SC ELL - Union Remich/Bous 3 - 4
![]()
Eis 2. Equipe verléiert ongléckleg mat 4-3 géint den Tabellenzweeten Union Remich-Bous. Mir konnten séier duerch een Elëfter mat 1-0 a Féierung goën duerch den Cédric Zinelli. D'URB war déi éischt Halchent awer kloer iwerleen a konnt enger 3-1 Féierung an d'Paus goën. Déi 2. Halschent waren déi Eller déi besser Equipe an mir konnten fir d'éischt op 2-3 verkierzen duerch den Thierry Kemmer an duerno op 3-3 ausgläichen duerch den Dave De Bruyn. Weider haate mir zwou 100% Chancen fir den Match ze gewannen, mee mir hunn déi nët genotzt. Een Ofwierfeeler 5 Minutten virun Schluss huet eis dunn och nach den verdingten Punkt kascht.
D'Goaler fir den SC ELL hu geschoss:
1x Cédric Zinelli
1x Thierry Kemmer
1x Dave De Bruyn
Alliance Äischdall - SC ELL 4 - 1

Eis Dames 2 verléieren mat 4-1 zu Habscht. Den Äischdall war méi stark an huet de Match dominiéiert. Eis Meedercher haaten nët hieren beschten Dag. Nodeems den Äischdall 2-0 vir lung konnt d'Kim Jungbluth virun der Paus op 2-1 verkierzen. An der 2. Halschent ware mir besser am Match mee mir kréien den 3-1 no engem Goalkeepsfeeler. D'Chance waren do fir ze verkierzen, mee mir konnten dëss nët notzen. Kuerz virun Schluss huet den Äischdall den 4-1 geschoss.
De Goal fir den SC ELL huet geschoss:
1x Kim Jungbluth
Jeunes Filles
6. Championnatsmatch - Retour
E Atertdaul II - Alisontia Steinsel 1 - 3

D'JF2 verléieren mat 3-1 géint Steesel.
De Goal fir den Atertdaul huet geschoss:
1x Adelisa Rastoder
FC Lorentzweiler - SC ELL 0 - 4

D'Goaler fir den SC ELL hu geschoss:
1x Dave De Bruyn
1x Cédric Zinelli
1x Joé Frisch
1x David Brickler
Article wort.lu Seniors - 23ième journée:
Paroles des techniciens:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
US Boevange - SC ELL 1 - 0

Eis 1. Equipe verléiert mat 1-0 zu Béiwen. Schon no 5 Minutten hätten mir missten mat 1-0 a Féierung goën. No enger super Aktioun vum Joé Frisch iwert d'Säit spillt hient op de Paul Wilwerding deen de Ball nët eran kritt; fir d'éischt op de Poteau an am zweeten Versuch driwwer. De Match war relativ ausgeglach och wann eis Equipe méi op Konter ausgericht war. Bäid Equipen haaten hier Chancen woubäi den SC ELL déi besser haat. Béiwen konnt an der 2. Halschent mat 1-0 a Féierung goën. No engem Corner krute mir de Ball nët degagéiert a schlussendlich stung ee Spiller vu Béiwen richteg fir de Ball eranzeschéisschen. Duerno hu mir méi offensiv gespillt, mee d'Gléck war nët op eiser Säit. Leider haat den Arbitter vill ongléckleg Entscheedungen géint eis gehol (puermol Abseits wou kloer kee war an zwee kloer Fräistéiss nët ginn) soss wär de Match sëcherlich anescht ausgaang. Alles an allem ee gudde Match vun eiser Equipe.
