News
SC ELL - Union Titus Pétange 6 - 1

Eis Dames II gewannen mat 6-1 géint d'Union Titus Péiteng séi just zu 9 Meedercher ugetrueden sinn wou nach ee Mädchen sech blesséiert huet an sie zu 8 de Match faerdeg gespillt hunn. Eis Dammen waren kloer iwerleen an hätten vill méi Goaler missten schéissen. Ee grousse Respekt awer un d'Meedercher vu Péiteng déi ugetrueden sinn an gudd gekämpft hunn.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
2x Fabienne Kartheiser
2x Nora Goergen
1x Lisa Kneip
1x Mandy Fautsch
FC Medernach - SC ELL 2 - 1

Eis 1. Equipe verléiert mat 2-1 géint den Tabellenéischten Medernach. Obschons mir momentan mat vill Blesséierten ze kämpfen hunn, huet eis Equipe sech sou deier wéi méiglech verkaf. Medernach huet gudd ugefaang a war eis iwerleen. Sie konnten och mat 1-0 a Féierung goën an haaten duerno och nach eng gudd Chance fir ze erhéijen, mee eise Goalkeep de Pol May huet mat enger super Parade dëss Chance vereitelt. Duerno haate mir eng gudd Chance fir auszegläichen, mee dem Joel Maia säin Schoss war ze lues an onpräzis. Kuerz virun der Halschent haat mir nach eng super Chance, mee de Paul Wilwerding konnt dëss leider nët notzen.
An der 2. Halschent war Medernach nët méi sou iwerzeegent och wann sie méi de Ball haaten. Sie schéissen den 2-0 awer kuerz drop stung ët schon nees 2-1. Eng Flank vum Pol Smit an d'Mëtt gouf vum Verteidiger virum Paul Wilwerding an den eegenen Goal geklärt. Weider war de Match op, bäid Equipen hunn hier Offenivaktiounen nët gudd ausgespillt. 5 Minutten virun Schluss krut Medernach een Elëfmeter den de Pol May hällt. Déi lescht 5 Minutten huet Medernach nach eemol geziddert, mee ët ass näischt méi geschitt a mir verléieren mat 2-1. D'Astellung bei eiser Equipe huet gestëmmt an Medernach haat ët nët einfach.
De Goal fir ELL huet geschoss:
1x Selbstgoal (Pol Smith)
Jeunes Filles
9. Championnatsmatch - Retour
FC Itzig - E Atertdaul II 2 - 9

Eis JF2 gewannen mat 9-2 zu Itzig.
D'Goaler fir den Atertdaul hu geschoss:
4x Sandra Alves
2x Vania Marques
1x Chiara Bernardo
1x Adelisa Rastoder
1x Selbstgoal
Tombola vun der Oldiesnight 2016
1. Präis: 802 100€
2. Präis: 124 50€
3. Präis: 696 25€
4. Präis: 402 15€
5. Präis: 049 15€
D'Gewënner sollen sech beim Paul Wilwerding um 621 141406 mellen.


Hei sinn Linken zu den 5 Strecken fir GPS:
Parcours 1:
http://www.gpsies.com/map.do?fileId=ttvrmccobxeltgea
Parcours 2:
http://www.gpsies.com/map.do?fileId=meozovddgzbpzrwv
Parcours 3:
http://www.gpsies.com/map.do?fileId=lybicaimeqcjcbbr
Parcours 4:
http://www.gpsies.com/map.do?fileId=vlrwvvksfprqakoz
Parcours 5:
- Flyer Randonnée Lucien Didier 2016 pdf - 1229 Ko
Article wort.lu Dames - 21e journée:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
Jeunes Filles
8. Championnatsmatch - Retour
E Atertdaul II - FC Mamer 3 - 4

Eis JF2 verléieren mat 4-3 géint Mamer. Eis jonk Meedercher haate méi verdingt.
D'Goaler fir den Atertdaul hu geschoss:
3x Lora Berschet
7. Championnatsmatch - Retour
E Atertdaul I - SC Bettembourg 0 - 0

Eis JF1 spillen 0-0 gläich mat Betebuerg. Eng ganz Rei Meedercher hu gefeelt an sou huet bessi Duerchschlagskraft gefeelt fir de Match zu eise Gonschten ze entscheeden. Weider hu mir nët super gespillt an lossen sou Punkten hänken.
SC ELL - FC Gilsdorf 0 - 3

An engem ganz schwache Match vun bäid Equipen war Gilsdorf déi manner schwach a gewannen mat 3-0. Gilsdorf ass an der éischter Halschent mat 1-0 a Féierung gaang. Déi éischt Halschent war relativ ausgeglach an ët goufen nët vill Goalchancen. Déi 2. Halschent schéisst Gilsdorf séier den 2-0 an den 3-0 an duerno ass nët méi vill geschitt.
