News

23/05/2016 - Opstieg vum FC Préizerdaul/Réiden

Heimat gratuléiert den SC ELL eisem Noppeschveräin

FC Préizerdaul/Réiden fir den Obstieg an déi 1. Divisioun.

Dir hudd eng formidabel Saison gespillt, virun allem aer Réckronn.

Nët ze vergiessen ass natirlech och den Opstieg vun aerer

2. Equipe. Eng gelongen Saison.

BRAVO !!!

23/05/2016 - 26. Championnatsmatch - Seniors I

  SC ELL     -     SC Steinfort          2 - 3

            

Eis 1. Equipe verléiert och hiren leschte Championnatsmatch mat 3-2 géint Stengefort. Dëss hunn de Match mat vill offensivem Drock ugefaang an haat direkt vill gudd Goalchancen wou sie ganz schwach ofgeschloss hunn oder eise Goalkeep, de Pol May, immens gehal huet. Mir konnten dann mat eisem éischte gudden Ugrëff mat 1-0 a Féierung goën. Eng schéin Pass vum Guillaume Lecomte op den Charel Heusbourg den iwert den Goalkeep zum 1-0 eranschéisst. Stengefort konnt per Elëfmeter ausgläichen. Dësen war allerdings méi wéi ëmstridden. Den Joel Maia blockt ee Schoss of, an daat virum Strofraum, mee den Arbitter gesäit ee Händs an gëtt och nach Elëfter. Stengefort huet sou den 1-1 Ausgläich markéiert an sou ass ët och an d'Paus gaang. De Match wier am Fong rouerg erof gaang wann nët een onméiglechen Arbitrage Hektik an de Match bruecht hätt. Éier déi 2. Halschent ugaang ass huet den Arbitter ët fir néideg fonnt bei eis Bänk ze kommen an mat iwerflëssigen dommen Kommentarer eis Spiller regelrecht ze provokéieren. Nach selten sou een aroganten Arbitter gesinn, den awer am Päifen nët vill dacht!

Déi 2. Halschent ass méi roueg ugaang an Stengefort huet manner Drock gemeet. Dovun hu mir profitéiert an den Ben Schaaf schéisst eis Equipe no enger schéiner Pass vum Cédric Zinelli nees a Féierung. Stengefort ass lues awer sëcher nervös ginn. Déi lescht 20 Minutten hunn sie méi offensiv gespillt an sinn méi Risiko agaang woufier sie och belount goufen. Sie kënnen eng Véirelstonn virun Schluss ausgläichen an an der 82. Minutt mat 3-2 a Féierung goën. Heibäi ass ët bliwwen an Stengefort bleiwt op der drëtter Platz an der Tabell a spillt soumat den Barage-Match. Eis Equipe huet fair-play gespillt an déi lescht zwee Matcher alles ginn, trotz deziméiertem Kader, fir géint déi éischt aus der Tabell ze punkten. Mir hunn déi lescht 2 Matcher nach eemol Moral bewiesen an eis gudd geschlou. Dorops soll een opbauen.

Mir soën hei och dem Tom Scheid villmols MERCI. Hien huet d'Equipe am Wanter iwerhol fir den Interim bis zum Summer ze machen. Och wann d'Réckronn nët sou erfollegräich war wéi den 1. Tour, sou ass dach awer d'Moral vun der Equipe wesentlich besser ginn; méi Leit um Training an och nees zesummen een drénken gaang. MERCI Tom !!!

D'Goaler fir ELL hu geschoss:

1x Charel Heusbourg

1x Ben Schaaf

23/05/2016 - Championnat Jeunes Filles

Jeunes Filles

10. Championnatsmatch - Retour

E Atertdaul II   -   FC Differdange           1 - 12

                  

Eis JF2 verléieren mat 12-1 géint Déifferdeng. Eng ganz stark Equipe wou eis Meedercher wierklich keng Chance haaten obschons mir och eng gudd Equipe do stoën haaten. Kapp héich, den nächste Match geet nees besser.

De Goal fir den Atertdaul huet geschoss:

1x Sandra Alves

8. Championnatsmatch - Retour

Racing Luxembourg   -   E Atertdaul I          0 - 2

                        

Eis JF1 gewannen de Spëtzematch mat 2-0 um Racing. Eis Meedercher sinn ganz disziplinéiert opgetrueden an hunn de Match spillerich dominéiert. Op dem klengen Terrain war ët nët evident, mee eis Meedercher konnten sech puer gudd Goalchancen erausspillen. An der 1. Halschent konnte mir mat 1-0 duerch d'Vania Nogueira Marques a Féierung goën. Déi 2. Halschent huet d'Kate Thill op 2-0 erhéicht. De Racing huet vill mat wäite Bäll an Schëss probéiert de Wee an de Goal ze fannen. All eis Meedercher hu gudd gespillt an alles ginn. Et muss een awer déi Kéier eis Verteidigung an eise Goalkeep ervirhiewen. D'Amielle war ee super Réckhalt fir d'ganz Equipe, hatt an eis Verteidigung hunn ët faerdeg bruecht kee Goal kéint de Racing ze kréien. Tiptop!

D'Goaler fir den Atertdaul hu geschoss:

1x Vania Nogueira Marques

1x Kate Thill

23/05/2016 - 22. Championnatsmatch - Seniors Réserves

  SC ELL     -     US Sandweiler        1 - 1

          

Eis 2. Equipe spillt 1-1 gläich am leschte Match géint Sandweiler. An dëser Final fir Drableiwen an der 3. Klass waren bäid Equipe mat Spiller vun der 1. Equipe verstärkt. Ee spannenden Match mat guddem Fussball gouf gebueden an mir Eller waren zum Schluss déi Glécklech. Bäid Equipen haaten hier Goalchancen an jiddfereen hätt de Match kéinten gewannen. Mir konnten an der 25. Minutt mat 1-0 a Féierung goën duerch den Jeff Thilmany. Sandweilwer huet an der 78. Minutt ausgeglach an sou war ët richteg spannend bis zum Schluss. Weider war nach den FC Koerich am Rennen fir ze faalen mee sie konnten hiere Match gewannen sou dass schlussenlich Sandweiler ofsteigt. Respekt un all Spiller déi während der ganzer Saison gespillt hunn an de Klassenerhalt gesëchert hunn. Vun hei aus och ee grousse MERCI un den Trainer Dave Debruyn fir säin Engagement. Nierft Trainer spillen ass hien och de beschte Goalgetter an der 2. Equipe dëss Saison. Den Dave verléist eis a geet ee neien Challenge un. Mir wënschen dir och do vill Erfollëg!!!

De Goal fir den SC ELL huet geschoss:

1x Jeff Thilmany

18/05/2016 - Article wort.lu - Dames I
18/05/2016 - 21. Championnatsmatch - Seniors Réserves

   FC Itzig     -     SC ELL          1 - 5

      

Eis 2. Equipe gewënnt mat 5-1 géint Itzig an hëllt 3 wichteg Punkten géint den Ofstieg. Wéi déi lescht Matcher och war eis 2. Equipe gudd verstärkt ginn, déi Kéier duerch den Pol Smit, Max Berg an Charel Heusbourg. Dëst huet sech och bezuelt gemeet. No 36 Minutten luchen mir mat 2-0 vir duerch zwee Goaler vum Charel éier Itzig op 2-1 verkierzt huet kuerz virun der Paus.

Déi 2. Halschent hunn eis Männer de Match weider dominéiert a konnten séier alles kloer machen. Den 3-1 an der 53. Minutt duerch den Max Berg an den 4-1 an der 65. Minutt duerch den Charel Heusbourg hunn d'Entscheedung bruecht. An der 82. Minutt konnt de Pol Reckinger nach den 5-1 dropsetzen. Elo sinn mir 8. vun 12 an der Tabell mat 1 Punkt Virsprong op d'Ofstiegsplatz (10., 11. an 12. faalen). Hannert eis ass nach Sandweiler, 1 Punkt manner, géint déi mir de Freiden untrieden.

D'Goaler fir den SC ELL hu geschoss:

3x Charel Heusbourg

1x Max Berg

1x Pol Reckinger

18/05/2016 - 21. Championnatsmatch - Dames I

  SC ELL     -     E Itzig/Canach I         1 - 4

             

Eis Dames I verléieren mat 4-1 géint Itzig. Eng éischt Halschent wou mir katastrophal gespillt hunn, nët am Match waren sou dass mir an der Halschent mat 4-0 hannen luchen. Mir haaten och 2 gudd Goalchancen, mee daat war awer och alles. An der 2. Halschent hu mir besser gespillt an ët huet een Itzig nët méi vill bei eisem Goal gesinn. Mir haaten nach Goalchancen fir ee Gläichspill erauszehuelen, mee ët sollt nët sinn an sou ass eis just den Éiregoal duerch d'Sarah Cardinali gelong. Mir verléieren däitlech géint eng schwach Equipe vun Itzig an verpassen soumat mat grousser Wahrscheinlichkeet de Podium.

De Goal fir ELL huet geschoss:

1x Sarah Cardinali

Dernier match

Prochain match


DAMES I

Frëndschaftsmatch

Samschdes, de 15. August 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL    -    Fc Bitburg (D)

     


DAMES II

Frëndschaftsmatch

Donneschdes, den 20. August 2020 um 19:30 Auer zu ELL

   SC ELL   -   FC Atert Bissen

        


SENIORS I

Frëndschaftsmatch (Kiermes)

Sonndes, den 23. August 2020 um 15:30 Auer zu ELL

   SC ELL     -     FC Koerich

        


DAMES I

Frëndschaftsmatch (Kiermes)

Sonndes, den 23. August 2020 um 17:30 Auer zu ELL

   SC ELL   -   RUS Loyers (B)

       


DAMES I

Frëndschaftsmatch

Samschdes, den 29. August 2020 um 18:00 Auer zu ELL

   SC ELL   -   Fc Sporting Bertrange

            


SENIORS I

1. Championnatsmatch

Sonndes, den 30. August 2020 um 16:00 Auer zu Biekerech (Stade Maemerich)

Fc Beckerich   -   SC ELL

       


SENIORS I

2. Championnatsmatch

Sonndes, de 6. September 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Fc Pratzerthal-Redange

            


DAMES I

1. Championnatsmatch

Samschdes, den 12. September 2020 um 19:00 Auer zu ELL

    SC ELL    -    Fc Mamer 32

      


DAMES II

1. Championnatsmatch

Samschdes, den 12. September 2020 um 19:00 Auer zu Dikrech (Parc des Sports, synth.)

YB Diekirch II   -   SC ELL

       


SENIORS I

3. Championnatsmatch

Sonndes, den 13. September 2020 um 16:00 Auer zu Eschduerf (Stade um Quatre-Vents)

Racing Heid.-Eschdorf  -  SC ELL

                       


DAMES I

2. Championnatsmatch

Samschdes, den 19. September 2020 um 19:00 Auer zu Wuermer (Am Ga, synth.)

Ent. Wormeldange   -   SC ELL

                


DAMES II

2. Championnatsmatch

Samschdes, den 19. September 2020 um 19:00 Auer zu ELL

    SC ELL  -  Red Star Merl-Belair

      


SENIORS I

4. Championnatsmatch

Sonndes, den 20. September 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  US Rambrouch

      


DAMES I

3. Championnatsmatch

Samschdes, de 26. September 2020 um 19:00 Auer zu ELL

    SC ELL   -   Ent. Rosport/USBC I

           


DAMES II

3. Championnatsmatch

Samschdes, de 26. September 2020 um 19:00 Auer zu Bissen (ZAC Klengbousbierg 2, synth.)

Fc Atert Bissen  -  SC ELL

          


SENIORS I

5. Championnatsmatch

Sonndes, de 27. September 2020 um 16:00 Auer zu Colmer-Bierg (Stade Grand Duc Henri)

AS Colmar-Berg  -  SC ELL

           


DAMES I

4. Championnatsmatch

Samschdes, den 3. Oktober 2020 um 19:00 Auer an der Stad (Stade Boy Konen)

Ent. Itzig/CeBra I  -  SC ELL

           


DAMES II

4. Championnatsmatch

Samschdes, den 3. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Ent. USBC/Rosport II

        


SENIORS I

6. Championnatsmatch

Sonndes, de 4. Oktober 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL   -   US Reisdorf

      


SENIORS I

7. Championnatsmatch

Sonndes, den 11. Oktober 2020 um 16:00 Auer zu Wëntger (Stade Henri Lamborelle)

AS Wincrange  -  SC ELL

       


DAMES I

5. Championnatsmatch

Mëttwochs, de 14. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

    SC ELL    -    Sporting Bertrange

            


DAMES II

5. Championnatsmatch

Mëttwochs, de 14. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu Rëmeléng (synth.)

US Rumelange  -  SC ELL

      


DAMES I

6. Championnatsmatch

Samschdes, de 17. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu Nidderkuer (Terrain 2, synth.)

Progrès Niederkorn  -  SC ELL

                   


DAMES II

6. Championnatsmatch

Samschdes, de 17. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Fc Sporting Mertzig

        


DAMES I

7. Championnatsmatch

Samschdes, de 24. Oktober 2020 um 19:00 Auer an der Stad (Stade Camille Polfer)

RFCU Luxembourg  -  SC ELL

                  


DAMES II

7. Championnatsmatch

Samschdes, de 24. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL    -    Fc Wiltz 71

   


SENIORS I

8. Championnatsmatch

Sonndes, de 25. Oktober 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Orania Vianden

     


DAMES I

8. Championnatsmatch

Freides, den 30. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL   -   Fc Swift Hesperange

           


SENIORS I

9. Championnatsmatch

Samschdes, den 31. Oktober 2020 um 18:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Fc Jeunesse Gilsdorf

          


DAMES I

9. Championnatsmatch

Samschdes, de 7. November 2020 um 19:00 Auer zu Betebuerg (Stade Municipal, synth.)

SC Bettembourg   -   SC ELL

             


DAMES II

8. Championnatsmatch

Samschdes, de 7. November 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  CS Fola Esch II

    


SENIORS I

10. Championnatsmatch

Sonndes, den 8. November 2020 um 16:00 Auer zu Pärel (Terrain Centre Culturel)

Les Ardoisiers Perlé  -  SC ELL

                   


DAMES I

10. Championnatsmatch

Samschdes, de 14. November 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL    -    CS Fola Esch I

       


DAMES II

9. Championnatsmatch

Samschdes, de 14. November 2020 um 16:30 Auer zu ELL

   SC ELL    -    YB Diekirch II

     


SENIORS I

11. Championnatsmatch

Sonndes, de 15. November 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL   -   US Folschette

      


DAMES I

11. Championnatsmatch

Samschdes, den 21. November 2020 um 19:00 Auer zu Dikrech (Parc des Sports, synth.)

YB Diekirch I   -   SC ELL

      


DAMES II

10. Championnatsmatch

Samschdes, den 21. November 2020 um 19:00 Auer an der Stad (Stade Josy Barthel II, synth.)

Red Star Merl-Belair  -  SC ELL

                


SENIORS I

12. Championnatsmatch

Sonndes, den 22. November 2020 um 16:00 Auer zu Méchela (Terrain in der Ae)

CS Bourscheid  -  SC ELL

        


DAMES I

12. Championnatsmatch

Samschdes, den 28. November 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Jeunesse Junglinster

             


DAMES II

11. Championnatsmatch

Samschdes, den 28. November 2020 um 16:30 Auer zu ELL

   SC ELL    -    Fc Atert Bissen

        


SENIORS I

13. Championnatsmatch

Sonndes, den 29. November 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  GB Harlange-Tarchamps

           


DAMES I

13. Championnatsmatch

Samschdes, de 5. Dezember 2020 um 19:00 Auer zu Wëntger (Stade Henri Lamborelle)

AS Wincrange   -   SC ELL

        


DAMES II

12. Championnatsmatch

Samschdes, de 5. Dezember 2020 um 19:00 Auer zu Bäerdref (Terrain Maartbësch)

Ent. USBC/Rosport II  -  SC ELL

                  


Août 2020
DLMaMeJVS
1
2345678
9101112131415
16171819202122
23242526272829
3031

Voir le planning