News
Article wort.lu Dames - 22e journée:
http://www.wort.lu/fr/sport/football-feminin-junglinster-reste-le-maitre-5749492eac730ff4e7f61110
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
Jeunes Filles
11. Championnatsmatch - Retour
Fola Esch - E Atertdaul II 8 - 0

Eis Jeunes Filles 2 verléieren mat 8-0 géint eng ganz gudd Equipe vun der Fola.
9. Championnatsmatch - Retour
E Atertdaul I - E Wormeldange 3 - 0
![]()
Eis Jeunes Filles 1 gewannen mat 3-0 géint d'Entente Wormeldange. Eis jonk Meedercher hunn de Match kloer dominéiert ouni hiere beschte Fussball ze spillen. Mir hätten kéinten méi Goaler schéissen, mee daat Wichtegst sinn déi 3 Punkten.
D'Goaler fir den Atertdaul hu geschoss:
1x Kate Thill
1x Sandy Hoekstra
1x Mara Boly
SC ELL - FC CeBra 01 7 - 0

Eis Dames I gewannen de leschte Championnatsmatch mat 7-0 géint CeBra déi just zu 10 ugetrueden sinn. Bei eisen Dammen hunn och 3 Meedercher gefeelt, trotzdem haate mir géint déi geschwächten Equipe vun CeBra kee Problem. Mir hunn dëse Match och nët eise beschte Fussball gespillt an de Match hätt kéinten/missen méi héich ausgoën. Mat zwee weideren Goaler wieren eis Meedercher nach op de Podium komm mee sou schléissen mir d'Saison op enger ganz gudder 5. Plaz of, punktgläich mam 3. Lintgen an 4. Mamer.
D'Goaler fir den SC ELL hu geschoss:
3x Sarah Cardinali
1x Patrice Braun
1x Logane Wegnez
1x Mara Ventura
1x Mara Boly
FC Bertrange - SC ELL 2 - 0

Eis Dames 2 verléieren de leschte Championnatsmatch mat 2-0 géint de Champion an der 3. Klass. Eis Meedercher hunn ganz gudd gespillt an haaten 2 super Goalchancen wou mir hätten missen a Féierung goën. Mir hunn gudd matgespillt. Bartréng schéisst dunn den 1-0 wéi mir de Ball net hannen raus kritt hunn. An der 2. Halschent haate mir nees eng gudd Goalchance mee och déi sollte mir nët notzen. Kuerz virun Schluss schéisst Bartréng den 2-0 no engem schlechten Degagement vun eisem Goalkeep. Soumat war de Match verluer, mee eis Meedercher hunn ee ganz gudde Match géint den Tabellenéischten ofgeliewert.
SC ELL - FC Grevels 4 - 0

De Frëndschaftsmatch géint Grevels wou bäid Equipen nei Spiller probéiert hunn gewannen mir mat 4-0.
SC ELL Dames - SC ELL U17 2 - 2

An engem flotten Match trennen sech bäid Equipen mat engem 2-2 Gläichspill. Eis Dammen haaten méi Goalchancen déi sie hätten missen notzen mee déi jonk hunn sech nët ënnerkréien gelos a konnten souguer mat 2-0 a Féierung goën éier Dammen nees hier Goaler gemeet hunn. Ee ganz interessanten Match an ee schéint Resultat.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Virginie Godefroid
1x Kate Thill
1x Sarah Cardinali
1x Logane Wegnez
SC ELL - US Rambrouch 2 - 2

Article wort.lu Seniors - 26ième journée:
Paroles des techniciens:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
