News
SC Steinfort - SC ELL 3 - 0

Eis 1. Equipe verléiet den 1. Championnatsmatch mat 3-0 zu Stengefort. Mir waren dem Géigener kloer ënnerleen a konnten zu kengem Moment de Match, de Géigener, an de Grëff kréien. Mir haaten och eis Goalchancen, mee Stengefort huet och nach vill gudd Chancen vergin. An der Halschent luchen mir mat 2-0 hannen. Mir verléieren schlussendlich mat 3-0 woubäi d'Resultat och hätt kéinten 8-2 ginn.
SC ELL - FC Schifflange 3 - 1

Eis Dammen gewannen de Frëndschaftmatch mat 3-1 géint Schëffleng. Eis Meedercher war déi besser Equipe a Schëffleng konnt just sporadisch mat Konter virun eisem Goal optauchen. Nodeems mir eng Rei Goalchancne nët genotzt hunn war ët och duerch ee Konter wou Schëffleng mat 1-0 a Féierung gaang ass. Mir konnten nëmmen 2 Minuttten duerno ausgläichen duerch d'Kate Thill no enger super Virlag vum Logane Wegnez. Virun der Halschent huet d'Kate mat sengem 2. Goal fir 2-1 Féierung gesuergt no Corner gesuergt.
An der 2. Halschent war mir direkt gudd am Match a konnten den 3-1 schéissen. Eng weider Virlag vum Logane Wegnez an d'Kate Thill war nees do fir ee weidere Goal. No 60 Minutten ass de Match awer ofgebrach ginn wéinst dem Donnerwieder.
D'Goaler fir den SC ELL huet geschoss:
3x Kate Thill
Alisontia Steinsel - SC ELL II 4 - 1

Eis 2. Equipe verléiert hiren 1. Championnatsmatch mat 4-1 géint Steesel (Osteiger aus der 2. Klass). D'Equipe vu Steesel huet de Match kloer dominéiert an luch mat 2-0 an der Paus vir. An der 2. Halschent konnten mir an der 50. Spillminutt op 2-1 duerch den Chris Reckel verkierzen an haaten och eng Geleenheet fir den 2-2. Duerno huet Steesel awer nogeluecht a gewënnt mat och verdingt mat 4-1.
De Goal fir den SC ELL huet geschoss:
1x Chris Reckel
FC Lasauvage - SC ELL 3 - 2

Eis 1. Equipe verléiert mat 3-2 den Tour éliminatoire fir d'Coupe de Luxembourg géint Lasauvage. An engem Match wou eis Equipe Tonnen Goalchancen haat konnt Lasauvage an der 42. Minutt mat 1-0 a Féierung goën. Déi 2. Halschent ass d'selwescht weider gaang, eng Goalchance un der anerer, mee op e neits war ët Lasauvage déi getraf hunn zum 2-0 an der 70. Minutt. Nëmmen 3 Minutten duerno kruten eis Equipe een Elëfter zougesprach, mee de Paul Wilwerding trefft och nët. Weider huet eis Equipe drun gegleewt an konnt an der 77. Spillminutt op 2-1 verkierzen duerch den Xavier Gena. An der 82. Minutt war dunn de Réckstand opgeho wéi den André Graf konnt zum 2-2 ausgläichen. Voller Euphorie hunn mir weider offensiv Drock gemeet an haaten nach 2 super Goalchancen, mee an der 93. Minutt goufen mir eiskal erwëscht an Lasauvage konnt den 3-2 schéissen.
D'Goaler fir den SC ELL hu geschoss:
1x Xavier Gena
1x André Graf
FC Grevels - SC ELL II 1 - 2

D'Goaler fir den SC ELL hu geschoss:
1x Conny Konen
1x Nick Lisarelli
SC ELL - CdJ ELL&Kolpech 3 - 1


SC ELL - FC Pratz./Redange 1 - 2

Eis Männer verléieren mat 2-1 géint den FC Préizerdaul/Réiden. Virun villen Zuschauser gouf ee Match gebueden wou een souwuel Positives wéi Negatives gesinn huet. Mir hätten kéinten gläich spillen, allerdings muss een och soën, dass eis Goalkeep eng Rei 100% Goalchancen vum FC PR gehal huet. Zum Schluss vum Match haate mir zweemol den Ausgläich do leien. Dëst war den leschten Präparatiounsmatch éier ët elo mat den offiziellen Matcher lass geet.
De Goal fir den SC ELL huet geschoss:
1x Joé Frisch
SC ELL - YB Diekirch 8 - 0

Eis Dammen gewannen de Kiermesmatch mat 8-0 géint Dikrech. An engem luesen Match waren mir dem Géigener kloer iwerleen. Mir luchen allerdings nëmmen mat 2-0 vir an der Halschent. Déi 2. Halschent hu mir eis Goalchancen besser genotzt.
D'Goaler fir den SC ELL hu geschoss:
3x Isa Kruchten
2x Logane Wegnez
1x Mara Boly
1x Soria Sassel
1x Marylène Weis
