News
SC ELL II - FC Koerich 0 - 5

Eis 2. Equipe verléiert mat 5-0 géint Koerich. Et rullt am Moment guer net bei eisen Seniors Réserves, ët feelt leider Villes fir Punkten ze huelen.
Article wort.lu Seniors - 7e journée:
Paroles des techniciens:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
AS Colmarberg - SC ELL 1 - 1

Eis 1. Equipe spillt nees nëmmen 1-1 gläich. Mir waren an der 1. Halschent mat 1-0 a Féierung gaangen duerch den Charel Heusbourg. An der 2. Halschent krute mir eng giel-roud Kaart an hunn déi lescht 20 Minutten missen zu 10 spillen. Eis Männner hu gekämpft bis zum Schluss, mee leider kruten mir an de leschten Minutten nees den Ausgläich geschoss, grad wéi schons géint d'Fiels an huelen nees nëmmen 1 Punkt.
De Goal fir ELL huet geschoss:
1x Charel Heusbourg
6. Championnatsmatch JF2 - Aller
FC Itzig - SC ELL 6 - 2

D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Adelisa Rastoder
1x Zoé Klopp
4. Championnatsmatch JF1 - Aller
E Hosingen - SC ELL 0 - 20

D'Goaler fir ELL hu geschoss:
4x Sandra Alves
3x Kate Thill
3x Sandy Hoekstra
3x Soria Sassel
3x Andreia Faria Dos Santos
2x Vania Nogueira
1x Chiara Bernardo
1x Lisa Kneip
Article wort.lu Dames - 1. tour Coupe des Dames:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
Besicht och d'Facebook-Säit vum Dammefussball zu Lëtzebuerg. Do fannt dir och ëmmer nees interessant Saachen iwert den Dammefussball zu Lëtzebuerg:
FC Lasauvage - SC ELL 0 - 34

An engem eesäitigen Match géint déi nei Equipe vun Lasauvage hunn eis Meedercher ganz vill Goaler geschoss. Lasauvage sollt am Fong 12 Meedercher hunn, mee leider konnten sie nëmmen zu 9 spillen. Mam éischten Ugrëff stung ët och schons 1-0 no 34 Sekonnen fir Ell. Eis Meedercher luchen an der Halschent mat 15-0 vir an gewannen schlussendlich mat 34-0. Mir hunn nët all Ball no vir gespillt, mee de Ball laafengelos. Et ass dorëm gaang Lasauvage ofzeschéissen, mee mir sinn oft bei de Goal komm. Eng ganz Rei 100% hu mir nët erankritt wëll d'Konzentratioun séier verluer war. Näischt desto trotz huet Lasauvage sech gerapplt an bis zum Schluss gespillt, groussen Respekt!!! An Equipen machen einfach forfait, souguer mat méi wéi 9 Leit. D'Meedercher vun Lasauvage waren nom Match frou de Match faerdeg gespillt ze hunn an wëssen dass besser Zäiten op sie duer kommen. Nom Match hunn mir een zesummen gedronk, an déi Eller hunn hinnen ee Patt offréiert an soumat hieren Respekt ausgedréckt, dass sie de Match nët nëmmen gespillt, mee och zu Enn gespillt hunn. Bravo.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
12x Virginie Godefroid
8x Logane Wegnez
4x Sandy Hoekstra
2x Mara Ventura
2x Soria Sassel
2x Hanna Thill
2x Jill De Bruyn
1x Joyce Zinelli
1x Lisa Kneip
FC Pratz./Redange - SC ELL II 4 - 0

FC Kehlen - SC ELL

