News
FC Troisvierges - SC ELL 0 - 5

Eis 1. Equipe gewënnt souverän mat 5-0 géint eng schwach Equipe vun Ëlwen. Mir konnten schon an der 2. Minutt mat 1-0 a Féierung goën duerch den Joé Frisch. An der 12. Minutt schéisst den Xavier Gena den 2-0 an hien trefft och zum 3-0 an der 27. Spillminutt. Nach virun der Halschent mecht den Raphael Smit alles kloer mam 4-0 an der 42. Minutt.
Déi 2. Halschent konnte mir just nach eemol treffen an daat an der 55. Spillminutt duerch den Xavier Gena mat sengem 3. Goal. Mir haaten weider nach vill Goalchancen déi mir nët genotzt hunn. Ee super Match vun eiser Equipe.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
3x Xavier Gena
1x Joé Frisch
1x Raphael Smit
SC ELL - Fola Esch 5 - 1
![]()
Eis Dames I gewannen mat 5-1 géint den Tabellenleschten an huelen 3 wichteg Punkten fir sech bessi vun hannen ofzesetzen. Mir hunn de Match ganz gudd ugefaang an haaten an den éischten 10 Minutten schon zwou super Goalchancen. An der 11. Spillminutt sinn mir dunn och mat 1-0 a Féierung gaang duerch ee Goal vum Virginie Godefroid. Nëmmen 4 Minutten duerno huet d'Isabelle Kruchten op 2-0 erhéicht. An der 23. Minutt huet d'Virginie Godefroid de Match entscheed mam 3-0. Mir haaten nach weider Goalchancen virun der Halschent, mee ët sollt bis dohin beim 3-0 bleiwen.
Déi 2. Halschent ass och direkt nees gudd ugaang an d'Logane Wegnez schéisst den 4-0 an der 48. Minutt. D'Fola Esch konnt no engem Corner an der 71. Minutt op 4-1 verkierzen. D'Logane Wegnez huet awer an der 78. Minutt den 4 Goalervirsprong nees hiergestalt an op 5-1 erhéicht. Duerno hu mir och nach een Eelëfter verschoss an ët ass soumat beim verdingten 5-1 bliwwen.
Ët war nët eise beschte Fussball wëll mir eis dem Rythmus vum Géigener ugepasst hunn. Trotzdem hu mir 5 Goaler geschoss an haaten nach eng ganz Rei aner Goalchancen. D'Fola Esch haat just 2-3 Offenivaktiounen, alos nët vill vum Match. Mat dësen 3 Punkten hu mir elo 6 Punkten Virsprong op den Drëttleschten, d'Barrageplaz an hunn eisen SOLL fir d'Hinnronn erfëllt.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
2x Virginie Godefroid
2x Logane Wegnez
1x Isabelle Kruchten
SC ELL II - Racing Luxembourg 1 - 9

Mir verléieren däitlech mat 9-1 géint den Tabellenéischten. Vun Ufank un hu mir eis op Verteidigen agestalt an hunn dem Racing ët sou schéiwer wéi méiglech gemach. An der Halschent luche mir mat 4-1 hannen. Déi 2. Halschent huet de Racing seng Iwerleenheet nach eemol mat 5 weideren Goaler ënnerstrach.
De Goal fir ELL huet geschoss:
1x Chris Reckel
SC ELL U16 - Sélection Province 11 - 0
de Luxembourg U15 (B)

D'Goaler fir ELL hu geschoss:
5x Virginie Godefroid
3x Kate Thill
2x Mara Ventura
1x Soria Sassel
Red Black Pfaffenthal - SC ELL 7 - 1

Eis 2. Equipe Equipe verléiert kloer mat 7-1 am Paffendall. Méi schlecht kann ee Match nët ugoën, no 2 Minutten luchen mir mat 2-0 hannen an duerno war ët schwéier géint eng gudd Equipe vum Paffendall.
De Goal fir ELL huet geschoss:
1x Paul Wilwerding
8. Championnatsmatch - JF1
Racing Luxembourg - SC ELL 0 - 9

D'Goaler fir ELL hu geschoss:
4x Kate Thill
1x Hanna Thill
1x Chiara Bernardo
1x Andreia Faria Dos Santos
2x Vania Nogueira Marques
Article wort.lu Seniors - 11e journée:
Paroles des techniciens:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
SC ELL - FC Gilsdorf 3 - 2

D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Raphael Smit
1x Fabio Lopes Vale
1x Xavier Gena
