News
SC ELL - US Boevange 0 - 2

Eis 1. Equipe verléiert mat 2-0 géint Béiwen an fällt soumat an der Tabell zeréck. An engem schwachen Match war Béiwen déi méi geféierlich Equipe mee ët ass mat engem 0-0 an d'Paus gaang. No der Paus, direkt an der 47. Minutt, konnt Béiwen mat 1-0 a Féierung goën. Mir haaten weider nët vill offensiv dergéint ze setzen. An der 68. Minutt konnt Béiwen op 2-0 erhéijen. An der 72. Spillminutt kruten mir dunn een Elëfter zougesprach deen mir awer leider nët konnten eranschéissen an de Match nach eemol spannend machen an sou verléieren mir de leschte Championnatsmatch vun der Hinronn an iwerwanteren op der 9. Tabellenplatz.
Minerva Lintgen - SC ELL 4 - 5 n.E. (1-1)

Eis Dammen gewannen am Elëfmeterschéissen géint Lëntgen a qualifizéieren sech fir d'1/4 Finall vun der Coupe des Dames. Dëse Match war näischt fir schwach Nerven. Eis Equipe fänkt gudd un probéiert Lëntgen direkt ze stéieren. No enger Véirelstonn koum Lëntgen dunn besser an de Match an haat déi eng oder aner Kontergeleenheet bis zur Paus. An der 38. Spillminutt konnt Lëntgen nët onverdingt mat 1-0 a Féierung goën. Sie waren an der éischter Halschent déi méi geféierlich Equipe.
No puer Ëmstellungen bei ELL huet sech an der 2. Halschent awer een anert Bild gewisen. Eis Dammen hunnn déi 2. Halschent dominéiert an haaten och puer gudd Goalchancen wou mir ët verpasst hunn den Ausgläich ze schéissen. Weider hätten mir och missen een Elëfter kréien bei engem kloren Handspill am Strofraum vun Lëntgen. Eis Meedercher hunn awer bis zum Schluss gekämpft, bis zur allerleschter Minutt drun gegleewt a konnten an der 3. Minutt vun der Nospillzäit nach den 1-1 Ausgläich duerch d'Virginie Godefroid fannen.
Duerno war Elëftmeterschéissen ugesot. D'Goalkeeperin vun Lëntgen huet zwee Elëfter vun eis paréiert an ët huet alles anescht wéi no enger Qualifikatioun fir d'1/4 Finall ausgesinn. Nodeems schon eng Spillerin vun Lëntgen lanscht geschoss huet, hällt eise Goalkeep, d'Samiah Poiré, den entscheedenden 5. Elëfter vun Lëntgen a schéisst duerno den 5. Elëfter vun ELL ran. Daat nennt een Nerven behaalen! Duerno gung ët weider mam 6. Elëfter wou Lëntgen nees derlanscht schéisst an d'Chance fir ELL do war fir an den nächsten Tour. D'Logane Wegnez ass ugetrueden, an.... Goal! Den SC ELL steet an der 1/4 Finall vun der Coupe des Dames.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Virginie Godefroid
11-Meter:
1x Mara Boly
1x Virginie Godefroid
1x Samiah Poiré
1x Logane Wegnez
SC ELL - US Waltzing (B) 5 - 1

Mir gewannen de Frëndschaftsmatch mat 5-1 géint Waltzing.
D'Goaler fir Ell hu geschoss:
2x Andreia Faria Dos Santos
1x Nora Goergen
1x Isabelle Kruchten
1x Cynthia Ferreira
11. Wanterlaf - Sonndes, den 8. Januar 2017

De Wanterlaf geet zu Réiden beim Atertlycée fort. Hei ginn ët 3 Distanzen (Parcours) déi een kann laafen oder walken:
6, 10 oder 15 km ---- Running oder Walking

Den Départ fir de Walking ass Moies um 09:15 Auer an den Départ fir de Running ass Moies um 10:00 Auer. Bei dësem Laaf geet ët op der enger Säit ëmt de Spass an awer haaptsächlich fir ee gudden Zweck. Mam Erléis vum Wanterlaf ginn Télévie an Trisomie21 ënnerstëtzt. Den SC ELL mëcht heimat säin jährlichen sozialen Beitrag an bezillt all Participants, den ënnert dem Numm vum SC ELL walking oder running mëcht, d'Startgeld. Daat lescht Joër huet den SC ELL op dësem Event mat bal 100 Leit deelgeho an iwer 600 € fir ee gudden Zweck ginn. Mir sollen och dëst Joër nees zesummen ee schéinen Sonnden Moien mat Kollegen, Frënn a Famill zu Réiden verbréngen an dofir gëllt och nees ..... mellt Iech un!!!
Och dëst Joër gëtt ët nees den Challenge vun der gréisster Equipe bei den Virumeldungen organiséiert. Am Joër 2011 war den SC ELL mat 87 Participantën, 2012 mat 104 ,2015 mat 151 an 2016 mat 131 Particpantën de Gewënner vun dësem Challenge, 2013 an 2014 ware mir déi Drëtt an dësem Ranking mat 96 respektiv 92 Leit.....an ët ginn jo och 15 Fläschen Schampes dofir!!! :-)
Fir dësen Laf, wiere mir frou wann dir Iech bis spéistens Samsdes, den 20. Dezember 2016 géift umellen beim Mandy Fautsch um 691 900 305 oder per email: fauma-
Kuckt och ënner: http://www.4runner.lu/wanterlaf.htm
Wéi gesoot, dir kannt och aer Kollegen a Famillienmemberen mat umellen, och wann sie keng Lizenz am Fussball hunn. Vill Leit hunn eng Memberskaart an nach aner vill Leit ënnerstëtzen eis och sou am Laaf vum Joër. Heimat ginn mir als SC ELL ee klénge Geste zeréck.
!!! Ze soën bleiwt: All Spiller a Spillerin vum SC ELL muss um Wanterlaf derbei sinn, ob laafen oder walken.



Kuckt och ënner: http://www.sylvesterlaf.lu
Article wort.lu Seniors - 12e journée:
Paroles des techniciens:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
Article wort.lu Dames - 11e journée:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
Besicht och d'Facebook-Säit vum Dammefussball zu Lëtzebuerg. Do fannt dir och ëmmer nees interessant Saachen iwert den Dammefussball zu Lëtzebuerg:
10. Championnatsmatch - JF2
FC Mamer - SC ELL 2 - 0

8. Championnatsmatch - JF1
SC ELL - E Hosingen 11 - 0

D'Goaler fir ELL hu geschoss:
4x Kate Thill
3x Vania Nogueira Marques
2x Hanna Thill
1x Chiara Bernardo
1x Andreia Faria Dos Santos
