News
Den Sporting Club ELL huet Feides, den 20. Januar 2017 seng nei Sponsoren op eng Rezeptioun am Café des Sports invitéiert. Hei fann dir ee klengen Artikel mat Fotoën vun dësem Owend. An der Annexe fann Dir dëst och als PDF.



- SC ELL - Sponsor Rezeptioun 2017 pdf - 4463 Ko
Ruspensia Larochette - SC ELL 3 - 5

Eis Dammen gewannen de Frëndschaftsmatch mat 5-3 an der Fiels. An dësem Match ware mir nët sou iwerzeegend wéi an deenen zwee Matcher virdrun. Am Präparatiounsmatch huet een gudd Aktiounen an gudd Usätz gesinn, mee awer och nach vill Punkten wou muss geschafft ginn.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
2x Kate Thill
1x Isa Kruchten
1x Jill De Bruyn
1x Mara Ventura
FLF Futsal Dames - 3. Tour zu Schëffleng
SC ELL, FC Junglinster, Racing Luxembourg, Progrès Niederkorn, E Rosport, FC Schifflange





Matcher:
SC ELL - Ent. Rosport 1 - 1 (1x Virginie G.)
SC ELL - Progrès Niederkorn 1 - 1 (1x Virginie G.)
SC ELL - FC Schifflange 2 - 1 (1x Soria S., 1x Mara B.)
SC ELL - Racing Luxembourg 1 - 1 (1x Mara V.)
SC ELL - FC Junglinster 2 - 1 (1x Mara V., 1x Virginie G.)
Klassement:
1. Racing Luxembourg 13 +6
2. SC ELL 9 +2
3. Progrès Niederkorn 7 +1
4. FC Junglinster 6 +1
5. FC Schifflange 4 -4
6. Ent. Rosport 1 -6
Soumat qualifizéieren sech nët nëmmen eis Jeunes Filles, mee och eis Dammen fir d'Finall am Futsal. D'Finallen ginn allebäid de Sonnden, den 12. Februar 2017 zu Betebuerg ausgedroën ginn. RESPEKT !!!
Tournoi Futsal zu Beckerich
FC Beckerich, FC Pratz./Redange, US Boevange, US Folschette, SC ELL

Matcher:
SC ELL - FC Préizerdaul/Réiden 3 - 1
SC ELL - FC Beckerich II 5 - 1
SC ELL - US Béiwen 3 - 0
SC ELL - US Folschette 4 - 3
SC ELL - FC Beckerich I 1 - 0
SC ELL - Alliance Äischdall 1 - 1
Klassement:
1. SC ELL
2.
3. FC Préizerdaul/Réiden
4.
5. US Béiwen
6.
7.
RJ Freylange - SC ELL 4 - 1

Eis 1. Equipe verléiert hieren éischte Frëndschaftsmatch vun der Réckronn mat 4-1 géint d'Equipe vun Freylange. De Match gouf wéinst den Wierderverhältnisser um synth. Terrain zu Nothomb gespillt.
De Goal fir ELL huet geschoss:
1x Ben Schaaf
YB Diekirch - SC ELL 1 - 8

Eis Dammen gewannen hiren 2. Präparatiounsmatch mat 8-1 géint Dikkrech. Eis Meedercher waren direkt am Match an luchen schon no 10 Minutten mat 3-0 vir. Weider hu mir de Match kloer dominéiert mee duerno war mir nët méi sou konsequent. Mir schéissen nach den 4-0 a kuerz virun der Paus kréien mir ee Conter no engem Corner zum 1-4. Déi 2. Halschent ass weidergaang wéi déi éischt a mir schéissen nach 4 weider Goaler.
D'Goaler hu geschoss:
3x Isa Kruchten
3x Kate Thill
1x Mara Boly
1x Mara Ventura
FLF Futsal Dames - 2. Tour zu Beckerich
YB Diekirch, Racing Luxembourg, AS Colmarberg, FC Differdange, SC ELL

Matcher:
SC ELL - AS Colmarberg 1 - 0 (1x Mara V.)
SC ELL - YB Diekirch 2 - 3 (2x Mara V.)
SC ELL - FC Differdange 1 - 1 (1x Mara V.)
SC ELL - Racing Luxembourg 0 - 1
Klassement:
1. Racing Luxembourg 12 +7
2. FC Differdange 6 +1
3. SC ELL 4 -1
4. AS Colmarberg 4 -2
5. YB Diekirch 3 -5
Union Mertert/Wasserbillig - SC ELL 1 - 4

Eis Dammen gewannen hieren éischte Frëndschaftsmatch vun der Réckronn mat 4-1 zu Mertert. An Halschent luchen mir mat 2-1 vir.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
2x Kate Thill
1x Isa Kruchten
1x Joyce Zinelli
