News
FC Gasperich - SC ELL 0 - 3

Eis 2. Equipe gewënnt de Frëndschaftsmatch mat 3-0 géint d'Reserven vun Gasperich.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x André Graf
1x Paul Wilwerding
1x Fabio Lopes Vale
SC ELL - Borussia Mönchengladbach II 1 - 10

Eis Dammen verléieren héich mat 10-1 géint d'Reserve Equipe vun Borussia Mönchengladbach. Dëss spillen an der Regionalliga (3. Klass an Däitschland). Mir hunn de Match gudd ugefaang a konnten no 5 Minuttten duerch d'Logane Wegnez mat 1-0 a Féierung goën. Eise Géigener huet de Ball gudd laafen gelos a eis Dammen hunn missten disziplinéiert verteidigen. No enger ganz gudder 1. Halschent luche mir mat 3-1 hannen. Déi 2. Halschent hu mir och gudd ugefaang, mee lues awer secher huet d'Kraft nogelos an zum Schluss och d'Motvatioun dergéint ze haalen sou dass mir an der 2. Halschent 7 Goaler geschoss kritt hunn. An dësem Match sinn eis Feeler äiskaal bestroft ginn; ob Feelpassen am Opbau, falsch Ugréifen oder keng Couverture....géint sou Géigener heescht daat ganz oft Goal. Et war ee gudden Training an sou kënnen dëss Saachen och verbessert ginn.
De Goal fir ELL huet geschoss:
1x Logane Wegnez
FC Pratz./Redange - SC ELL 4 - 1

Eis 1. Equipe verléiert de Frëndschaftsmatch mat 4-1 géint den Préizerdaul/Réiden.
De Goal fir ELL huet geschoss:
1x Raphael Smit


Hei fann Dir d'Linken fir de GPS fir déi verschidden Strecken:
VTT 50 km: http://www.gpsies.com/map.do?fileId=gqfiiwwgvpismovy
VTT 40 km: http://www.gpsies.com/map.do?fileId=pgwaumofmwxrphbr
VTT 35 km: http://www.gpsies.com/map.do?fileId=gctbmbhybubyriwh
VTT 27 km: http://www.gpsies.com/map.do?fileId=obmqrlhrwakphimx
Dames
FLF Futsal - Final
Sonndes, den 12. Februar 2017 vun 14:00 - 18:00 Auer zu Betebuerg
SC Bettembourg, Swift Hesperingen, AS Wincrange, Racing Luxembourg, SC ELL, Progrès Niederkorn

Matcher:
SC ELL - AS Wincrange 2 - 0 (2x Mara V.)
SC ELL - Progrès Niederkorn 1 - 1 (1x Marav V.)
SC ELL - SC Bettembourg 0 - 0
SC ELL - Racing Luxembourg 0 - 0
SC ELL - Swift Hesperingen 0 - 0
Klassement:
1. SC Bettembourg 9 +5
2. Swift Hesperingen 8 -1
3. SC ELL 7 +2
4. AS Wincrange 7 +1
5. Racing Luxembourg 5 -2
6. Progrès Niederkorn 2 -4
Eis Dammen beleen dëst Joër déi 3. Plaz am FLF Futsal. Mat Disziplin an Engagement hunn eis Meedercher ee super Tournoi gespillt an bis zum leschte Match war alles dran. Hätte eis Dammen de leschte Match mat 3 Goaler Ënnerscheed gewonn, dann wären sie Champion an der Hal, hätt awer Hesper géint eis gewonn, dann wären sie Champion ginn. Schlussendlich blouw ët beim 0-0 an den SC Betebuerg luch vir. Mir haaten den leschte Match nach eemol alles ginn an vill gudd Goalchancen, wou ee gudde Goalkeep vun Hesper alles gehal huet oder nach ee Fouss dertëschent war oder mir knapps lanscht geschoss hun.....och Hesper haat zum Schluss nach 2 gudd Geleenheeten déi eise Goalkeep, d'Tania Kartheiser, och paréiert huet. Alles an allem eng super 3. Plaz fir den SC ELL.
- FLF Futsal Dames - Résultats pdf - 496 Ko
- FLF Futsal Dames - communiqué de presse FLF pdf - 139 Ko
Jeunes Filles
FLF Futsal - Finale
Sonndes, den 12. Februar 2017 vun 09:00 - 13:00 Auer zu Betebuerg
SC ELL, FC Differdange, Racing Luxembourg, SC Bettembourg, E Hosingen, YB Diekirch

Matcher:
SC ELL - Racing Luxembourg 0 - 2
SC ELL - Ent. Hosingen 5 - 0 (4x Kate T., 1x Sandra A.)
SC ELL - Ent. Differdange 3 - 0 (1x Kate T., 1x Sandy H., 1x Sandra A.)
SC ELL - SC Bettembourg 5 - 0 (2x Kate T., 1x Hanna T., 1x Sandy H., 1x Vania N.)
SC ELL - YB Diekirch 4 - 1 (1x Kate T., 1x Sandy H., 1x Sandra A., 1x Andreia F.)
Klassement:
1. Racing Luxembourg 15 +9
2. SC ELL 12 +14
3. YB Diekirch 7 -2
4. Ent. Differdange 6 -3
5. SC Bettembourg 3 -7
6. Ent. Hosingen 1 -11
Eis Jeunes Filles beleen dëst Joër déi 2. Plaz am FLF Futsal. Eis Meedercher waren kloer déi bescht Equipe an der Finale mee den éischte Match géint de Racing Luxembourg hu mir de Ball einfach nët an de Goal kritt waat eisem Nowues schlussendlich d'éischt Plaz kascht huet. All déi aner Matcher hunn eis jonk Meedercher kloer dominéiert. All Respekt fir eng gudd 2. Plaz an virunallem fir dee schéine Fussball.
- FLF Futsal Jeunes Filles - Résultats 2017 pdf - 527 Ko
- FLF Futsal Jeunes Filles - communiqué de presse FL pdf - 137 Ko
US Reisdorf - SC ELL 1 - 2

Eis 1. Equipe gewënnt den Trainingsmatch mat 2-1 zu Reisdorf. An enger ganz schwacher éischter Halschent war nët vill ze gesinn, mee eis Equipe huet sech déi 2. Halschent gesteigert a gewënnt och verdingt.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Rodrigue Volkaerts
1x Raphael Smit
FC Bercheux - SC ELL 4 - 4

Eis Dammen trennen sech 4-4 mam FC Bercheux. Am Frëndschaftsmatch um synth. Terrain zu Longlier hunn eis Dammen déi 1. Halschent kloer dominéiert an näischt zou gelos. Mir haaten vill Ballbesëtz an hunn de Ball och gudd laafen gelos sou dass ët zur Halschent 3-0 fir ELL stung duerch 2 Goaler vum Joyce Zinellli an 1 Goal vum Isabelle Kruchten. No villen Wiesseln kuerz no der Paus ass de Spillfloss verluer gaang an elo war de Match ausgeglach. Bercheux konnt 3-3 ausgläichen éier d'Kate Thill den SC ELL nees mat 4-3 a Féierung geschoss huet. Kuerz virun Schluss huet dunn Bercheux den 4-4 geschoss. Ob Grond vun der 2. Halschent huet ee gesinn, dass Bercheux keng schlecht Equipe ass and daat beweist ëmsou méi wéi gudd mir déi 1. Halschent gespillt hunn.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
2x Joyce Zinelli
1x Isa Kruchten
1x Kate Thill
