News
Article wort.lu Seniors - 14e journée:
Paroles des techniciens:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
Article wort.lu Dames - 12e journée:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
Besicht och d'Facebook-Säit vum Dammefussball zu Lëtzebuerg. Do fannt dir och ëmmer nees interessant Saachen iwert den Dammefussball zu Lëtzebuerg:
US Feulen - SC ELL 0 - 2

Eis 1. Equipe gewënnt mat 2-0 zu Feelen. Mir konnten an der 8. Minutt per Elëfmeter vum Joel Maia a Féierung goën. Weider haate mir an der Ufanksphase nach zwou weider gudd Chancen déi mir awer nët konnten notzen. Duerno ass Feelen ëmmer besser an de Match komm a mir haaten nët méi vill Offensivaktiounen. Waat de Match méi laang gedauert huet, waat den Terrain méi schlecht ginn ass. Et war eng eenzig Bullisschlacht wou just nach Feelen Goalchancen haat. Sie sinn awer verzweifelt un eisen Goalkeep dem Pol May. Nierft villen 100% Goalchancen fir Feelen hällt hien och nach een Elëfter....Man of the match. Kuerz virun Schluss, an der 86. Minutt, schéisst den Joé Frisch nach den 2-0.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Joel Maia
1x Joé Frisch
Minerva Lintgen - SC ELL 3 - 2

Eis Dammen verléieren an engem schwachen Match mat 3-2 zu Lëntgen. Mir hunn eis schwéier gedo an de Match ze kommen. No enger Véirelstonn ass ët dunn besser gaang an grad an dëser Phasse huet Lëntgen, no 21 Minutten, den 1-0 geschoss. Et war kee schéine Fussball déi éischt Halschent a mir konnten eis och wéinig gudd Goalaktiounen erausspillen. Déi 2. Halschent ware mir besser dran an trotzdem hu mir ët nët oft genuch faerdeg bruecht gudd Aktiounen erauszespillen. Pech haate mir bei enger gudde Opbauaktioun wou den Ball beim Ofschloss widdert de Poteau geet an nees raus spréngt. Kuerz drop konnt Lëntgen op 2-0 erhéijen an daat huet vill Moral kascht. Mam 2-1 an der 65. Minutt duerch d'Logane Wegnez ass awer nach eemol de Wëllen zeréck komm. Mir hunn vun elo un de Match dominéiert, mee einfach nët genuch aus de Bäll gemeet. No engem Konter koum Lëntgen zu engem Corner den sie an der 65. Minutt zum 3-1 erangeschoss hunn. Mir hunn alles no vir gehäit an och Drock gemeet. Mir verkierzen an der 81. Minutt op 3-2 duerch d'Mara Boly. Weider hu mir gudd Bäll mee ët feelt ëmmer eppes fir zu engem weideren Goal ze kommen. An engem schwachen Match vun eiser Equipe verléieren mir de Match géint Lëntgen woubäi ee Punkt gerecht gewiecht wär.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Logane Wegnez
1x Mara Boly
US Berdorf/Consdorf - SC ELL 3 - 5

Eis 2. Equipe gewënnt mat 5-3 zu Berdorf. Nodeems mir an der Halschent no engem Goal vum Charel Heusbourg mat 1-0 vir waren konnt Berdorf-Consdorf an der 2. Halschent ausgläichen. Duerno war ët nees de Charel Heusbourg den eis Faarwen op e neits mat 2-1 a Féierung bréngen. Duerno den 3-1 vum Guillaume Lecomte an den 4-1 vum Christian Kemmer hunn eis kloer op d'Gewënnerstrooss bruecht. Eise Géigener huet nach eemol op 4-2 verkierzt. Daat war awer nët fir laang, wëll de Guillaume Lecomte schéisst den Ustouss direkt zum 5-2 ran. Trotzdem huet B-C nët opginn an nach den 5-3 geschoss. Et war eng gudd kämpferisch an disziplinéiert Leeschtung vun eiser Equipe.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
2x Charel Heusbourg
2x Guillaume Lecomte
1x Christian Kemmer
23te Randonnée VTT und 4te Marche Populaire in ELL
waren ein voller Erfolg
Am 19. Februar 2017 fand in ELL die 23te Randonnée für Mountain-Biker und die 4te Wanderung statt. Natürlich spielte das sonnige Wetter eine wesentliche Rolle für den vollen Erfolg.
535 fervente Mountain-Biker konnten ab 08:00 Uhr Strecken von 26, 36, 40 und 50 Kilometer auswählen. Die begeisterten Wanderer - es waren deren 1255 anwesend - hatten die Wahl ab 07:30 Uhr zwischen 6,5 und 12,3 Kiliometer.
Es sollte an diesem Tag an nichts fehlen sei es an einer perfekten Auschilderung aller Strecken, einer köstlichen Verpflegung unterwegs, Radwäsche sowie Umkleide- und Duschräume, Parkplätze, usw.
Für die Organisation der Mountain-Bike-Tour war der hiesige Fussballverein (SCELL) sowie der « LC Tetingen » in der Verantwortung. Die 4te Wanderung wurde wie immer in engster Zusammenarbeit zwischen dem SCELL und den « Amis Marcheurs de la Haute-Sûre Rombach » ausgetragen.
Nach Rückkehr der Tour - ob Mountain-Biker oder Wanderer - konnten alle in geselliger Atmosphäre gemeinsam bei Speis und Trank im Centre « Camille Ney » einen angenehmen Nachmittag verbringen.
Der Veranstalter möchte allen freiwilligen Helfern, Wiesen- und Waldbesitzern, den Medien, der Gemeinde ELL sowie der Forstverwaltung seinen grossen Dank überbringen, ohne deren Mithilfe solche Freizeitorganisationen für Mountain-Biker und Wanderer nicht möglich gewesen wären.
Es sei noch daran erinnert, dass am 18. Juni 2017 die 19te Randonnée « Lucien Didier » in ELL stattfindet.
_________________________________________________________________________________________________________________
Grâce à un temps ensoleillé, la 23e randonné VTT et la 4e marche populaire ont connu un franc succès. 535 vététistes - dont 260 belges - et 1.255 marcheurs se sont inscrits au Centre CN. Pour les deux disciplines un total de 1.790 personnes ont fait appel au rendez-vous ce qui est absolument un nouveau record.
L’ensemble de l’organisation était une pleine réussite et ceci grâce à tous les acteurs bénévoles ! Un grand MERCI !!!
Ci-après un bref rapport statistique :
a) Partants VTT par parcours
-
· 27 km : 125 partants (23 %)
-
· 36 km : 151 partants (28 %)
-
· 40 km : 121 partants (23 %)
-
· 50 km : 138 partants (26 %)
Total : 535 partants pour les 4 parcours
b) Partants marche populaire
Total : 1.255 marcheurs
Reste à préciser que la 24e randonnée VTT et la 5e marche populaire auront lieu dimanche, le 18-02-2018 sous la responsabilité des trois mêmes organisateurs à savoir : le « Sporting Club ELL », le « LC Tétange » et les « Amis Marcheurs de la Haute-Sûre Rombach ».
Ruspensia Larochette - SC ELL 1 - 2

D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Mara Ventura
1x Joyce Zinelli
US Folschette - SC ELL 1 - 6

D'Goaler fir ELL hu geschoss:
2x Paul Wilwerding
1x Joé Frisch
1x Ben Schaaf
1x André Graf
1x Nicolas Beauvois
