News
SC ELL - FC Pratz./Redange 0 - 1

Eis 2. Equipe verléiert hieren 1. Match an der Réckronn, an zwar den Derby géint den FC Préizerdaul/Réiden mat 1-0. An engem schwache Match hätt ee Gläichspill dem Match entsprach, mee ët war Préizerdaul/Réiden déi ee Goal fonnt hunn. Eis Männer waren an der Offensiv nët geféierlich genuch an konnten nët vill gudd Chancen erauspillen.
Article wort.lu Dames - 1/4 Finale Coupe des Dames:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
Besicht och d'Facebook-Säit vum Dammefussball zu Lëtzebuerg. Do fannt dir och ëmmer nees interessant Saachen iwert den Dammefussball zu Lëtzebuerg:
SC ELL - E Rosport 1 - 1 (5 - 6 n.E.)

Ganz batter ginn eis Dammen an der Coupe eliminéiert a verléieren am Elëfmeterschéissen mat 6-5 géint d'Ent. Rosport. An enger schwacher éischter Halschent hunn eis Meedercher einfach nët an de Match fonnt. Mir waren nët an de Zweekämpf, kruten keen zweete Ball an hunn selwer vill ze vill Feelpassen gemeet fir zu eisem Spill ze fannen. Eise Géigener war och nët wierklich geféierlich, mee haat méi vum Match an der 1. Halschent. No 37 Minutten konnten sie mat eng Schoss aus 20 Meter mat 1-0 virkommen an mat dësem Virsprong an d'Paus goën.
An der 2. Halschent sinn eis Dammen dunn lues awer sëcher besser an de Match komm. An der 59. Minutt konnte mir ausgläichen zum 1-1. No engem Fräistouss vum Mara Ventura huet d'Isa Kruchten de Ball um 2. Poto erangeschoss. Duerno war ët ee Match an eng Richtung an eis Meedercher hunn gedréckt. An der 75. Minutt haate mir gläich zweemol den 2-1 um Fouss. Fir d'éischt ass d'Logane Wegnez alleng fort op de Goal, mee säin Schoss war ze onpräzis an de Goalkeep deviéiert de Ball virun d'Féiss vum Virginie Godefroid waat bessi iwerascht de Ball aus 5 Meter iwert de Goal schéisst. Nëmmen 3 Minutten duerno haate mir d'Chance duerch d'Hanna Thill, mee de Goalkeep vun Rosport deviéiert däin Ball op d'Lat. Leider hu mir ët nët faerdeg bruecht de Match nach zu eise Gonschent ze dréinen an sou ass ët an d'11-Meterschéissen gaang.
D'Sapnnung war eenorm an 283 Zuschauer kruten alles gebueden. ELL fänkt un mat schéissen. Dem Joyce Zinelli säint Schoss war gudd mee de Goalkeep vun Rosport huet den 1. Eelëfter super gehal. Duerno koum eng Serie vun bäid Equipen déi och alleguer gudd geschoss waren an d'Goalkeeper näischt konnten machen.
Eng grouss Entäuschung, mee leider hu mir déi éischt 45 Minutten nët gespillt waat mir kënnen an duerno eis Chancen nët genotzt. Schued. Et war alt nees ee richteg schéine Coupematch wou déi vill Eller Supporter fir eng super Stëmmung gesuergt hunn. Wéi gesot, Schued. Elo gëlt ët sech op de Championnat ze konzentréieren an sou séier wéi méiglech d'Punkten ze huelen fir secher dran ze bleiwen. Ee gudde Moment ass direkt de Samsden op ee Neits géint Rosport.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
2x Isa Kruchten
1x Virginie Godefroid
1x Mara Ventura
1x Samiah Poiré
US Rambrouch - SC ELL 4 - 4

Article wort.lu Seniors - 17e journée:
Paroles des techniciens:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
FC Brouch - SC ELL 0 - 8

Eis 1. Equipe gewënnt mat 8-0 géint eng ganz schwach Equipe vu Brouch. Eis Männer konnten schons an der 6. Spillminutt a Féierung goën duerch den Charel Heusbourg. An der 15. Minutt huet den Xavier Gena op 2-0 erhéicht. Duerno hu mir bessi de Fuedem verluer an ët ass näischt méi geschit an der 1. Halschent. Direkt an der 48. Minutt an der 2. Halschent konnte mir den 3-0 schéissen an duerno huet Brouch sech opginn an mir schéissen hinnen nach weider 5 Goaler. Bei dem héijen Score hu mir nach eng ganz Rei Goalchancen leien gelos a mir gewannen ouni groussen Opwand géint eng ganz schwach Equipe vu Brouch.
D'Goaler fir den SC ELL hu geschoss:
3x Xavier Gena
2x Charel Heusbourg
2x Joé Frisch
1x André Graf
2. Championnatsmatch JF3 - 2. Tour
Progrès Niederkorn - SC ELL III 9 - 4

D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Yana Schmitz
1x Luna Picco
1x Sofia Figueiredo
1x Marta Gomes
2. Championnatsmatch JF2 - 2. Tour
Alisontia Steinsel - SC ELL II 2 - 2

D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Amra Rastoder
1x Larissa Delhommais
3. Championnatsmatch JF1 - 2. Tour
SC ELL I - YB Diekirch 11 - 0

D'Goaler fir ELL hu geschoss:
4x Kate Thill
3x Andreia Faria Dos Santos
3x Hanna Thill
1x Sandy Hoekstra
Article wort.lu Dames - 15e journée:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
Besicht och d'Facebook-Säit vum Dammefussball zu Lëtzebuerg. Do fannt dir och ëmmer nees interessant Saachen iwert den Dammefussball zu Lëtzebuerg:
