News
FC Koerich - SC ELL 1 - 1

Eis 2. Equipe trennt sech mat engem 1-1 géint Koerich. No enger ganz schwacher éischter Halschent an engem 1-0 Réckstand konnten mir eis déi 2. Halschent steigeren an och den Ausgläich duerch den Pit Reckinger schéissen. Bäid Equipen haaten d'Chancen fir de Match ze gewannen mee et blouw bei engem méi oder wéiniger gerechten 1-1.
De Goal fir ELL huet geschoss:
1x Pit Reckinger
SC ELL - AS Colmarberg 2 - 0

Eis 1. Equipe gewënnt um Mëttwoch mat 2-0 géint Colmarbierg. Den Ufank vum Match hu mir bessi verschlof an Colmarbierg hätt 2 kéinten a Féierung goën, mee de Pol May huet op e neits seng stark Form bewiesen. Duerno sinn mir dunn awer ëmmer besser an de Match komm an koumen zu gudden Chancen. No engem Foul um Joé Frisch krute mir een Elëfter deen de Guillaume Lecomte leider nët konnt verwandelen. Nëmmen 10 Minutten duerno huet hien ët besser gemeet an, no gudder Virarbecht vum Charel Heusbourg a Joé Frich, zum 1-0 rangeschoss. Déi 2. Halschent war Ell och déi besser Equipe mee mir hunn ët puermol verpasst de Match fréizäitig ze entscheeden. Et blouw spannend bis zur 90. Spillminutt wou de Ben Schaaf alles kloer mecht mam 2-0. Verdingt gewonn a ee gudde Match gespillt.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Guillaume Lecomte
1x Ben Schaaf
SC ELL - US Boevange 3 - 4

Ruspensia Larochette - SC ELL 2 - 3

D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Guillaume Lecomte
1x Rodrigue Volckaerts
1x Joé Frisch
Article wort.lu Dames - 16e journée:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
Besicht och d'Facebook-Säit vum Dammefussball zu Lëtzebuerg. Do fannt dir och ëmmer nees interessant Saachen iwert den Dammefussball zu Lëtzebuerg:
Jeunes Filles
3. Championnatsmatch - 2. Tour
SC ELL III - Ent. Wormeldange 1 - 5

Eis JF3 spillen ee gudde Match. Sie haalen gudd géint eng stark Equipe vun Wuermer dergéint. All Respekt.
De Goal fir ELL huet geschoss:
1x Marta Gomes
3. Championnatsmatch - 2. Tour
SC ELL II - Ent. Hosingen 2 - 4

Eis JF2 verléieren onglécklech géint Housen. Sie waren déi besser Equipe mee hunn d'Goalchancen net genotzt.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
2x Sandra Alves
4. Championnatsmatch - 2. Tour
FC Differdange 03 - SC ELL I 1 - 5

Eis JF1 gewannen mat 5-1 zu Déifferdeng. Obschons mir déi 1. Halschent ganz schwach gespillt hunn an kuerz no der Halschent den 1-1 Ausgläich kasséiert hunn konnten eis Meedercher sech rappen, de Ball laafen lossen an sou och zu gudd Goalchancen kommen fir schlussendlich awer verdingt ze gewannen.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
4x Kate Thill
1x Lisa Kneip
Ent. Rosport/Berdorf - SC ELL 0 - 1

Eis Dammen huelen bessi d'Revanche vum Coupematch a gewannen mat 1-0 zu Rosport. Eis Dammen hunn de Match gudd ugefaang an mat séierem Passspiel gudd no vir gespillt. Ze oft huet ee Detail an der leschter Pass gefeelt fir zu gudden Goalchancen ze kommen. Déi 2. Véirelstonn hunn mir dunn nees bessi eis Linn verluer an eis dem Géigener ugepasst. Déi Kéier konnten mir eis awer nees rappen an déi lescht Véirelstonn vun der 1. Halschent waren mir nees iwerleen. D'Féierung fir ELL ass an der 40. Minutt gefall. D'Isa Kruchten käppt eng Flank vum Joye Zinelli zum 1-0 eran. An der 2. Halschent war Ell och déi besser Equipe a puncto Ball laafen lossen. Rosport ass stark Equipe am Defensiven wou sie vil Zweekämpf gewannen an ee gudde Pressing spillen. Am Opbau hunn sie awer Problemer a spillen oft de Ball einfach wäit no vir. Mir hätten missen alles kloer machen mat eise Goalchancen. D'Logane Wegnez schéisst och nach ee Goal wou de Ball kloer hannert der Linn war, mee ët war schwierig ze erkennen um Mëttelkrees. Weider war d'Sandy Hoekstra och eemol alleng virum Goalkeep an schéisst him an d'Hänn. Alles an allem hu mir verdingt gewonn och wann ët kee super Match war. Eis Dammen huelen 3 ganz wichteg Punkten a kënnen den nächste Weekend doheem géint Wëntger den definitiven Klassenerhalt sëcheren.
De Goal fir ELL huet geschoss:
1x Isa Kruchten
SC ELL - Ent. Äischdall 3 - 2

Eis Dames II gewannen mat 3-2 géint den Tabellenéischten d'Ent. Äischdall. Daat hätt wuel kee geduecht. Eis Meedercher hunn couragéiert gespillt an de Ball gudd laafen gelos. Mir konnten an der 10. Spillminutt duerch d'Agata Krakowiak mat 1-0 a Féierung goën. No engem Feeler am Opbau konnt den Äischdall de Ball erueweren an zum 1-1 ausgläichen. Eis Meedercher hunn awer nach virun der Paus den 2-1 duerch d'Fabienne Kartheiser geschoss. An der 2. Halschent huet den Äischdall eng Véirelstonn laang gedréckt. Sie kruten an dëser Phase och een Eelëfter zougesprach den eise Goalkeep, d'Adeline Janssens, awer hält. An der 75. Minutt konnt d'Lisa Wallendorf no enger Flank vum Mandy Fautsch de Ball zum 3-1 erankäppen. Den Äischdall konnt an der 92. Minutt nach eemol vun engem Ofstëmmungsfeeler profitéieren an op 3-2 verkierzen, mee duerno war ët gelaf. All Respekt fir eis Dames II, bravo !!!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Agata Krakowiak
1x Fabienne Kartheiser
1x Lisa Wallendorf
