News

24/04/2017 - Championnat Jeunes Filles

Jeunes Filles

4. Championnatsmatch - 2. Tour

 Fola Esch   -   SC ELL III     3 - 2

      

D'Goaler fir ELL huet geschoss:

2x Yana Schmitz

4. Championnatsmatch - 2. Tour

FC Junglinster   -   SC ELL II     0 - 2

                

D'Goaler fir ELL hu geschoss:

1x Larissa Delhommais

1x Zoé Ribeiro

5. Championnatsmatch - 2. Tour

 SC ELL I   -   SC Bettembourg     12 - 2

          

D'Jeunes Filles gewannen héich mat 12-2 géint Betebuerg. Mat guddem Fussball luchen eis jonk Meedercher an der Halschent mat 7-0 vir. Och déi 2. Halschent ware mir iwerleen. Iwert de ganzen Match hu mir nach vill Goalchancen nët genotzt mee sie kënnen och nët all ran goën.

D'Goaler fir ELL hu geschoss:

4x Andreia Faria

4x Kate Thill

1x Vania Nogueira

1x Hanna Thill

2x Sandy Hoekstra

24/04/2017 - 18. Championnatsmatch - Dames I

Racing Luxembourg     -     SC ELL          5 - 1

                     

Eis Dames I verléieren mat 5-1 géint de Racing. De Match huet wierklich schlecht ugefaang. An der 13. Spillminutt rutscht eng Spillerin vum Racing mam gestreckten Been an eise Goalkeep, d'Amielle Jeanpaul, sou dass mir de Goalkeep. D'Amielle ass ausgewiesselt ginn an huet missen an d'Clinique. Mir waren déi éischt Halschent net richteg am Match an luchen no schwachen 45 Minutten mat 2-0 hannen no 2 Fräistoussgoaler. Déi 2. Halschent ass eis Equipe awer anescht opgetrueden an huet Fussball gespillt. Mir hunn de Ball gudd laafen gelos a koumen zu Goalchanchen. An der 53. Spillminutt konnte mir duerch d'Logane Wegnez op 2-1 verkierzen. 5 Minutten duerno hätte mir een Elëfter missen kréien wéi eng Spillerin vum Racing dem Joyce Zinelli an de Fouss rutscht, mee den Arbitter huet gemengt ët hätt de Ball gespillt. Ganz kloer Feelentscheedung. Nëmmen puer Minutten duerno schéissen mir no enger Flank den 2-2 mee den Arbitter huet de Goal annuléiert an dem Logane Wegnez d'giel Kaart ginn wéinst Händs. D'Logane krut de Ball awer an d'Gesicht. Leider hu mir an eiser Drockphase den 3-1 no engem dommen Ballverloscht an der Ofwier geschoss kritt. An de leschten 15 Minutten hu mir dunn hannen opgemeet fir ze propéieren nach eemol ze verkierzen. Op e neits kréie mir duerch ee krasse Feeler ee Goal geschoss zum 4-1. An der Schlussphase setzt de Racing nach ee weideren Goal drop zum Endresultat vun 5-1.

De Goal fir ELL huet geschoss:

1x Logane Wegnez

24/04/2017 - 18. Championnatsmatch - Seniors Réserves

  SC ELL     -     FC Itzig         3 - 5

      

Eis 2. Equipe verléiert mat 5-3 géint Itzig. An der Halschent luchen mir mat 4-1 hannen. No enger vill besserer Leeschtung an der 2. Halschent waren d'Chancen do fir de Match ze dréinen mee dëst ass eis leider nët gelong. Mir sinn nach eemol 4-3 ru komm an haaten duerno d'Geleenheeten fir Goaler ze machen, mee mam 5-3 fir Itzig war de Match entscheed.

D'Goaler fir ELL hu geschoss:

1x Jérôme Justen

1x Max Berg

1x Henri Rasqué

14/04/2017 - Article wort.lu - Dames I
Article wort.lu - Dames I

 

 

Article wort.lu Dames - 17e journée:

http://www.wort.lu/fr/sport/championnat-feminin-de-football-les-deux-visages-de-mamer-bissen-distance-wiltz-58e9d59ca5e74263e13ad3bd

Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:

https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs

Besicht och d'Facebook-Säit vum Dammefussball zu Lëtzebuerg. Do fannt dir och ëmmer nees interessant Saachen iwert den Dammefussball zu Lëtzebuerg:

https://www.facebook.com/groups/875697502448708

14/04/2017 - 20. Championnatsmatch - Seniors I

FC Useldange     -     SC ELL          3 - 1

           

Eis 1. Equipe verléiert mat 3-1 zu Useldeng. Och eis Hären hunn dëse Weekend net geglänzt obschons mir zu Useldeng an der 35. Minutt duerch den Joé Frisch mat 1-0 a Féierung gaang sinn an dëst och de Pausestand war. An der 2. Halschent haate mir awer näischt méi ze gudd an Useldeng huet vill Drock gemach. Sie konnten an der 60. Minutt ausgläichen, an der 70. Spillminutt mat 2-1 a Féierung goën an an der 77. Minutt de Match mam 3-1 entscheeden. Leider hunn dëse Match eng Rei wichteg Spiller gefeelt wéinst Blessuren oder aner Grënn. No dëser Defaite faalen mir an der Tabell nees op déi 6. Plaz zeréck woubäi et awer nëmmen 2 Punkten op den Tabellendrëtten sinn. Weider trainéieren a weider kämpfen, dann geet et den nächste Match nees besser.

De Goal fir ELL huet geschoss:

1x Joé Frisch

14/04/2017 - 10. Championnatsmatch - Dames II

FC Walferdange     -     SC ELL         2 - 1

                

Eis 2. Dammenequipe verléiert mat 2-1 zu Walfer. No dem gudde Match vun leschter Woch géint den Tabellenleader konnte eis Meedercher dëss Woch awer guer net iwerzegen. An engem ganz schwachen Match verléieren mir mat 2-1 zu Walfer géint 9 Leit. Obschons mir mat 1-0 a Féierung luchen haate mir de Match net am Grëff an hunn eis wierklich schlecht ugeluecht. Walfer konnt nach virun der Paus ausgläichen. An der 2. Halschent waren eis Meedercher bessi besser am Match an trotzdem hu mir et net faerdeg bruecht Goaler ze schéissen. Walfer huet gekämpft an ass belount ginn mam 2-1. Schued hei d'Punkten leien ze lossen no den 3 Punkten géint den Tabellenéischten.

De Goal fir ELL huet geschoss:

1x Agata Krakowiak

14/04/2017 - 17. Championnatsmatch - Dames I

  SC ELL     -     AS Wincrange          5 - 1

          

Eis Dames I gewannen mat 5-1 géint Wëntger. Eis Meedercher hunn gudd ugefaang an haaten an der éischter Véirelstonn 3 gudd Goalgeleenheeten. Duerno hu mir awer komplett de Fuedem verluer an hunn schlecht gespillt, net genuch Engagement, vill ze vill Feelpassen. Sou war et och net verwonnerlich, dass mir och an der 34. Spillminutt mat 1-0 a Réckstand geroden sînn. Kuerz virun der Halschent konnte mir awer nach duerch d'Virginie Godefroid zum 1-1 ausgläichen.

Déi 2. Halschent konnten eis Dammen sech awer steigeren an mat bessi méi vun allem hunn sie de Match och dominéiert an sinn zu Goalchancen kommen. D'Logane Wegenez schéisst eis mat 2 Goaler op d'Gewënnerstrooss. Duerno hunn d'Joyce Zinelli an d'Sandy Hoekstra op 4-1, respektiv 5-1 erhéicht. Mat dësen dräi wichtegen Punkten misst de Klassenerhalt gesëchert sinn an sou kucke mir déi nächst Matcher waat nach geet.

D'Goaler fir ELL hu geschoss:

2x Logane Wegnez

1x Virginie Godefroid

1x Joyce Zinelli

1x Sandy Hoekstra

 

Dernier match

Prochain match


DAMES I

Frëndschaftsmatch

Samschdes, de 15. August 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL    -    Fc Bitburg (D)

     


DAMES II

Frëndschaftsmatch

Donneschdes, den 20. August 2020 um 19:30 Auer zu ELL

   SC ELL   -   FC Atert Bissen

        


SENIORS I

Frëndschaftsmatch (Kiermes)

Sonndes, den 23. August 2020 um 15:30 Auer zu ELL

   SC ELL     -     FC Koerich

        


DAMES I

Frëndschaftsmatch (Kiermes)

Sonndes, den 23. August 2020 um 17:30 Auer zu ELL

   SC ELL   -   RUS Loyers (B)

       


DAMES I

Frëndschaftsmatch

Samschdes, den 29. August 2020 um 18:00 Auer zu ELL

   SC ELL   -   Fc Sporting Bertrange

            


SENIORS I

1. Championnatsmatch

Sonndes, den 30. August 2020 um 16:00 Auer zu Biekerech (Stade Maemerich)

Fc Beckerich   -   SC ELL

       


SENIORS I

2. Championnatsmatch

Sonndes, de 6. September 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Fc Pratzerthal-Redange

            


DAMES I

1. Championnatsmatch

Samschdes, den 12. September 2020 um 19:00 Auer zu ELL

    SC ELL    -    Fc Mamer 32

      


DAMES II

1. Championnatsmatch

Samschdes, den 12. September 2020 um 19:00 Auer zu Dikrech (Parc des Sports, synth.)

YB Diekirch II   -   SC ELL

       


SENIORS I

3. Championnatsmatch

Sonndes, den 13. September 2020 um 16:00 Auer zu Eschduerf (Stade um Quatre-Vents)

Racing Heid.-Eschdorf  -  SC ELL

                       


DAMES I

2. Championnatsmatch

Samschdes, den 19. September 2020 um 19:00 Auer zu Wuermer (Am Ga, synth.)

Ent. Wormeldange   -   SC ELL

                


DAMES II

2. Championnatsmatch

Samschdes, den 19. September 2020 um 19:00 Auer zu ELL

    SC ELL  -  Red Star Merl-Belair

      


SENIORS I

4. Championnatsmatch

Sonndes, den 20. September 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  US Rambrouch

      


DAMES I

3. Championnatsmatch

Samschdes, de 26. September 2020 um 19:00 Auer zu ELL

    SC ELL   -   Ent. Rosport/USBC I

           


DAMES II

3. Championnatsmatch

Samschdes, de 26. September 2020 um 19:00 Auer zu Bissen (ZAC Klengbousbierg 2, synth.)

Fc Atert Bissen  -  SC ELL

          


SENIORS I

5. Championnatsmatch

Sonndes, de 27. September 2020 um 16:00 Auer zu Colmer-Bierg (Stade Grand Duc Henri)

AS Colmar-Berg  -  SC ELL

           


DAMES I

4. Championnatsmatch

Samschdes, den 3. Oktober 2020 um 19:00 Auer an der Stad (Stade Boy Konen)

Ent. Itzig/CeBra I  -  SC ELL

           


DAMES II

4. Championnatsmatch

Samschdes, den 3. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Ent. USBC/Rosport II

        


SENIORS I

6. Championnatsmatch

Sonndes, de 4. Oktober 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL   -   US Reisdorf

      


SENIORS I

7. Championnatsmatch

Sonndes, den 11. Oktober 2020 um 16:00 Auer zu Wëntger (Stade Henri Lamborelle)

AS Wincrange  -  SC ELL

       


DAMES I

5. Championnatsmatch

Mëttwochs, de 14. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

    SC ELL    -    Sporting Bertrange

            


DAMES II

5. Championnatsmatch

Mëttwochs, de 14. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu Rëmeléng (synth.)

US Rumelange  -  SC ELL

      


DAMES I

6. Championnatsmatch

Samschdes, de 17. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu Nidderkuer (Terrain 2, synth.)

Progrès Niederkorn  -  SC ELL

                   


DAMES II

6. Championnatsmatch

Samschdes, de 17. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Fc Sporting Mertzig

        


DAMES I

7. Championnatsmatch

Samschdes, de 24. Oktober 2020 um 19:00 Auer an der Stad (Stade Camille Polfer)

RFCU Luxembourg  -  SC ELL

                  


DAMES II

7. Championnatsmatch

Samschdes, de 24. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL    -    Fc Wiltz 71

   


SENIORS I

8. Championnatsmatch

Sonndes, de 25. Oktober 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Orania Vianden

     


DAMES I

8. Championnatsmatch

Freides, den 30. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL   -   Fc Swift Hesperange

           


SENIORS I

9. Championnatsmatch

Samschdes, den 31. Oktober 2020 um 18:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Fc Jeunesse Gilsdorf

          


DAMES I

9. Championnatsmatch

Samschdes, de 7. November 2020 um 19:00 Auer zu Betebuerg (Stade Municipal, synth.)

SC Bettembourg   -   SC ELL

             


DAMES II

8. Championnatsmatch

Samschdes, de 7. November 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  CS Fola Esch II

    


SENIORS I

10. Championnatsmatch

Sonndes, den 8. November 2020 um 16:00 Auer zu Pärel (Terrain Centre Culturel)

Les Ardoisiers Perlé  -  SC ELL

                   


DAMES I

10. Championnatsmatch

Samschdes, de 14. November 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL    -    CS Fola Esch I

       


DAMES II

9. Championnatsmatch

Samschdes, de 14. November 2020 um 16:30 Auer zu ELL

   SC ELL    -    YB Diekirch II

     


SENIORS I

11. Championnatsmatch

Sonndes, de 15. November 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL   -   US Folschette

      


DAMES I

11. Championnatsmatch

Samschdes, den 21. November 2020 um 19:00 Auer zu Dikrech (Parc des Sports, synth.)

YB Diekirch I   -   SC ELL

      


DAMES II

10. Championnatsmatch

Samschdes, den 21. November 2020 um 19:00 Auer an der Stad (Stade Josy Barthel II, synth.)

Red Star Merl-Belair  -  SC ELL

                


SENIORS I

12. Championnatsmatch

Sonndes, den 22. November 2020 um 16:00 Auer zu Méchela (Terrain in der Ae)

CS Bourscheid  -  SC ELL

        


DAMES I

12. Championnatsmatch

Samschdes, den 28. November 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Jeunesse Junglinster

             


DAMES II

11. Championnatsmatch

Samschdes, den 28. November 2020 um 16:30 Auer zu ELL

   SC ELL    -    Fc Atert Bissen

        


SENIORS I

13. Championnatsmatch

Sonndes, den 29. November 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  GB Harlange-Tarchamps

           


DAMES I

13. Championnatsmatch

Samschdes, de 5. Dezember 2020 um 19:00 Auer zu Wëntger (Stade Henri Lamborelle)

AS Wincrange   -   SC ELL

        


DAMES II

12. Championnatsmatch

Samschdes, de 5. Dezember 2020 um 19:00 Auer zu Bäerdref (Terrain Maartbësch)

Ent. USBC/Rosport II  -  SC ELL

                  


Août 2020
DLMaMeJVS
1
2345678
9101112131415
16171819202122
23242526272829
3031

Voir le planning