News
Jeunes Filles
7. Championnatsmatch - 2. Tour
E Wormeldange - SC ELL III 11 - 0

Eis JF3 verléieren kloer mat 11-0 géint Wuermer déi eise jonke klenge Meedercher kierperlich wäit iwerleen waren. Weider hu mir bessi ze vill Feeler gemeet mee eis Meedercher hunn gudd gekämpft.
7. Championnatsmatch - 2. Tour
E Hosingen - SC ELL II 1 - 3

Eis JF2 verléieren schon de Freiden mat 3-1 zu Housen. Séier luchen eis Meedercher mat 2-0 hannen éier sie sech gudd gerappt hunn a mir op 2-1 duerch d'Sophie Mathieu konnten verkierzen. Déi 2. Halschent war méi ausgeglach mee Housen konnt nach den 3-1 schéissen.
De Goal fir ELL huet geschoss:
1x Sophie Mathieu
8. Championnatsmatch - 2. Tour
SC ELL I - FC Differdange 03 11 - 1

Eis JF1 gewannen däitlech mat 11-1 géint Déifferdeng. An der éischter Halschent hunn eis Meeder de Ball gudd laafen gelos an Déifferdeng iwerhaapt keng Chance gelos an sou luche mir mat 6-0 an der Halschent vir. Déi 2. Halschent war net méi grad sou gudd vum spillerischen hier an trotzdem hunn eis Meedercher de Match kloer dominéiert an nach weider 5 Goaler geschoss.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
5x Kate Thill
3x Lisa Kneip
1x Vania Nogueira Marques
1x Valentina Delhaye
1x Larissa Delhommais
Progrès Niederkuer - SC ELL 1 - 2

Eis Dames I gewannen mat 2-1 zu Niederkuer. Eise Géigener ass just mat 10 Leit ugetrueden an trotzdem hu mir eis immens schwéier gedo fir dëse Match fir eis ze entscheeden. Niederkuer haat déi besser Goalcancen, mee ze oft hunn sie dëss net genotz. Mir haaten och immens vill gudd Offenivaktiounen, mee bei der leschter Pass huet ët all Kéier gehappert fir zum Ofschloss ze kommen. An der Halschent stung et 0-0. An der 2. Halschent konnt Niederkuer an der 63. Minutt mat 1-0 a Féierung goën. Duerno huet d'Mara Ventura an der 69. Minutt ausgeglach an mat sengem 2. Goal an der 80. Minutt fir d'Victoire gesuergt. Dem Mara säin zweeten Doppelpack no deenen 2 Goaler vum leschte Weekend. Mir klammen elo op d'Plaaz 5 an der Tabelle a probéieren déi bis zum Schluss vun der Saison ze verteidigen. All Respekt och un Niederkuer déi zu 10 Meedercher gudd gespillt hunn an alles ginn hunn.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
2x Mara Ventura
SC ELL - FC Wiltz 9 - 0

Eis Dames II gewannen den zweetleschten Championnatsmatch kloer an däitlech mat 9-0. Eis Meedercher hunn zum Ofschloss nach eemol ee gudde Match gespillt. Dee leschte Championnatsmatch gewanne mir mat 3-0 forfait géint d'Fiels II an soumat ass den Championnat fir dëss Saison fir eis Dames II gelaf. Sie beenden d'Saison op enger ganz gudder 4. Plaz. Bravo!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
3x Vania Nogueira Marques
3x Sandy Hoekstra
1x Mandy Fautsch
1x Liane Freymann
1x Jenny Santos Da Silva
Jeunes Filles - Nohuelmatch
2. Championnatsmatch - 2. Tour
SC ELL I - FC Itzig 4 - 2

Eis JF1 gewannen mat 4-2 den Nohuelmatch géint den FC Itzig. Nodeems mir an der Paus mat 2-0 vir luchen konnt Itzig op 2-2 ausgläichen éier mir dunn de Match awer fir eis entscheed hunn. Et war sëcher net eise beschte Match an mir hunn vill ze vill Goalchancen net gnotzt an trotzdem verdingt gewonn.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Sandy Hoekstra
1x Valentina Delhaye
1x Lisa Kneip
1x Sandra Alves
Article wort.lu Seniors - 24e journée:
http://www.wort.lu/fr/sport/division-2-wincrange-flambe-feulen-flanche-59116e0fa5e74263e13bede8
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
SC ELL - Racing Troisvierges 4 - 1

Eis 1. Equipe gewënnt verdingt mat 4-1 géint Ëlwen. An der éischter Halschent hu mir eis schwéier gedo mee de Match war ausgeglach. Ëlwen haat déi besser Goalchancen mee mir konnten an der 29. Minutt duerch den Guillaume Lecomte mat 1-0 a Féierung goën. No 4 Minutten an der 2. Halschent huet de Jérôme Justen op 2-0 erhéicht. Dëse Goal huet eiser Equipe Opwand ginn a mir haate weider gudd Goalchancen déi mir net genotzt hunn. An der 61. Minutt krut Ëlwen een Eelëfter a konnt op 2-1 verkierzen. Duerno war mir bessi vum Rouleau an Ëlwen huet gedréckt zum 2-2. Eise Goalkeep, de Pol May, huet awer nees alles gehal waat komm ass. An der 76. Minutt ass den 3-1 duerch den Joé Frisch an nëmmen 3 Minutten duerno huet den Luc Schroeder op 4-1 erhéicht an soumat war de Match gelaf. Elo stinn mir nees op der 4. Plaaz mat 1 Punkt Réckstand op Wëntger. Et heescht weider drun gleewen fir d'Barrageplaaz ze ereechen.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
2x Joé Frisch
1x Jérôme Justen
1x Luc Schroeder
Article wort.lu Dames - 19e journée:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
Besicht och d'Facebook-Säit vum Dammefussball zu Lëtzebuerg. Do fannt dir och ëmmer nees interessant Saachen iwert den Dammefussball zu Lëtzebuerg:
Jeunes Filles
6. Championnatsmatch - 2. Tour
SC ELL III - Progrès Niederkorn 15 - 1

D'Goaler fir ELL hu geschoss:
4x Marta Gomes
3x Océane Bastin
2x Sofia Figueiredo
2x Veronica Nobre
1x Jessica Nobre
1x Mara Guadarama
2x Selbstgoal
6. Championnatsmatch - 2. Tour
SC ELL II - Alisontia Steinsel 2 - 0

D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Larissa Delhommais
1x Jenna Djarmouni
7. Championnatsmatch - 2. Tour
YB Diekirch - SC ELL I 0 - 9

D'Goaler fir ELL hu geschoss:
5x Kate Thill
1x Hanna Thill
1x Lucie Malvaux
1x Valentina Delhaye
1x Chiara Bernardo
