News
SC ELL - FC Mamer 3 - 3

Eis Dames I spillen am leschte Championnatsmatch 3-3 gläich géint den FC Mamer. Vun Ufank un waren eis Meedercher gudd am Match an no 3 Minutten haate mir schons déi éischt 100% Goalchance. An der 7. Spillminutt konnte mir duerch d'Isa Kruchten mat 1-0 a Féierung goën. No engem Ofwierfeeler huet Mamer no 17 Minutten ausgeglach. Weider haate mir déi besser Chancen mee ët war Mamer déi an der 38. Minutt duerch ee Wäitschoss mat 2-1 a Féierung konnten goën.
Déi 2. Halschent hunn eis Meedercher sech nach bessi méi investéiert an konnten vill Goalchancen erausspillen. Géint de Spillverlaf ass nees ee Goal fir Mamer gefall duerch eis fréier Spillerin, d'Sarah Cardinali. Eis Meedercher hunn net opginn a weider probéiert de Match ze dréien. Den 2-3 vum Mara Ventura an der 70. Minutt huet eiser Equipe nach weider Undriff ginn. Méi wéi verdingt konnte mir an der 90. Minutt duerch d'Virginie Godefroid ausgläichen. An der Nospillzäit haat mir nach een 1 géint 1 mam Goalkeep vu Mamer wou d'Logane Wegnez awer leider net konnt eranschéissen. Et war ee gudde Match vu bäid Equipen wou virunallem d'Meedercher vun Ell mat guddem Fussball iwerzeegt hunn.
Mir schléissen d'Saison soumat op der 6. Tabellenplaaz of mat 31 Punkten an 46-46 Goaler.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Isa Kruchten
1x Mara Ventura
1x Virginie Godefroid
Jeunes Filles - Tournoi zu Wëntger

Eis JF2 an JF3 hunn Donnëschdes, den 25 Mee 2017 un engem Tournoi zu Wëntger deelgehol wou all d'Equipen géinteneen gespillt hunn.
Um Enn klasséieren eis JF2 mat dräi Victoiren, engem Gläichspill an enger Niederlag op der 2. Plaaz an eis JF3 hunn eemol gläich gespillt an 4x verluer a kommen op déi 6. Plaaz.
Tournoi Ladiescup 2017 zu Diekirch

![]()



Eis Dammen hunn um Ladiescup zu Dikkrech matgespillt an beleen um Enn déi 3. Plaaz.
Matcher:
ELL - Vianden 0-2 (2x Mara V.)
ELL - Karjeng 3-0 (3x Mara V.)
ELL - Diekirch I 2-0 (2x Mara V.)
ELL - Diekirch II 3-0 (1x Conny K., 1x Joyce Z., 1x Mara V.)
Hallëffinal:
ELL - Hesperingen 1-3 (1x Mara V.)
Consolation:
ELL - Diekirch I 4-2 (2x Mara V., 1x Lisa K., 1x Mara B.)
Article wort.lu Seniors - 26e journée:
Paroles des techniciens:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
SC ELL - SC Steinfort 3 - 0

Eis 1. Equipe gewënnt de leschte Championnatsmatch mat 3-0 géint den Tabellenéischten Stengefort. An engem ganz gudde Match vun eis Männer stung ët an der Halschent nach 0-0. An der 68. Minutt konnte mir mat 1-0 duerch den Xavier Gena a Féierung goën. An der 82. Spillminutt huet den Charel Heusbourg op 2-0 erhéicht an de Joé Frisch huet an der 85. Minutt de Schlusspunkt fir dëss Saison gesat mam 3-0. Sou verléiert Stengefort hieren eenzege Match um leschte Spilldag géint den SC ELL.
Eis 1. Equipe beleed soumat um Enn déi gudd 5. Plaaz an der Tabell. D'nächst Saison gëllt ët dann weider no vir ze kommen. Nom Match gouf dunn nach eisem Goalkeep, den Pol May, wierdig Äddi gesot. No 7 Joer am Goal zu ELL, probéiert hien eppes neies. Mir wënschen him Bonne Chance op sengem weideren Wee. Dier bleiwt fir hien zu ELL ëmmer op, net nëmmen an der neier Buvette :-)
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Xavier Gena
1x Charel Heusbourg
1x Joé Frisch
Jeunes Filles
8. Championnatsmatch - 2. Tour
SC ELL III - Fola Esch 5 - 4
![]()
Eis JF3 gewannen hieren leschte Match mat 5-4 géint Fola Esch.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
3x Sofia Figueiredo
1x Veronica Nobre
1x Océane Bastin
8. Championnatsmatch - 2. Tour
SC ELL II - FC Junglinster 8 - 0

Eis JF2 gewannen hieren leschte Match mat 8-0 géint Jonglënster.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
3x Jenna Djarmouni
2x Sophie Mathieu
1x Adelisa Rastoder
1x Liz André
1x Lindsay Ferreira
9. Championnatsmatch - 2. Tour
SC Bettembourg - SC ELL I 0 - 18

Eis JF1 gewannen héich mat 18-0 zu Betebuerg an sinn soumat nees Champion bei de Jeunes Filles. Schons no 15 Minutten stung et 8-0 an an der Halschent 13-0. Eis Meedercher hunn déi éischt Halschent de Ball super laafen gelos, sielen méi wéi 3 Ballkontakter. Schlussendlich geet de Match mat 18-0 aus.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
10x Kate Thill
5x Sandy Hoekstra
2x Lisa Kneip
1x Vania Nogueira Marques
Article wort.lu Dames - 21e journée:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192?ref=br_rs
Besicht och d'Facebook-Säit vum Dammefussball zu Lëtzebuerg. Do fannt dir och ëmmer nees interessant Saachen iwert den Dammefussball zu Lëtzebuerg:
Fola Esch - SC ELL 2 - 7

Eis Dames I gewannen mat 7-2 géint den Tabellenleschten Fola Esch. Eis Meedercher hunn direkt gudd ugefaang a konnten schon no 3 Minutten duerch ee Schoss vun 30 Meter vum Jill De Bruyn a Féierung goën. Kuerz duerno, an der 9. Minutt, konnt d'Joyce Zinelli op 2-0 erhéijen an d'Hanna Thill huet no enger Passe-en-retrait vum Logane Wegnez den 3-0 an der 14. Spillminutt geschoss. An der 26. Minutt huet d'Joyce Zinelli op 4-0 erhéicht. Duerno hu mir bessi eise Spillfloss verluer an Fola konnt sech och Goalchancen erausspillen. An der 39. Minutt huet d'Fola op 4-1 verkierzt. Nach virun der Halschent konnte mir nach zwee weider Goaler schéissen; fir d'éischt mecht d'Hanna Thill an der 41. Minutt mat engem Schoss vun 16 Meter den 5-1 an duerno schéisst d'Mara Ventura een Elëfter zum 6-1 ran.
Déi 2. Halschent ware mir net gudd am Match. Den 7-1 an der 56. Minutt fällt duerch ee opgefälschte Ball vum Logane Wegnez. An der 70. Minutt huet d'Fola den 7-2 geschoss. Weider lossen mir nach eng Rei gudd Goalchancen leien.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
2x Joyce Zinelli
2x Hanna Thill
1x Mara Ventura
1x Jill De Bruyn
1x Logane Wegnez
