News


Den SC ELL huet déi traureg Pflicht iech den Doud vum Här Jos SCHMARTZ matzedeelen, deen eis leider geschter am Alter vun 93 Joër, fir emmer verlooss huet!
De Jos SCHMARTZ war ee vun de Matgrënner vum ELLer Fussball, 1946 huet heen zesummen mam Camille Ney den Fc 46 Ell gegrënnt! Bis zum Schluss huet heen den SC ELL um Terrain ennerstëtzt!
Mir drécken der Famill eist häerzlecht Baileed aus💜
Assemblée Générale du 5 juillet 2019:
Deux nouveaux membres à savoir Steve GEREKE et Romain MERSCH ont été intégrés au comité du SC ELL. Pourtant notre président Camille GODELET, Felix GODELET, Franz RASQUE et Robert RODER, ne sont malheureusement plus membres du comité. Le nouveau comité (17) se présente de façon suivante:
Président:
Jean Michel WAHL
Membres:
Henri RASQUE
Paul WILWERDING
Alain BACK
Jean SCHMARTZ
Kim MÜLLER (prés. Supporter-Club)
Chris RECKEL
Eloi WEIS
Mandy ANTONY
Alain EVEN
Thierry KEMMER
Philippe JAAQUES
Conny KAUFMANN
Yves HAHN
Pit RECKINGER
Steve GEREKE
Romain MERSCH
Réviseurs de caisse SC ELL:
Jean-Claude KEMMER
Angelo CARDINALI
Représentants "Entente Jeunesse Atertdaul":
Jean Michel WAHL, Kim MÜLLER
Freides, de 5 Juli 2019 as eis Generalversammlung! Lass geet et um 20h00 zu ELL beim Margot am Café des Sports!
Hei dann nach d‘Gewënner vun der Tombola vun der Oldiesnight 2019:
1. Präis 502
2. Präis 187
3. Präis 231
4. Präis 699
5. Präis 338
Mellt iech beim Paul Wilwerding um +352 621 141 406
:-)
Den SC ELL seet iech alleguer villmools MERCI fir d'Ennerstëtzung an der Saison 2018/2019!💜
Et war eng Saison mat gudden an leider och schlechte Momenter, mee dat gehéiert derzou well ouni déi schlecht, wieren déi gudd Zaiten nemmen hallef sou schéin!
Eis Seniors Réserves hun et nom Opstiig 2017/2018 alt rem gepackt opzesteigen a spillen nächst Saison an der zweethéichster Divisioun vum Land! Respekt un d'Männer an un den Trainer Mike fir déi Leeschtung!
Bei eisen Dammen hu souwuel eis Dames I wéi och eis Dames II et gepackt, dran ze bleiwen! Eis Dames III hun di éischt Saison trotz ville Schwieregkeeten ganz gudd ofgeschloss, wichteg as hei dass sie et gepackt hun des Saison ouni Forfait oder soss eppes ofzeschléissen! Dem Eloi hei nach eng Kéier villmools MERCI fir d'Engagement an den Asaatz déi lescht Joëren, haaptsächlech als Trainer vun den Dames II mee och als Mënsch fir den ELLer Fussball! Nom Opstiig lescht Saison hues du et mat de Meedercher gepackt, an der 2.Divisioun ze bleiwen!
Eis Männer schléissen d'Saison als Tabellefënneften of! Dem Alain séng éischt Saison als Trainer kann sech awer weise loossen, laang haaten mir nämlech d'Chance an d'Hoffnung nach méi uewen matzespillen!
Lo as Paus, Zait fir sech nei opzestellen, nei ze motivéieren, Kraaft ze sammelen an rem mat voller Energie unzegraifen! MERCI U JIDDEREEN!
Wichteg:
Sonndes, den 9 Juni ab 11h30 as eis Ofschlossfeier zu Colpech am Chalet, mellt iech bis den 3 Juni un wann dir kommen wëllt! Bréngt och eng Zalot oder een Dessert mat, do och w.e.g bescheed soen!
Freides de 5 Juli as eis Generalversammlung zu ELL am Centre Camille Ney! Um 20h00 geet et lass!
MERCI MERCI MERCI A VIVE DEN SC ELL💜

