News
Samschdes, de 26. August um 18:30 Auer zu Veianen
Orania Vianden - SC ELL 0 - 8

Eis Meedercher gewannen de Frëndschaftsmatch zu Veianen mat 8-0! An der Paus stung et schon 6-0 fir eis Faarwen!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
3x Logane Wegnez
2x Jill De Bruyn
2x Hanna Thill
1x Myriam Jacobs
Freides, den 25. August 2017 um 20:00 Auer zu Béiwen/Atert
Us Béiwen/Atert - SC ELL 2 - 7

Eis Männer gewannen den 1.Championnatsmatch vun der neier Saison verdingt mat 7-2 zu Béiwen/Atert. No 37 Minutten luchen mir schon mat 3-0 fir duerch 3 Goaler vum Dave De Bruyn. D'Us Béiwen/Atert huet awer eng Reaktioun gewisen a konnt virun der Paus nach op 2-3 rukommen. An der zweeter Halschent waren mir awer rem kloer déi besser Equipe an hun naischt ubrennen gelooss. An der Paus sin de Paul Wiwerding an de Pit Peller agewiesselt gin an hun fir d'Endresultat vu 7-2 gesuergt.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
3x Dave De Bruyn
3x Paul Wilwerding
1x Pit Peller
Mëttwochs, den 23. August 2017 um 19:15 Auer zu Sibret (B)
WC Sibret (B) - SC ELL 2 - 3

Eis Meedercher gewannen de Frëndschaftsmatch mat 3-2 zu Sibret (B).
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Lisa Kneip
1x Jill De Bruyn
1x Hanna Thill
Sonndes, den 20. August 2017 zu ELL:
SC ELL - FC Lintgen 1 - 1

Match Dames um 18:00 Auer:
SC ELL - RRC Longlier (B) 4 - 1
US Martelange (B) - SC ELL 4 - 3

Mir verléieren de Frëndschaftsmatch géint d'Us Martelange mat 3-4! Et war dee leschten Testmatch virum Start vum Championnat e Freiden (25.08.2017).
D'Goaer fir ELL hu geschoss:
2x Nicolas Beauvois
1x Paul Wilwerding
VV Sittard (NL) - SC ELL 0 - 10

Eis Meedercher gewannen de Frëndschaftsmatch am Trainingslager an Holland géint d'VV Sittard verdingt mat 10-0 (2-0)!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
4x Lisa KNEIP
2x Jill DE BRUYN
2x Hanna THILL
1x Isa KRUCHTEN
1x Sonia ALFIERI
SC ELL 2 - 1 FC Useldange

Eis Männer gewannen d'Finale vun der Coupe Ady Rollinger zu Brouch mat 2-1 géint den Fc Jeunesse Useldéng!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Jerome Justen
1x Joe Frisch
Eliminatoires:
US Boevange - SC ELL 3 - 7

Eis 1. Equipe gewënnt mat 7-3 géint Béiwen. An engem flotten Match mat vill Goalchancen op deenen 2 Säiten konnt eis Equipe sech kloer behaapten. Och wann Béiwen net mat der kompletter 1. Equipe ugetrueden ass (wëll sie den Dag drop nach ee Match hunn) war et trotzdem ee gudden Test fir eis Leit.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
2x Joé Frisch
2x Jérôme Justen
2x Guillaume Lecomte
1x Gilles Even
Den aner Match ass mat 4-2 fir Useldeng ausgaang sou dass mir den Dënschden, den 15. August um 18:00 Auer an der Final géint Useldeng spillen.
