News
Méindes, den 11. September 2017 um 20:00 Auer zu ELL
SC ELL - FC Jeunesse Biwer 7 - 0

Eis Männer gewannen am 1.Tour vun der Coupe des Seniors Réserves verdingt mat 7-0 géint den Fc Jeunesse Biwer. Dee ganzen Match iwwer hun mir dominéiert an mir hun de Ball gudd laafen gelooss a vill Chancen rausgespillt, sou dass och d'Resultat an d'Reih geet. Dem Pit Peller, deen sech de Fanger gebrach huet, wënschen mir eng gudd Besserung!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
3x Paul Wilwerding
2x André Graf
1x Yves Gereke
1x Pit Peller
Sonndes, den 10. September 2017 um 16:00 Auer zu Iechternach
Daring Echternach - SC ELL 4 - 2 (1 - 1)

Eis Männer verléieren am 1.Tour vun der Coupe de Luxembourg mat 4-2 am 11-Meter-Schéissen géint den Fc Daring Iechternach an sin domat raus aus der Coupe! Mir si ganz schlecht an de Match komm, Iechternach war déi besser Equipe, as zu vill Chancen komm mee iergentwéi konnten mir emmer klären! An der 33.Minutt konnt de Jerome Grethen, wéi och zu Housen, een 11-Meter haalen! Kuerz duerno huet Iechternach een op de Potto geschoss mee et as beim 0-0 bliwwen! Virun der Paus hu mir nach missten de Guillaume Lecomte verletzt auswiesselen! De Jerome Justen as fir heen an de Match komm! Et as mat engem 0-0 an d'Paus gaang!
Déi zweet Halschent war sou zimlech dat selwecht Bild, Iechternach war déi besser Equipe mee mir sin och zu eenzelnen Chancen komm, leider awer vill ze vill ongeféierlech. No enger knapper Stonn hun mir och den Thunus Alain missten verletzt auswiesselen. Heen as duerch de Smit Pol ersaat gin! An der 69. Minutt huet Iechternach den net onverdingten 1-0 geschoss! Kuerz duerno hun mir eng drëtt Kéier gewiesselt, de Coeymans Oliver gëtt vum Bici Ened ersaat. Leider war dem Ened sain Optrëtt net vu laanger Dauer, heen huet missten verletzt dobaussen bleiwen, wiesselen konnten mir awer net méi! An der 80.Minutt huet de Smit Raphaël de glécklechen 1-1 geschoss! Mir hu probéiert sou gudd wéi méiglech dergéint ze haalen, mee dee ganzen Match hu mir eis schwéier um syntheteschen Terrain gedo! Dunn war Schluss!
An der Verlängerung as net vill geschitt, ausser dass de Jerome Justen mat enger giel/rouder Kaart vum Terrain gesaat gin as an mir de Recht vum Match zu 9 hu missten weider spillen! Et as an d'11-Meter-Schéissen gaang! Leider hun mir just 1 vu 4 Eelefmeter verwandelt, Iechternach huet der 3 verwandelt a gewënnt um Enn verdingt mat 4-2 géint den SC ELL! Den Daniel konnt als Eenzegen sain Eelefmeter ra schéissen!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Raphaël Smit
1x Daniel Francois Kaisindi-Naimana (am 11-Meter-Schéissen)
Samschdes, den 9. September 2017 um 18:00 Auer zu ELL
SC ELL - AS Wincrange 4 - 2

Eis Meedercher gewannen dee leschten Frëndschaftsmatch virum offiziellen Start an d'Saison 2017/2018 mat 4-2 géint d'As Wëntger!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Jill De Bruyn
1x Lisa Kneip
1x Mara Ventura
1x Sandy Hoekstra
Donnëschdes, den 7. September 2017 um 19:30 Auer zu ELL
SC ELL - FC Wiltz 12 - 0

Eis Meedercher gewannen de Frëndschaftsmatch géint den Fc Woltz 71 verdingt mat 12-0!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
3x Sandy Hoekstra
2x Valentina Delhaye
2x Vania Nogueira Marques
1x Yulisa Schloesser
1x Nora Schlesser
1x Jenny Santos Da Silva
1x Chiara Bernardo
1x Isa Kruchten
Sonndes, den 3. September 2017 um 16:00 Auer zu Housen
FCAS Hosingen - SC ELL 3 - 3
Eis Männer trennen sech mam FC AS Housen 3-3! Nodeems mir zweemol hannen waren (0-2 an 2-3), huelen mir am 2.Championnatsmatch deen éischte Punkt fir des Saison! De Jerome Grethen huet an der éischter Halschent een 11-Meter gehaal! An der Paus waren mir 0-1 hannen! An der 63.Minutt konnt Housen op 2-0 erhéigen! Eis Männer hun awer net opgin an de Jerome Justen konnt an der 70.Minutt den 1-2 schéissen! Direkt duerno huet de Xavier Gena den 2-2 geschoss! Déi lescht 10 Minutten haaten et nach eng Kéier a sech! Housen schéisst den 3-2 an der 80.Minutt a kuerz viru Schluss schéisst de Guillaume Lecomte ee Fraistouss, deen ee Spiller vun Housen an den eegene Gool schéisst! Mir haaten nach eng oder di aaner Chance an der Nospillzait mee et sollt beim 3-3 bleiwen!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Jerome Justen
1x Xavier Gena
1x Selbstgool
An der Annexe fann dir d'Resultater an déi aktuell Tabell vum 2.Spilldaach!
Samschdes, den 2. September 2017 um 18:00 Auer zu ELL
SC ELL - YB Diekrich 5 - 1

Eis Meedercher gewannen de Frëndschaftsmatch mat 5-1 géint d'Young Boys Dikkrech!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
3x Jill De Bruyn
1x Logane Wegnez
1x Eunice Alexandre Gomes
Freides, den 1. September 2017 um 20:00 Auer zu ELL
SC ELL - CS Oberkorn II 6 - 1

Eis Männer gewannen och den zweete Championnatsmatch an dat verdingt mat 6 - 1 géint den CSO II! Vun Ufank un huet ee gesinn, dass mir no der Victoire zu Béiwen onbedingt déi nächst Punkten zu ELL wëllen haalen. Dee besseren Start haat awer Uewerkuer, zumindest wat d'Gooler ugeet. An der 23. Minutt huet d'Auswiertsequipe den 1-0 geschoss! Eis Jongen sin awer konzentréiert bliwwen an konnten 10 Minutten drop, an der 33.Minutt den 1-1 duerch de Paul Wilwerding per 11-Meter schéissen. 2 Minutten drop konnten mir de Match dréinen, den Yves Gereke zitt of an schéisst den 2-1. Dunn as net méi vill geschitt an der éischter Halschent. An der zweeter Halschent hun eis Jongen naischt ubrennen gelooss an konnten de Match entscheeden. An der 55.Minutt schéisst de Paul Wilwerding den 3-1, 5 Minutten drop an der 60.Minutt suguer de 4-1. De Match war entscheed! Den Ened Bici (64.Minutt) an de Luca Collé (86.Minutt) konnten mat hieren éischten offiziellen Gooler fir den SC ELL fir d'Schlussresultat vu 6-1 suergen! Mir hun 6 vu 6 méiglechen Punkten! Sou kann et weider goen!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
3x Paul Wilwerding
1x Yves Gereke
1x Ened Bici
1x Luca Collé
Sonndes, den 27. August 2017 um 16:00 Auer zu Larochette (t. synth.)
Rupensia Larochette - SC ELL 4 - 3

Eis Männer verléieren den éischte Championnatsmatch vun der neier Saison mat 3-4 an der Fiels. An der 15.Minutt konnt de Jerome Justen ee Fraistouss propper rasätzen. Leider konnten mir d'Féierung net bis an d'Paus retten a kréien an der 45.Minutt den 1-1 geschoss! An der 49.Minutt schéisst de Charel Heusbourg den 2-1, direkt duerno fällt awer rem den 2-2. Duerch een 11-Meter konnt d'Fiels an der 66.Minutt a Féierung goen. An der Nospillzait as vill geschitt. Duerch vill Verletzungen an Ennerbriechungen as vill nogespillt gin an d'Fiels konnt an der 93.Minutt de 4-2 schéissen an domat fir d'Entscheedung suergen. An der 96.Minutt huet de Guillaume Lecomte nach een 11-Meter verwandelt, et sollt awer net duergoen an mir verléieren deen éischten Match vun der neier Saison.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Jerome Justen
1x Charel Heusbourg
1x Guillaume Lecomte
