News
Freides, den 22. September um 20:00 Auer zu ELL
SC ELL - US Moutfort/Medingen 3 - 2

Eis Männer gewannen och de 4. Championnatsmatch an dat mat 3-2 géint d'Us Moutfort/Medingen! Ganz fréi am Match waren mir fir duerch ee Gool vum Thierry Brosius, duerno konnt Moufort/Medingen awer ausglaichen an et as mat engem 1-1 an d'Paus gaang. No der Paus konnt den André Grad den 2-1 a suguer den 3-1 schéissen. Moutfort konnt nach eng Kéier 2-3 rukommen mee et sollt duergoen an mir konnten déi nächst 3 Punkten iwwer d'Zait retten. Mir hun no 4 Matcher lo 12 vun 12 méiglechen Punkten an bleiwen weider alleng un der Tabellenspëtzt. Weider sou Männer.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
2x André Graf
1x Thierry Brosius
Sonndes, den 24. September 2017 um 11:00 Auer zu Betebuerg (t. synth.)
SC Bettembourg II - SC ELL II 0 - 3 FORFAIT

Eis Meedercher gewannen den 2.Championnatsmatch Forfait géint de Sporting Club Beetebuerg!
Sonndes, den 17. September 2017 um 18:15 Auer zu Steeën (t. synth. "Um bloen Eck")
US Feulen - SC ELL 1 - 6

Eis Männer gewannen den 3.Championnatsmatch verdingt mat 6-1 géint d'Us Feelen! Schon no 15 Minutten stung et 3-0 fir eis Faarwen duerch Gooler vum Joe Frisch (6' an 8') a Rodrigue (15'). An der 53.Minutt huet de Ben dunn de 4-0 geschoss. Kuerz virun der Paus konnt Feelen nach op 1-4 verkierzen, haat direkt nom Saitewiessel suguer d'Chance mat engem 11-Meter op 2-4 runzekommen, mee den 11-Meter as op d'Laat geschoss gin. Duerch zwee weider Gooler an der 54.Minutt (Ben) an an der 63.Minutt (Rodrigue) gewannen mir schlussendlech verdingt mat 6-1 géint Feelen an huelen déi éischt 3 Punkten fir des Saison mat op ELL!
D'Gooler fir ELL hu geschoss:
2x Joe Frisch
2x Rodrigue Volckaerts
2x Ben Schaaf
An der Annexe fann dir d'Resultater an d'Tabell vum 3.Spilldaach
Sonndes, den 17. September 2017 um 11:00 Auer zu Betebuerg (t. synth.)
SC Bettembourg - SC ELL III 3 - 2

Eis Jeunes Filles III verléieren den 1.Championnatsmatch mat 2-3 géint de Sporting Club Beetebuerg.
Sonndes, den 17. September 2017 um 11:00 Auer zu Itzig (t. synth.)
FC Itzig - SC ELL II 1 - 0

Eis Jeunes Filles II verléieren den 1. Championnatsmatch mat 0-1 géint den Fc Blo-Waiss Itzeg.
Sonndes, de 17. September 2017 um 11:00 Auer zu ELL
SC ELL I - Ent. Wormeldange reporté

De Championnatsmatch vun de Jeunes Filles I as NET gespillt gin!
Samschdes, de 16. September 2017 um 19:00 Auer zu Colmer-Bierg
AS Colmarberg - SC ELL 0 - 5

Eis Meedercher gewannen den 1.Championnatsmatch verdingt mat 6-0 géint d'As Colmer-Bierg an sin nom 1.Spilldaach Tabellenéischten.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Logane Wegnez
1x Mara Ventura
1x Lisa Kneip
1x Hanna Thill
1x Jill De Bruyn
An der Annexe fann dir déi aktuell Resultater an d'Tabell vum 1.Spilldaach
Freides, den 15. September 2017 um 20:00 Auer zu Iechternach (t. synth)
Daring Echternach - SC ELL 1 - 6
Mir gewannen den 3.Championnatsmatch verdingt mat 6-1 géint den Fc Daring Iechternach! An der Paus luchen mir nach mat 0-1 hannen, konnten eis no 90 Minutten awer daitlech duerchsätzen duerch eng ganz staark zweet Halschent! Domat hun mir lo déi éischt 3 Matcher vun der neier Saison gewonn an stin alleng un der Tabellespëtzt mat 9 Punkten!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
3x André Graf
1x Paul Wilwerding
1x Nicolas Beauvois
1x Gilles Even
