News
Samschdes, de 7. Oktober 2017 um 19:00 Auer zu Ëlwen
Fc Racing Troisvièrges - SC ELL 0 - 3 FORFAIT
Eis Meedercher gewannen an der 1/16-Finale vun der Coupe mat 3-0 FORFAIT géint den Fc Racing Ëlwen aus der 3.Divisioun. Mir stin lo an der 1/8-Finale.
Samschdes, de 7. Oktober 2017 um 11:00 Auer zu ELL
SC ELL I - Ent. Wormeldange 9 - 0

Eis Jeunes Filles I gewannen den 1. Championnatsmatch (Nohuelmatch) verdingt mat 9-0 géint d'Entente Wuermer/Mënsbech/CSG!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Andreia Faria Dos Santos (2x)
Tatiana Araujo Pacheco (2x)
Valentina Delhaye (2x)
Vania Nogueira (1x)
Lucie Malvaux (1x)
Sandra Alves Dias (1x)
Freides, de 6. Oktober 2017 um 20:00 Auer zu ELL
SC ELL - FC Bastendorf 47 2 - 0

An der 1/32-Finale vun der Coupe de Luxembourg gewannen eis Männer verdingt mat 2-0 géint den Fc 47 Bastenduerf! Bastenduerf spillt aktuell an der 2. Divisioun, an domat 2 Divisiounen méi héisch wéi mir. Mir hun ee ganz gudde Match gemaach, an sin och dofir belount gin. Schéin ze soen bleiwt nach dass de Pol Reckinger sai Comeback gefeiert huet an no laanger Zait rem ee Match am Eller Trikot gespillt huet.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Nicolas Beauvois (1x)
Paul Wilwerding (1x)
Sonndes, den 1. Oktober 2017 um 15:30 Auer zu Colmer-Bierg
As Colmar-Berg - SC ELL 1 - 3
Eis Männer gewannen de 5. Championnatsmatch mat 3-1 zu Colmer géint d'As Colmer-Bierg. Mir sin gudd an de Match komm, haaten allerdings net vill Chancen. Déi Chancen déi mir haaten konnten mir awer net notzen. Et huet 45 Minutten gedauert bis den Oliver den 1-0 konnt schéissen. Direkt duerno war Paus. An der zweeter Halschent haaten mir de Match am Grëff, allerdings as och Colmer zu Chancen komm. An der 54. Minutt huet den André den 2-0 geschoss. D'As Colmer-Bierg konnt den 2-1 schéissen an huet sech am Match gehaal. An der 82.Minutt huet de Xavier den 3-1 an domat d'Entscheedung geschoss. Mir gewannen schlussendlech verdingt mat 3-1 géint d'As Colmer-Bierg an sin lo aktuell véierten an der Tabell.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Oliver Coeymans (1x)
André Graf (1x)
Xavier Gena (1x)
An der Annexe fann dir déi aktuell Resultater an d'Tabell vum 5.Spilldaach!
Sonndes, den 1. Oktober 2017 um 11:00 Auer zu ELL
SC ELL II - Ent. Gréngewald 3 - 6

Eis Jeunes Filles II verléieren den 3. Championnatsmatch mat 3-6 géint d'Entente Gréngewald!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Sofia Figueiredo (2x)
Marta Gomes (1x)
Sonndes, den 1. Oktober 2017 um 09:30 Auer zu ELL
SC ELL III - Progrès Niederkorn 5 - 1

Eis Jeunes Filles III gewannen den 3.Championnatsmatch mat 5-1 géint de Progrès Nidderkuer!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Amra Rastoder (2x)
Adelisa Rastoder (2x)
Sophie Mathieu (1x)
Sonndes, den 1. Oktober 2017 um 11:00 Auer zu Housen
Ent. Hosingen - SC ELL I 0 - 5
Eis Jeunes Filles I gewannen den 3.Championnatsmatch mat 5-0 géint d'Entente Hosingen/FF Norden.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Valentina Delhaye (3x)
Vania Nogueira (1x)
Lucie Malvaux (1x)


