News
Sonndes, den 22. Oktober 2017 um 16:00 Auer zu ELL
SC ELL - Fc Jeunesse Useldange 3 - 2
Eis Männer gewannen an engem Kampf vun 98 Minutten mat 3-2 géint den Tabellendrëtten Fc Jeunesse Useldéng! An der 29.Minutt as Useldéng mat 1-0 a Féierung gaangen. Et war bis dohin een ausgeglachenen Match, allerdings haaten mir déi besser Chancen fir den 1-0 ze schéissen. Et as di ganzen Zait hin an hier gaang an keng vun deenen zwou Equipen kruut richteg Rouh an de Match. Mam 1-0 fir Useldéng as et dunn och an d'Paus gaang! No der Paus hun mir direkt Drock gemaach an konnten eis an der 58.Minutt och belounen duerch de Gool mam Kapp vum Joe Frisch! De Ben Schaaf as fir den Thierry Brosius an de Match komm an de Charel Heusbourg huet de Pit Reckinger ersaat! An der 77.Minutt huet Useldéng eng rout Kaart kritt, de Charel, deen just agewiesselt gin as, as alleng op de Gool gelaaf an as vum Useldénger Spiller vun hannen emgeluecht gin! 5 Minutten duerno konnten mir den 2-1 duerch ee wonnerschéinen Fraistouss vum Guillaume Lecomte schéissen! D'Schlussphase haat et awer nach eng Kéier a sech, Useldéng kritt een 11-Meter an der 87.Minutt, den Alain Thunus kritt séng éischt giel Kaart! De Jerome haat keng Chance deen 11-Meter ze haalen, 2-2! Kuerz drop as den Alain Thunus mat giel/rout vum Terrain geflunn. An der 91.Minutt schéisst de Jerome Justen den 3-2! Mir hu gemengt et wier riwwer, allerdings huet den Arbiter am ganzen 8!! Minutten nospillen gelooss opwuel am Match net vill geschitt fir soulaang mussen nozespillen! An der 98.Minutt war et dunn awer endlech riwwer an mir gewannen an eng spannenden a knappen Match mat 3-2 géint den Fc Jeunesse Useldéng!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Joe Frisch (1x)
Guillaume Lecomte (1x)
Jerome Justen (1x)
Sonndes, den 22. Oktober 2017 um 11:00 Auer an der Staat
RFCU Lëtzebuerg - SC ELL I 2 - 3

Eis Jeunes Filles I gewannen de 5.Championnatsmatch mat 3-2 géint den RFCU Lëtzebuerg.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Lucie Malvaux (2x)
Tatiana Araujo Pacheco (1x)
Sonndes, den 22. Oktober 2017 um 11:00 Auer zu ELL
SC ELL II - Ent. Wincrange 0 - 9

Eis Jeunes Filles II verléieren de 5.Championnatsmatch daitlech mat 0-9 géint d'As Wëntger.
Sonndes, den 22. Oktober 2017 um 09:30 Auer zu ELL
SC ELL III - Fc Mamer 32 1 - 1

Eis Jeunes Filles III huelen am 5.Championnatsmatch 1 Punkt géint den Fc Mamer 32 an trennen sech 1-1!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Adelisa Rastoder (1x)
Samschdes, den 21. Oktober 2017 um 19:00 Auer zu Weidingen (t. synth.)
Fc Wiltz 71 - SC ELL 0 - 10
Eis Meedercher gewannen och de 4.Championnatsmatch an dat verdingt mat 10-0 géint den Fc Woltz 71! No 4 Matcher hun mir lo de Maximum vun 12 Punkten an eng Gooldifferenz vun 40 - 0 (+40).
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Isabelle Kruchten (4x)
Sandy Hoekstra (3x)
Vania Nogueira Marques (2x)
Marylène Weis (1x)
Freides, den 20. Oktober 2017 um 20:00 zu ELL
SC ELL - Fc Pratzerthal/Redange 3 - 1

Mir gewannen den DERBY géint eis Nooperen vum Fc Préizerdall/Réiden mat 3-1! Domat gewannen mir och dee 7.Championnatsmatch an hun lo de Maximum vun 21 Punkten aus 7 Matcher.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Dave De Bruyn (1x)
Paul Wilwerding (1x)
Pit Peller (1x)
Méindes, de 16. Oktober 2017 um 19:15 Auer zu Kënzeg
Etoile Sportive Clemency - SC ELL 4 - 7
Eis Veteranen gewannen de Frëndschaftsmatch mat 7-4 géint Kënzeg.
Sonndes, den 15. Oktober 2017 um 16:00 Auer zu Harel (t. synth.)
FC Harlange-Tarchamps - SC ELL 3 - 3
Eis Männer trennen sech mam Opsteiger Green Boys Harel/Tarchamps 3-3. An engem ganz schwaachen Match konnten mir an der 23.Minutt duerch de Joe Frisch a Féierung goen. Mir haaten nach déi eng oder aaner gudd Chance, allerdings haaten mir de Match alles ahnescht wéi an der Hand. An der 35.Minutt schéisst Harel den 1-1, eng Minutt drop an der 36.Minutt souguer den 2-1. Mat deem Resultat as et dunn och an d'Paus gaang. Nom Saitewiessel haaten mir direkt eng gudd Chance, mee dem Oliver Coeymans sai Schoss konnt op der Linn vum Géigner ofgewiert gin. An der 54.Minutt kruuten mir dunn den 1-3 geschoss duerch ee Fehler an der Ofwier. An der 61.Minutt konnten mir den 2-3 schéissen, ee Ball deen de Rodrigue Volckaerts op de Gool donnert an vun der Laat an de Gool fällt. Kuerz duerno schéisst de Jerome Justen souguer den 3-3, 5 Minutten no sénger Awiesslung. Heen as fir den André Graf rakomm. D'Schlussphase haat et nach eng Kéier a sech, an der 69. Minutt flitt den Oliver Coeymans mat rout vum Terrain well en een Spiller vun Harel, deen alleng op de Gool gelaaf as, vun de Been geholl huet. Et as weider hin an hier gaang, mee weder Harel nach mir, konnten den entscheedenden Gool schéissen. Et as beim 3-3 bliwwen.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Joe Frisch (1x)
Rodrigue Volckaerts (1x)
Jerome Justen (1x)
