News
Freides, den 3. November 2017 um 20:00 Auer zu Brouch (t. synth.)
Fc Brouch - SC ELL 0 - 3
Eis Männer gewannen den 8.Championnatsmatch mat 3-0 géint den Fc Brouch. An der Paus stung et nach 0-0. Mir hun gudd gespillt an haaten richteg vill Chancen, allerdings huet et bis an déi zweet Halschent gedauert bis mir de Gool fonnt hun. Domat hun mir och deen 8.Championnatsmatch gewonn an bleiwen no 8 Spilldeeg mam Maximum vun 24 Punkten alleng un der Tabellespëtzt.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Dave De Bruyn (2x)
Tim Miller (1x)
Sonndes, den 29. Oktober 2017 um 16:00 Auer zu ELL
SC ELL - Avenir Beggen 1 - 2

Eis Männer verléieren an der 1/32-Finale vun der Coupe FLF mat 1-2 géint den Fc Avenir Beggen aus der 1.Divisioun! Et war kee gudde Match an mir hu laang gebraucht fir an de Match ze kommen! An der Paus stung et 0-1 fir Beggen, de Charel Heusbourg konnt no der Paus den 1-1 schéissen. An der 78.Minutt huet Beggen dunn een Eelefmeter kritt, deen zum 2-1 verwandelt gin as. Duerno as net méi vill geschitt, mir haaten nach di eng oder aaner kleng Chance mee et as beim 2-1 fir Beggen bliwwen an domat sin mir raus aus der Coupe FLF. Lo kënnen mir eis voll a ganz op d'Championnat konzentréieren.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Charel Heusbourg (1x)
Samschdes, den 28. Oktober 2017 um 19:00 Auer zu ELL
SC ELL - RFCU Luxembourg 3 - 3

Eis Meedercher trennen sech mam RFCU Lëtzebuerg aus der Staat 3-3! Mir waren 3x fir konnten et allerdings net vermeiden emmer rem den Ausglaich geschoss ze kréien! Um Enn as et ee wichtegen a verdingten Punkt fir eis Meedercher.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Jill De Bruyn (1x)
Joyce Zinelli (1x)
Kate Thill (1x)
Freides, de 27. Oktober 2017 um 20:00 Auer zu Uewerkuer (t. synth. Woiwer à Differdange)
CS Oberkorn - SC ELL 1 - 1 (5 - 6 n. E.)
Eis Männer gewannen an der 1/16-Finale vun der Coupe des Seniors Réserves am 11-Meter-Schéissen géint den CS Uewerkuer. No 90 Minutten stung et 1-1. De Gool fir eis Faarwen huet den Dave geschoss. Et war ee ganz haarden a spannenden Match, mir waren déi besser Equipe, haaten vill Chancen mee konnten eis Chancen leider net notzen, resp. de Goolkeeper vun Uewerkuer huet deen een oder aaneren ganz gudd gehaal. Am 11-Meter-Schéissen konnten mir alles verwandelen, de Marvin hällt deen entscheedenden leschten Schoss vun Uewuerkuer an sou gewannen mir, um Enn verdingt, mat 6-5 géint den CS Uewerkuer.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Dave De Bruyn (1x)
Donneschdes, de 26. Oktober 2017 um 19:30 Auer am Paffendall!
Fc Red Black Egalité 07 - SC ELL 1 - 5
Eis Meedercher gewannen de 5.Championnatsmatch verdingt mat 5-1 géint den Tabellenzweeten Fc Red Black Egalité 07! An der 17.Minutt huet d'Sandy den 1-0 geschoss, an der 30.Minutt konnt d'Vania op 2-0 erhéigen. Kuerz virun der Paus konnt den Fc Red Black Egalité 07 awer nach den 1-2 schéissen. Et as deen éischte Géigegool dee mir dës Saison geschoss kruuten. An der zweeter Halschent konnten mir de Match awer entscheeden. D'Sandy schéisst fréi den 3-1, d'Andreia de 4-1 a gudd 20 Minutten viru Schluss kann d'Sandy mam 5-1 d'Entscheedung schéissen. Et war ee gudde Match an mir sin frou no 5 Matcher weider mam Maximum vu 15 Punkten alleng un der Tabellenspëtzt ze sin.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Sandy Hoekstra (3x)
Vania Nogueira Marques (1x)
Andreia Faria Dos Santos (1x)
Mëttwochs, de 25. Oktober 2017 um 19:30 Auer zu Schëffléng (t. synth)
Fc Schifflange 95 - SC ELL 1 - 4
Eis Meedercher gewannen de 5.Championnatsmatch mat 4-1 géint den Opsteiger Fc Schëffléng 95. Dat sin ganz wichteg 3 Punkten déi mir mat op Ell huelen. An der Paus waren mir schon 2-0 fir. D'Meedercher hun ee gudde Match gemaach a schlussendlech verdingt gewonn. D'Jill De Bruyn huet den 1-0 geschoss. Duerch ee Fraistouss aus 20 Meter schéisst d'Lisa den 2-0. No der Paus konnt d'Kate duerch ee Fraistouss aus baal 30 Meter op 3-0 erhéigen. Nodeems Schëffléng den 1-3 konnt schéissen, konnt d'Kate awer de Match entscheeden mat séngem Gool zum 4-1. Ee grousse Luew geet och un eise Goolkeeper, d'Sonia Alfieri, fir séng gudd Leeschtung.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Kate Thill (2x)
Jill De Bruyn (1x)
Lisa Kneip (1x)
Méindes, den 23. Oktober 2017 um 19:15 Auer zu Mäerzeg
Fc Sporting Mertzig - SC ELL 6 - 4
Eis Veteranen verléieren de Frëndschaftsmatch géint den Fc Sporting Mäerzeg mat 4-6.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Dan Muno (2x)
Chris Reckel (1x)
Meiers (geléint vu Mäerzeg) (1x)

