News

Den SC ELL seet iech alleguer villmols merci fir d'Ennerstëtzung am Joër 2019 a wënscht iech nemmen dat Bescht fir d'Zukunft!




Réidener Wanterlaf – Sonndes, de 5. Januar 2020
-------------------------------------------------------------------------
De Wanterlaf geet zu Réiden beim Atertlycée fort. Hei ginn ët dëst Joer 4 Distanzen (Parcours) déi een kann laafen oder walken:
6, 10, 14 oder 19 km ---- Running oder Walking

Den Départ fir de Walking an den Nordic-Walking ass Moies um 08h45 an den Départ fir de Running ass Moies um 10h00. Bei dësem Laaf geet ët op der enger Säit ëmt de Spass an awer haaptsächlich fir ee gudden Zweck. Mam Erléis vum Wanterlaf ginn Télévie an Trisomie21 ënnerstëtzt. Den SC ELL mëcht heimat säin jährlichen sozialen Beitrag an bezillt all Participants, den ënnert dem Numm vum SC ELL Walking oder Running mëcht, d'Startgeld. Daat lescht Joër huet den SC ELL op dësem Event mat méi wéi 100 Leit deelgeho an iwer 700 € fir ee gudden Zweck ginn. Mir sollen och dëst Joër nees zesummen ee schéinen Sonnden Moien mat Kollegen, Frënn a Famill zu Réiden verbréngen an dofir gëllt och nees ..... mellt Iech un!!!

Fir dësen Laf, wiere mir frou wann dir Iech bis spéitstens Sonndes, den 22. Dezember 2019 géift umellen beim Mandy Antony um 621 385 327 oder per E-Mail: mandy.
Kuckt och ënner: http://www.4runner.lu
Wéi gesoot, dir kënnt och aer Kollegen a Famillienmemberen mat umellen, och wann sie keng Lizenz am Fussball hunn. Vill Leit hunn eng Memberskaart an nach aner vill Leit ënnerstëtzen eis och sou am Laaf vum Joër. Heimat ginn mir als SC ELL ee klénge Geste zeréck.

!!! Ze soën bleiwt: All Spiller a Spillerin vum SC ELL muss um Wanterlaf derbei sinn, ob laafen oder walken !!!
36. Sylvester-Laf – Dënschdes, den 31. Dezember 2019
------------------------------------------------------------------------------------
Léiw Memberen, Supporter a Frënn vum SC ELL, wéi och déi Joëren virdrun participéiert den SC ELL um Sylvesterlaf an um Wanterlaf.
All Leit déi interesséiert sinn ënnert dem Numm vum SC ELL ze starten sollen sëch beim Alain EVEN mellen. Den SC ELL iwerhëllt och nees d'Umeldungskäschten fir all Participants deen eng Lizenz, Memberskaart oder Supporterkaart vum SC ELL huet an fir den SC ELL matleeft.
Den Sylvesterlaf gëtt zu Rammerech gelaf an den Départ ass um 15:00 Auer. Et sinn 10 km an ët geet mol méi mol manner biergop biergof. Hei ass ëmmer eng super Ambiance op der Streck, an virun allem nieft der Streck :-).
Fir dësen Laf, wiere mir dankbar wann dir Iech bis spéitstens Sonndes, den 22. Dezember 2019 beim Alain EVEN mellt, entweder per Telefon um 661 170 572 oder per E-Mail:

Bonsoir , en tant que président du SC ELL , je voulais remercier tous les joueurs des équipes Dames et Hommes plus les membres de la grande famille du SC ELL et les membres du comité qui ont contribué au succès de notre maintenant tradionnel « Elloween Bal « . N’oublions pas de souhaiter un prompt rétablissement à Guillaume Brasseur qui a subit un intervention chirurgicale pour une rupture du tendon rotulien hier soir à l’entraînement. Courage Guillaume . Le président encore un grand merci .

TIRAGES COUPE DE LUXEMBOURG + COUPE FLF 2019/2020
----------
1/32-Finale Coupe de Luxembourg:
SC ELL (2. Divisioun) - Fc Mondercange (Eirepromotioun), Sonndes den 22. September 2019 um 16:00 Auer zu ELL
----------
1/32-Finale Coupe FLF:
SC ELL (2. Divisioun) - Fc Kiischpelt Wilwerwiltz (3. Divisioun), Sonndes, den 10. November 2019 um 16:00 Auer zu ELL
