News
Mëttwochs, den 8. November 2017 um 19:30 Auer zu ELL
SC ELL - Ent. Hosingen/FF Norden 16 - 0

Eis Meedercher gewannen de 7.Championnatsmatch mat 16-0 géint d'Entente Housen/FF Norden! Ee grousse Respekt awer un eise Géigner, dee Mëttwochs Owes zu 7 op ELL de Match spillen komm as an 90 Minutten duerchgehaal huet!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Sandy Hoekstra (8x)
Vania Nogueira Marques (3x)
Nora Goergen (3x)
Andreia Faria Dos Santos (1x)
Liane Freyman (1x)
Méindes, de 6. November 2017 um 19:15 Auer zu Pärel
Fc Perlé - SC ELL 1 - 1
Eis Veteranen an den Fc Pärel trennen sech am Frëndschaftsmatch zu Pärel 1-1!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Cyrille Cognoli (1x)
Sonndes, de 5. November 2017 um 16:00 Auer zu Käerch
Fc Käerch - SC ELL 1 - 3
Eis Männer gewannen den 9.Championnatsmatch verdingt mat 3-1 géint den Tabellenzweeten Fc Käerch! No 8 Minutten konnten mir duerch de Charel Heusbourg mat 1-0 a Féierung goen! No 16 Minutten konnt de Joe Frisch suguer op 2-0 erhéigen! An der leschter Minutt vun der éischter Halschent konnt de Raphael Smit nach den schéinen 3-0 mam Kapp eran sätzen! Et as also mat 3-0 an d'Paus gaang! Käerch war no der Paus déi méi geféierlech Equipe, huet méi Drock gemaach an as zu Chancen komm, allerdings huet et bis déi 65.Minutt gedauert bis sie den 1-3 schéissen konnten! Mir haaten 2-3x d'Chance de Saack zou ze maachen an de véierten Gool ze schéissen, mee mir kruuten leider keen méi ran. Schlussendlech konnten mir den 3-1 awer iwwer d'Zait retten an gewannen um Enn verdingt mat 3-1 géint den Fc Käerch! Wichteg ze soen bleiwt nach, dass de Charel, de Raph an de Ben hu missten verletzt ausgewiesselt gin (rakomm sin den Thierry Brosius, de Rick Schlesser an de Flepp Cardoso). De Jerome Justen as mat enger rouder Kaart vum Terrain geflunn!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Charel Heusbourg (1x)
Joe Frisch (1x)
Raphael Smit (1x)
An der Annexe fann dir déi aktuell Tabell an d'Resultater vum 9.Spilldaach! Den Tabellenéischen Schieren huet géint Useldéng verluer, sou dass et lo just nach 5 Punkten Réckstand op d'Tabellespëtzt sin!
Sonndes, de 5. November 2017 um 11:00 Auer zu ELL
SC ELL II - SC Bettembourg - FORFAIT 3 - 0

Eis Jeunes Filles II gewannen de 6.Championnatsmatch Forfait 3-0 géint de Sporting Club Beetebuerg!
Sonndes, de 5. November um 09:30 Auer zu ELL
SC ELL III - UN Käerjéng 7 - 0
![]()
Eis Jeunes Filles III gewannen de 6.Championnatsmatch mat 7-0 géint d'UN Käerjéng!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Jenna Djarmouni (2x)
Marta Gomes (2x)
Sofia Figureido (2x)
Adelisa Rastoder (1x)
Sonndes, de 5. November 2017 um 11:00 Auer zu Dikkrech
Young Boys Diekirch - SC ELL I 2 - 3

Eis Jeunes Filles I gewannen de 6.Championnatsmatch mat 3-2 géint d'Young Boys Dikkrech!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Vania Nogueira (2x)
Tatiana Araujo Pacheco (1x)
Samschdes, de 4. November 2017 um 19:00 Auer zu Gréiwels
Ent. Pratzerthal/Grevels - SC ELL 2 - 0
Eis Meedercher verléieren de 5.Championnatsmatch mat 0-2 géint eis Nooperen vum Fc Préizerdall/Réiden. An der Paus stung et nach 0-0! Et as déi éischt Défaite fir des Saison, allerdings bleiwen mir duerch déi gudd Gooldifferenz Tabellenéischten punktglaich mam FCPR an mat der Entente Bäerdrëff/Krëschtnech/Rouspert!
Samschdes, den 4. November 2017 um 19:00 Auer zu Ralingen (t. synth.)
Entente Rosport - SC ELL 1 - 1
Eis Meedercher huelen ee Punkt bei der Entente Rouspert/Bäerdrëff/Krëschtnech! Mir waren 1-0 hannen, d'Jill De Bruyn konnt awer den 1-1 schéissen! Et as ee gudden a wichtegen Punkt fir eis Meedercher.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Jill De Bruyn (1x)
