News
Samschdes, den 18. November 2017 um 19:00 Auer zu Jonglënster (t. synth.)
Jeunesse Junglinster - SC ELL 4 - 1
Eis Meedercher verléieren den 9.Championnatsmatch mat 1-4 beim Tabellenéischten Jeunesse Jonglënster! Mir hun eng gudd éischt Halschent gespillt, an der Paus stung et réicht 1-0 fir Jonglënster! D'Lisa Kneip konnt een Eelefmeter leider net verwandelen! No 4 ongeschloenen Matcher, verléieren mir also rem!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Mara Ventura (1x)
Samschdes, den 18. November 2017 um 19:00 Auer zu Berdorf
Ent. USBC - SC ELL 1 - 5
Eis Meedercher gewannen den 8.Championnatsmatch verdingt mat 5-1 géint d'Entente USBC/Rouspert! Dat sin ganz wichteg 3 Punkten géint een direkten Konkurrent am Opstiigskampf! Well de Match nächst Woch géint d'Entente Bissen/Lëntgen net gespillt gëtt (d'Equipe huet sech aus dem Championnat gezunn), gewannen mir Forfait mat 3-0 an iwwerwanteren als Tabellenéischten. Eis Meedercher hun eng perfekt Hironn gespillt, gewannen 8 vun 9 Matcher!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Vania Nogueira Marques (3x)
Sandy Hoekstra (2x)
An der Annexe fann dir d'Resultater an d'Tabell vum 8.Spilldaach!
Sonndes, den 12. November 2017 um 16:00 Auer zu ELL
SC ELL - US Reisdorf REMIS
D'FLF huet alleguer d'Matcher vum 12.November wéinst de schlechten Wiederkonditiounen ofgesot! De Match gëtt den 10 Dezember 2017 um 16:00 Auer zu ELL nogespillt!
Sonndes, den 12. November 2017 um 11:00 Auer zu Nidderkuer
Progrès Niederkorn - SC ELL III 1 - 6

Eis Jeunes Filles III gewannen de 7.Championnatsmatch mat 6-1 géint de Progrès Nidderkuer!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Marta Gomes (3x)
Amra Rastoder (1x)
Lindsay Ferreira (1x)
Zoé Ribeiro (1x)
Sonndes, den 12. November 2017 um 11:00 Auer zu Jonglënster (t. synth.)
Ent. Gréngewald - SC ELL II 3 - 1

Eis Jeunes Filles II verléieren de 7.Championnatsmatch mat 1-3 géint d'Entente Gréngewald!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Veronica Nobre (1x)
Sonndes, den 12. November 2017 um 10:30 Auer zu ELL
SC ELL I - Ent. Hosingen 6 - 2

Eis Jeunes Filles I gewannen de 7.Championnatsmatch mat 6-2 géint d'Entente Housen!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Tatiana Araujo (3x)
Vania Nogueira (2x)
Andreia Faria Dos Santos (1x)
Samschdes, den 11. November 2017 um 19:00 Auer zu ELL
SC ELL - Fc Mamer 32 2 - 2

Eis Meedercher an den Fc Mamer 32 trennen sech 2-2! Et war ee Match deen hin an hier gaang as an op zwou Saiten konnten Chancen rausgespillt gin! Et huet awer bis an déi 42.Minutt gedauert bis eis Meedercher sech belounen konnten, d'Jill De Bruyn huet den 1-0 geschoss! Mat deem Resultat as et och an d'Paus gaang! An der zweeter Halschent konnt Mamer méi Drock opbauen! An der 70.Minutt hun sie den 1-1 geschoss, 3 Minutten drop suguer den 1-2! Eis Meedercher hun allerdings net opgin, sin nach zu puer Chancen komm an konnten sech an der leschter Minutt mat engem 11-Meter belounen deen d'Lisa Kneip propper verwandelt! An der 66.Minutt as d'Soria Sassel fir d'Mara Ventura an de Match komm an an der 78.Minutt huet d'Sandy Hoekstra d'Myriam Jacobs ersaat! Um Enn geet de Punkt an d'Reih! Domat sin mir sait 4 Matcher ongeschlo!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Jill De Bruyn (1x)
Lisa Kneip (1x)
Freides, den 10. November 2017 um 20:00 Auer zu ELL
SC ELL - Fc Olympia Christnach 4 - 2

Eis Männer gewannen den 9.Championnatsmatch mat 4-2 géint den Fc Olympia Krëschtnech/Waldbëlleg! Nodeems mir 2-0 fir waren, konnt Krëschtnech nach virun der Paus den 2-2 schéissen! Nom Saitewiessel hu mir de Match awer séier entscheed a gewannen um Enn an engem schwéieren Match mat 4-2 géint den Fc Olympia Krëschtnech/Waldbëlleg! Domat hu mir 9 vun 9 Matcher gewonn an bleiwen alleng mam Maximum vun 27 Punkten un der Tabellespëtzt!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
André Graf (3x)
Thierry Kemmer (1x)
