News
Freides, de 24. November 2017 um 20:00 Auer zu ELL
SC ELL - Fc Lorentzweiler 1 - 2

Eis Männer verléieren de leschte Championnatsmatch vun der Hironn mat 1-2 géint den Fc Luerentzweiler an iwwerwanteren lo als Tabellenzweeten! An der 38.Minutt konnt den Fc Luerentzweiler den 1-0 schéissen, mat deem Resultat as et och an d'Paus gaang! Direkt no der Paus konnten sie an der 48.Minutt den 2-0 schéissen! Et waren Chancen op zwou Saiten, Luerentzweiéler haat awer déi méi geféierlech, mee eise Goolkeeper de Marvin huet ee ganz gudden Match gemaach, soss wier de Match schon vill éischter entscheed gewiecht! An der Nospillzait konnt de Paul Wilwerding deen eenzegen Gool fir eis per Eelefmeter schéissen an sou verléieren mir den éischten an eenzegen Match vun der Hironn. Luerentzweiler as Tabellenéischten mat 31 Punkten, mir hun 30 Punkten an Tabellendrëtten as Biwer mat 24 Punkten!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Paul Wilwerding (1x)


Samschdes, de 25. November 2017 um 16:30 Auer zu ELL
SC ELL - Ent. Bissen/Lintgen 3 - 0 FORFAIT

Eis Meedercher gewannen den 9.Championnatsmatch 3-0 Forfait géint d'Entente Bissen/Lëntgen! Domat hun eis Dames II lo Wanterpaus! Just de Match géint d'Entente Gréiwels-Préizerdall/Réiden konnt net gewonn gin, déi aaner 8 Matcher hun eis Meedercher gewonn! Mir iwwerwanteren als Tabellenéischten mat 24 vun 27 méiglechen Punkten!
Sonndes, den 19. November 2017 um 16:00 Auer zu ELL
SC ELL - Jeunesse Gilsdorf 2 - 2

Mir trennen eis mam Fc Jeunesse Gilsdrëf 2-2! Iwwer 90 Minutten haaten mir de Match am Grëff, allerdings konnt Gilsdrëf mat 1-0 a Féierung goen! Nom 1-1 vum Rodrigue konnten mir de Match suguer dréinen an mat 2-1 a Féierung goen, allerdings konnt Gildrëf ausglaichen! Och an de 6 Minutten Nospillzait (déi berechtegt waren) konnten mir net méi treffen!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Rodrigue Volckaerts (1x)
Alain Thunus (1x)
An der Annexe fann dir d'Resultater vum 11.Spilldaach!
Sonndes, den 19. November 2017 um 09:30 Auer zu ELL
SC ELL III - CS Fola Esch 4 - 2

Eis Jeunes Filles III gewannen den 8.Championnatsmatch mat 4-2 géint d'Fola Esch!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Jenna Djarmouni (2x)
Zoé Ribeiro (2x)
Sonndes, den 19. November 2017 um 11:00 Auer zu ELL
SC ELL II - Alisontia Steinsel 1 - 9

Eis Jeunes Filles II verléieren den 8.Championnatsmatch mat 1-9 géint den Fc Alisontia Steesel!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Tatiana Oliveira (1x)
Sonndes, den 19. November 2017 um 11:00 Auer zu Uewerkuer (Stade Jaminet Oberkorn)
Ent. Differdange/Luna - SC ELL I 2 - 2

Eis Jeunes Filles I an d'Entente Déifferdéng/Luna trennen sech am 8.Championnatsmatch 2-2!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Valentina Delhaye (1x)
Vania Nogueira Marques (1x)
Samschdes, den 18. November 2017 um 18:30 Auer zu Mensdorf (t. synth.)
Syra Mensdorf - SC ELL 1 - 4

Eis Männer gewannen den 10.Championnatsmatch mat 4-1 géint den Fc Syra Mensdorf! Mir konnten fréi den 1-0 schéissen, allerdings konnt Menster an der 17.Minutt duerch een Eelefmeter ausglaichen! Mat deem Resultat as et och an d'Paus gaang! No der Paus konnten mir de Match awer relativ séier entscheeden an gewannen um Enn verdingt mat 4-1! De Joe verwandelt een 11-Meter, den André an den Tim suergen fir d'Entscheedung! Domat hun mir 10 vun 10 Matcher gewonn, an stin mat 30 Punkten alleng un der Tabellenspëtzt, 2 Punkten virun eisem Géigner vun nächsten Freiden, den Fc Luerenzweiler!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Thierry Kemmer (1x)
Joe Calmes (1x)
André Graf (1x)
Tim Miller (1x)
