News
Samschdes, den 2. Dezember 2017 um 11:00 Auer zu Gréiwemaacher (t. synth.)
Ent. Wormeldange - SC ELL I 0 - 6

Eis Jeunes Filles I gewannen den 10.Championnatsmatch mat 6-0 géint d'Entente Wuermer!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Sandra Alves Dias (2x)
Vania Nogueira (1x)
Tatiana Araujo (1x)
Jenna Djarmouni (1x)
Lucie Malvaux (1x)
Freides, den 1. Dezember 2017 um 20:00 Auer zu Steeën (t. synth.)
Fc Blo-Waiss Medernach - SC ELL 4 - 1

Eis Männer verléieren an der 1/8-Finale vun der Coupe des Seniors Réserves géint den Fc Blo-Waiss Medernach mat 1-4! An der Paus stung et 1-1, mir konnten an der 16.Minutt duerch den André mat 1-0 a Féierung goen, mee leider sollt et net duergoen an mir fléien géint ee Géigner deen eng Divisioun mi héisch spillt, raus!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
André Graf (1x)
11. Wanterlaf - Sonndes, den 7. Januar 2018

De Wanterlaf geet zu Réiden beim Atertlycée fort. Hei ginn ët dëst Joer 4 Distanzen (Parcours) déi een kann laafen oder walken:
6, 10, 14 oder 19 km ---- Running oder Walking

Den Départ fir de Walking ass Moies um 09:15 Auer an den Départ fir de Running ass Moies um 10:00 Auer. Bei dësem Laaf geet ët op der enger Säit ëmt de Spass an awer haaptsächlich fir ee gudden Zweck. Mam Erléis vum Wanterlaf ginn Télévie an Trisomie21 ënnerstëtzt. Den SC ELL mëcht heimat säin jährlichen sozialen Beitrag an bezillt all Participants, den ënnert dem Numm vum SC ELL walking oder running mëcht, d'Startgeld. Daat lescht Joër huet den SC ELL op dësem Event mat méi wéi 100 Leit deelgeho an iwer 700 € fir ee gudden Zweck ginn. Mir sollen och dëst Joër nees zesummen ee schéinen Sonnden Moien mat Kollegen, Frënn a Famill zu Réiden verbréngen an dofir gëllt och nees ..... mellt Iech un!!!
Och dëst Joër gëtt ët nees den Challenge vun der gréisster Equipe bei den Virumeldungen organiséiert. No de Joren 2011 (87), 2012 (104), 2015 (151) an 2016 (111) war den SC ELL mat de meechten Particpantën de Gewënner vun dësem Challenge, 2013 an 2014 ware mir déi Drëtt an dësem Ranking mat 96 respektiv 92 Leit.....an ët ginn jo och 18 Fläschen Schampes dofir!!! :-)
Fir dësen Laf, wiere mir frou wann dir Iech bis spéitstens Samsdes, den 23. Dezember 2017 géift umellen beim Mandy Antony um 621 385 327 oder per email: mandy.
Kuckt och ënner: http://www.4runner.lu/wanterlaf.htm
Wéi gesoot, dir kannt och aer Kollegen a Famillienmemberen mat umellen, och wann sie keng Lizenz am Fussball hunn. Vill Leit hunn eng Memberskaart an nach aner vill Leit ënnerstëtzen eis och sou am Laaf vum Joër. Heimat ginn mir als SC ELL ee klénge Geste zeréck.
!!! Ze soën bleiwt: All Spiller a Spillerin vum SC ELL muss um Wanterlaf derbei sinn, ob laafen oder walken.

Sonndes, de 26. November 2017 um 16:00 Auer zu Schieren
Jeunesse Schieren - SC ELL 3 - 2
Eis Männer verléieren den 12.Championnatsmatch mat 2-3 géint den Tabellenéischten Fc Jeunesse Schieren. Schieren konnt direkt an der 2.Minutt den 1-0 schéissen an war och déi besser Equipe. Mir sin besser an de Match komm an konnten an der 20.Minutt duerch de Joe Frisch ausglaichen. An der 39.Minutt konnt den Thierry B. suguer den 2-1 fir eis Faarwen schéissen, allerdings war d'Freed net vu laanger Dauer well Schieren an der leschter Minutt vun der éischter Halschent nach den 2-2 schéissen konnt. Mat deem Resultat as et och an d'Paus gaang! De Start vun der zweeter Halschent war quasi identesch mat där éischter Halschent, Schieren konnt no nemmen 2 Minutten den 3-2 schéissen. Mir hun probéiert dat bescht draus ze maachen, hun den André fir den Thierry B. an de Match bruecht, mee leider konnten mir den 3-3 net schéissen an sou verléieren mir den drëtte Match fir des Saison mat 2-3 beim Fc Jeunesse Schieren. Lo hun mir schon 10 Punkten Réckstand op den Tabellenéischten, 7 op den Zweeten Useldéng a 6 op den Drëtten an nächsten Géigner Berdrëff/Consdrëff!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Joe Frisch (1x)
Thierry Brosius (1x)
Sonndes, de 26. November 2017 um 11:00 Auer zu Mamer
Fc Mamer 32 - SC ELL III 3 - 5

Eis Jeunes Filles III gewannen den 9.Championnatsmatch mat 5-3 géint den Fc Mamer 32!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Jenna Djarmouni (3x)
Adelisa Rastoder (2x)
Sonndes, de 26. November 2017 um 11:00 Auer zu Wënger
Ent. Wincrange - SC ELL II 4 - 0

Eis Jeunes Filles II verléieren den 9.Championnatsmatch mat 0-4 géint Wëntger!
Samschdes, de 25. November 2017 um 19:00 Auer zu ELL
SC ELL - Ent. Lintgen/Bissen 7 - 0

Eis Meedercher gewannen den 10.Championnatsmatch verdingt mat 7-0 géint den Tabellenleschten Entente Lëntgen/Bissen. Dee ganzen Match duerch hun mir dominéiert an haalen 3 ganz wichteg Punkten zu ELL!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Kate Thill (4x)
Logane Wegnez (2x)
Hanna Thill (1x)
Samschdes, de 25. November 2017 um 11:00 Auer zu ELL
SC ELL I - RFCU Lëtzebuerg 2 - 0

Eis Jeunes Filles I gewannen den 9.Championnatsmatch mat 2-0 géint den RFCU Lëtzebuerg!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Tatiana Araujo (1x)
Andreia Faria Dos Santos (1x)
