News
Sonndes, den 10. Dezember 2017 um 11:00 Auer zu ELL
SC ELL II - Blo-Waiss Itzig REMIS

De Championnatsmatch géint den Fc Blo-Waiss Itzeg huet wéinst de Wiederkonditiounen eng zweete Kéier missten ofgesot gin! De Match gëtt lo am Joër 2018 nogespillt!
Samschdes, den 9. Dezember 2017 um 19:00 Auer zu ELL
SC ELL - Ent. Wormeldange REMIS

Den Nohuelmatch vun eisen Dammen konnt de Weekend leider rem net gespillt gin! D'Wieder huet eng zweete Kéier ee Strich duerch d'Rechnung gemaach! Souwuel dee hei Championnatsmatch wéi och de Coupe-Match géint den Fc Sporting Bartréng gëtt am Joër 2018 nogespillt!
Freides, den 8. Dezember 2017 um 20:00 Auer zu ELL
SC ELL - US Reisdorf 1 - 0

Eis Männer gewannen den Nohuelmatch mat 1-0 géint den Tabellenleschten Us Reisduerf! Et war kee gudden Match an mir hu laang gebraucht bis mir de Gool fonnt hun! Kuerz viru Schluss, an der 86.Minutt konnt den André eis erléisen an mir gewannen dee leschten Match vun der Hironn mat 1-0! Haaptsaach 3 Punkten, dat as dat wat zielt!
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
André Graf (1x)
Samschdes, den 9. Dezember 2017 um 19:00 Auer zu Bartréng
Fc Sporting Bartréng - SC ELL REMIS
De Coupe-Match vun eisen Dammen gëtt net wéi gewinnt den 9. Dezember 2017 gespillt, mee réicht am Joër 2018! Duerch déi schlecht Wiederkonditiounen leschten Weekend, as de Programm geännert gin an amplaatz vun der Coupe, gëtt de leschten Championnatsmatch den 9. Dezember nogeholl!
Sonndes, den 3. Dezember 2017 um 16:00 Auer zu ELL
SC ELL - Us Berdorf/Consdorf 01 REMIS

D'FLF huet alleguer d'Matcher fir de Weekend wéinst dem Wieder ofgesot! De Championnatsmatch géint d'Us Berdrëff/Consdrëff muss also nogespillt gin! De Match gëtt réicht am Joër 2018 nogespillt!
Sonndes, den 3. Dezember 2017 um 11:00 Auer zu ELL
SC ELL II - Blo-Waiss Itzig REMIS

D'FLF huet alleguer d'Matcher wéinst dem Wieder ofgesot! De Match vun eise Jeunes Filles géint den Fc Blo-Waiss Itzeg muss also nogespillt gin! De Match gëtt e Sonnden den 10. Dezember um 11:00 Auer zu ELL nogespillt!
Sonndes, den 3. Dezember 2017 um 09:30 Auer zu ELL
SC ELL III - SC Bettembourg 3 - 0 FORFAIT

Eis Jeunes Filles III gewannen den 10.Championnatsmatch Forfait 3-0 géint de Sporting Club Beetebuerg!
Samschdes, den 2. Dezember 2017 um 19:00 Auer zu ELL
SC ELL - Ent. Wormeldange REMIS

D'FLF huet d'Matcher wéinst dem Wieder ofgesot! De Match géint d'Entente Wuermer/Mënsbech/CSG muss also nogespillt gin! De Match gëtt den 9. Dezember 2017 um 19:00 Auer zu ELL gespillt!
